10 Joer déi Lénk - Réckbléck vum Marc Baum
1999 waren mer zu Lëtzebuerg no 15 Joër CSV-LSAP-Regierung an enger Situatioun, wou den Sozialstaat ähnlech wéi an eisen Nopeschlänner lues a lues demanteléiert ginn war. An dat mat genau deenen klasseschen neoliberalen Rezepter, déi op baal der ganzer Welt ugewannt goufen:
- Privatiséierung vun funktionéierden Staatsbetrieber,
- Erofsetzen vun den Steieren op Bënëfisser a Räichtum
- d’sozial Versécherungen an d’Aarbechtsrecht sinn ausgehielegt ginn,
- Massenoarbéchtslosegkeet ass zum Alldag ginn, an
- d’Schéier tëschent aarm a räich ass ëmmer méi wäit auseneen gaangen.
déi Lénk ass 1999 gegrënnt ginn als Zesummeschloss vun verschiddenen politeschen Organisatiounen, Stréimungen an Eenzelpersounen lénks vun der Sozialdemokratie, mam Ziel, der kapitalistescher „Pensée unique“ d’Stir ze bidden, an deenen gesellschaftlechen Kräften eng Struktur ze ginn, fir déi d’Iwwerwannen vum Kapitalismus keen Selbszweck ass, mä Mëttel zum Zweck ass vun enger fräier, demokratescher, gläichberegter a sozialer Gesellschaft.
déi Lénk huet sech vun Ufank un, ni als klassesch Partei gesinn, mä als unitär Beweegung an deenen ënnerschiddlech antikapitalistësch Sensibilitéiten hir Plaatz fannen konnten.
Déi éischt Echeance an domatter och dat éischten Ziel virun 10 Joër war sécherlech den Anzuch an d’Chamber, deen och direkt gegléckt ass. D’Resultat vun de Walen 1999 huet bedeit, datt et erëm eng parlamentaresch lénk Oppositioun ginn ass. Et huet awer och geheescht, datt d’LSAP aus der Regierung erausgeflunn ass an déi Liberal Plaatz vun den Sozialdemokraten nieft den Konservativen an der Regierung ageholl hunn.
Kuerz drop waren Gemengewalen an déi Lénk hunn et och do gepackt an d’Gemengeréit vun den gréissten Stied anzezéien. Duerch eng lokalpolitësch Kris bei LSAP an CSV ass et am Joer2000 hei zu Esch zu Neiwalen komm an déi Lénk kruuten 13% vun de Stëmmen. Den éischtgewielten op der Lescht, den Änder Hoffmann, kruut méi perséinlëch Stëmmen wéi d’Spëtzekandidaten vun LSAP an CSV, hie gouf quasi plebiszitär gewielt. Déi Lénk ass no laangen a zéien Verhandlungen enger Lénkskoalitiounaus LSAP an de Gréngen bäigetrueden. Bis 2005 sinn eng ganz Rëtsch fortschrëttlech Initiativen, notamment am Sozialberäich, fir deen déi Lénk zoustänneg war, geholl ginn. Et kann a muss een sech awer och selbstkritesch froen, ob mer net hätten kéinten nach méi an nach aner politeschZeechen setzen. Mee och an enger Koalitioun ass dat eng Fro politeschem Gewiicht.
déi Lénk huet awer vun Ufank un ëmmer nees erëm ënnerstrach, datt déi parlamentaresch Aarbecht jhust een Volet vum politeschen Engagement ass. D’ Zesummeschaffen mat den Acteuren aus der Zivilgesellschaft gehéiert grad esou dozou ewéi d’gesellschaftlech Sensibiliséierung an Mobiliséierung zu brisanten politeschen Themen. Dat heescht also, datt et an politescher Aarbecht vun der Lénker vun Ufank un en staark ausgeprägten ausserparlamentarëscht Aktiounsfeld ginn ass.
Et war eben net nëmmen an der Chamber, wou déi Lénk sëch zu Wuert gemellt huet, wann Flüchtlinge ausgewisen gi sinn, de Spëtzeldéngscht ausgebaut ginn an Anti-Terrorgesetzer votéiert goufen, déi d’Fräiheeten vun den Bierger beschnidden hunn. Nee, et war och an grad an politeschen Aktiounen, um Terrain, wou d’Memberen vun der Lénker sech agesat a manifestéiert hunn. Aktiounen, déi deelweis zu direkten Ausenanersetzungen mat der Police gefouert hunn.
Wéi sech am Hierscht 2002 d’Gefor vun enger amerikanescher Invasioun am Irak kristalliséiert huet, waren ët Lénker, déi an den Friddensinitiativen mobiliséiert hunn an et en halleft Joer drop fäerdeg bruecht hunn, mat 60 aneren Organisatiounen eng Massendemonstratioun op d’Been ze stellen, un daer ronn 15.000 Mënschen bedeelegt waren. Dëst ass et an därForm nach net zu Lëtzebuerg ginn. An et war notamment deen Drock vun der Strooss, deen d’Regierung Juncker dozou forcéiert huet, Foarw ze bekennen an sëch vun dësem sënnlosen an onmënschlechen awer virun allem völkerrechtswidregen Krich ze distanzéieren.
Awer och an der Chamber huet déi Lénk hiir Oppositiounsoarbécht konsequent bedriwwen an ët woar de Serge Urbany, deen als eenzegen Députéierten géint d’Titrisatioun vun engem Deel vun den Rentereserven votéiert huet. Haut wëll abemool keen méi eppes wëssen dovunner, wéi 2004 mat Suën, déi Salariéën an d’Rentekees abezuelt hunn, un der Bourse spekuléiert ginn ass. Och waat d’Spekulatioun un der Bourse vun engem Deel vun de Rentefonds ugeet, stoungen mer deemools aleng. An d’Resultat kennen mer : kuerz nom Ausbroch vun der Finanzkris loung de Verloscht bei 67 Milliounen €. Suën, déi der Allgemengheet gehéieren an déi einfach am Casino verspillt gi sinn.
An et war och de Serge Urbany, deen op der Télé kuerz virun den Walen 2004 den Jean-Claude Juncker, dozou bruecht huet, Stellung zur Bolkestein-Direktive ze huelen, an him déi verréiderësch Ausso ofgerongen huet, datt: „soulaang hien – JCJ - eppes ze soënhätt, géif dës Direktiv an d’Poubelle fléien“. D’Wourecht kenne mer: d’Regierung haat schon virdrunnfir dëse Prinzip votéiert. An ochwann déi Direktiv duerch den massiven Drock vun der Ëffentlechkeet an notamment vun den Gewerkschaften ni 1-1 konnt ëmgesaat ginn, esou hunn déi rezent Urteeler vum EGH (Rüffert, Laval a Viking) bewisen, datt d’Aushielegen vum Aarbechtsrecht schon eng laang décidéiert Saach ass. Dem Sozialdumping an dem Nivellement vers le bas vun sozialen Mindestnormen sinn domatter d’Dieren grouss opgemeet.
D’ „concurrence libre et non faussée“ – dëse Mantra vum Neoliberalismus -, deen iwwersat näischt aaneschbedeit, ewéi datt den Mënsch zum Mënsch sengem Feind gëtt... dëse Prinzip hunn mer léieren mussen, ass schon laang en festen Bestanddeel vun enger europäescher Unioun, fir déi d’Profiter vun den Betriber an d’Dividenden vun den Aktionären méi wäert sinn ewéi en dezent a mënschewierdegt Liewen vun de Bierger.
Awer och déi Lénk huet erkannt, datt fir dem internationalen Neoliberalismus entgéintzetrieden, ët och eng international Vernetzung vun allen lénken Parteien, Organisatiounen a Gewerkschaften muss ginn. Déi Lénk huet sëch doweinst denen zwou groussen antikapitalistëschen europäeschen Organisatiounen ugeschloss, déi am Moment versichen, den Widderstand géint déi herrschend Doktrin politesch ze organiséieren: nämlëch d’Europäësch Lénkspartei an d’gauche anticapitaliste européenne. Ët kann haut nëmmen déi grenziwwerschreidend an solidaresch Zesummenaarbecht vun allen fortschrëttlechen Kräften sinn, déi eng wierklech a fundamental Verännerung bréngen kann.
déi Lénk war an hiren éischten Joeren esouwuel an den sozialen Beweegungen aktiv, ewéi awer och an der Chamber an an de Gemengen. Op allen Niveauen hunn mer versicht, den Widderstand ze mobiliséieren an ze bündelen. An haut wëssen virun allem, ewéi batter eng Lénk Stëmm an deenen leschten 5 Joer an der Chamber gefehlt huet.
Am Virfeld vun den Walen 2004 huet nämlech eng politesch Organisatioun, déi zur Lénker gehéiert huet, eis de Réck gekéiert an ass mat eegen Lëschten bei den National- an Europawalen ugetrueden. Dëst huet eis unitär Bewegung empfindlech geschwächt. Zwar hatdéi Lénk nach ëmmer méi ewéi duebel esouvill Stëmmen wéi d’KPL, mä et ass net méi duergaangen fir den Anzuch an d’Chamber. Ech wëll hei kuerz op dës Ofspaltung agoën, well se grad fir mech als een vun der jonker Generatioun zu kéngem Moment novollzéibar waran och bis haut nach net ginn ass.
Et sinn nämlech kéng gréisser politesch Differenzen ginn, déi zu dëser Spaltung gefouert hunn, mä ët war ën internt Muechtspill a politëscht Kalkül, dat d’KP dozou verulasst huet, dës pluralistesch Bewegung ze verloossen, mam eenzegen an veruechtenswerten Ziel, herno als eenzeg an straff strukturéiert Organisatioun ze iwwerliewen. Dës Zäit gehéiert sécher zu den battersten Kapitelen vun der Lénker, well et fir all déi Leit, déi vill Hoffnungen an eis gesat hunn eng grouss - an leider novollzéibar - Enttäuschung war. Déi Lénk huet an de leschte Joeren méi wéi eng Kéier probéiert, den Kontakt mat der KP ze opzehuelen. Dës Gesprëchsofferten sinn awer vun der KP-Féierung konsequent ignoréiert ginn.
D’Tatsaach awer, datt mer elo hei stinn, ass en Zeechen duerfir, datt dëst Spill net opgaangen ass. An d’Tatsaach, datt déi berechtegt Aussiicht méi staark ewéi virun 10 Joer an d’Chamber anzezéien, ass en Zeechen, datt dëst Kalkül och an Zukunft net opgoën wäert an et sollt den Responsabelen vun der Spaltung ze denken ginn.
Eenzegen Notznéisser vun der Situatioun war d’LSAP, déi 2004 erëm an d’Regierung koum.
Mee natierlech war d’Enttäuschung och bei den Militanten vun der Lénker grouss: ouni parlamentaresch Vertriedung, ouni professionellt Sekretariat, ouni subventionéiert Presseorgan a mat engem Saack voll Scholden um Bockel weider déi politesch Aarbecht ze maachen, huet schwiereg erschéngt. Mee mer hunn de Kapp net an de Sand gestach, mä hunn eis eben just op déi Qualitéiten an Erfahrungen vun der ausserparlamentarëscher Oppositioun gestéibt, déi mer an deenen leschten Joeren gesammelt haten.
Fir d’éischt huet et gegollt goosch.lu, eis Gratis-Internet-Zeitung ze stabiliséieren an auszebauen. An ët ass effektiv gelongen, an deenen leschten 5 Joerall Woch eng Nummer erauszebréngen. An dat ouni Permanent! mä just op der Grondlag vum fräiwëllegen Engagement vun den Memberen.
An ëch mengen, datt een esouwäit goën kann ze soën, datt goosch.lu ët gepackt zu engem unerkannten alternativen Medium an der lëtzebuergescher Presselandschaft ze ginn, wat Woch fir Woch kritesch Informatiounen an Analysen liwwert, déi een an kéngem anerer Pressemedium liest.
Et blouf awer och net vill Zäit der Vergaangenheet hannernozetraueren well e knapps Joer no de Wale stoung schons daat nächst grousst Evenement op der Agenda: den Referendum iwwert den Verfassungstraité. Et war fir déi Lénk kloer, datt mer all eis Moyen missten asetzen, fir géint dësen neoliberalen, onsozialen an ondemokrateschen Traité ze mobiliséieren. An déi Lénk hunn sëch engagéiert am Comité pour le Non an den kritischën Jugendorganisatiounen. An och wann mer ët nët faerdeg bruecht hunn, den Referendum ze gewannen, esou ass zu Lëtzebuerg dach en Äerdrutsch an der politescher Landschaft geschitt: haat den „Neen“ nach 4 Méint virum Referendum mol nët 20% Prozent, esou war d’Resultat herno dach denkbar knapp: 44% Neen, géint 56% Jo, an dat wéi gesot ouni wierklech finanziell Moyen’en a géint en staatlechen finanzéierten Propaganda-apparat an Milliounenhéicht... De Verfassungsvertraaggouf souwuel vun der CSV, der DP, dem ADR, awer och an ouni signifikativ Dissidenzvun der LSAP an och den Gréngen ënnerstëtzt. Symptomatesch duerfir woar d’Haltung vum LSAP-President Alex Bodry, deen no der Ukënnegung vun engem Meeting mam franséischen sozialisteschen Verfassungsgéigner Henri Emmanuelli, beim franséischen PS intervenéiert ass.
D’Konsequenzen fier d’representativ Demokratie waren awer nach méi schlëmm. Beim Vote an der Chamber hunn 59 vun 60 Députéierten fir den Verfaassungsvertraag gestëmmt. Nach ni virdrun war de Gruef tëschent dem Vollek a sengen sougenannten Vertrieder esou grouss wéi dësem Vote. En groussen Deel vun der Populatioun war einfach net méi an der Chamber vertrueden.
En aneren politeschen Schnéiball, deen déi Lénk am Wanter 2006/2007 lancéiert huet an aus där eng Lawin ginn ass, war den „ominéisen“ Gesetzesprojet 5611, deen eng weider Verschlechterung vun den Konditiounen vun Aarbechtsloser an besonnesch vun jonken Leit duergestallt huet, déi frësch op den Aarbechtsmaart kommen. Déi Lénk informéieren, mobiliséieren an entstanen ass eng Jugendbewegung, wou Dausenden vun Schüler an Studenten op d’Strooss gaangen sinn an sech fir hir sozial Rechter agesat hunn. Et war déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg, datt Schüler a Studenten wéinst enger explizit sozialpolitescher Fro massiv op d’Stroossen gaangen sinn an d’Regierung dozou bruecht hunn, wichteg Elementer aus dem Gesetzesprojet ëmzeänneren.
Dëst sinn nëmmen zwee Beispiller, déi ënnersträichen, datt déi Lénk och als ausserparlamentarësch Kraaft direkt an d’politësch Aktualitéit agegraff a gewierkt huet.
Vun 2004 bis elo, ass ët alt erëm d’LSAP, déi mat an der Regierung ass an déi den Wee vum Ofbau vun soziale Rechter weidergeet, deen se schonns an deenen Regierungen virdrun matgedroen huet. Am kloersten an däitlechsten war dat dëst Legislatur bei der Manipulatioun vum Index. Deen Index, deen jo näischt aanescht duerstellt wéi d’automatesch Upassung vun den Léin a Gehälter un d’Inflatioun.
D’Aussetzen vun den Indextranchen, déi ënnert fadenscheinegen an falschen Argumenten duerchgesat gouf, bedeit konkret den automateschen Verloscht u Kafkraaft.
D’Indexmanipulatioun ass e Cadeau un d’Patronat. An der Period vun 2007 bis 2009 huet domatter all Salarié iwwert d’halschent vum Loun vun engem Mount sengem Patron schenken mussen, an daat ouni Géigeleeschtung vum Patron.
Mer wëssen haut méi wéi je, datt et genau dës Politik vun der Ëmverdeelung vum Räichtum vun ënnen no uewen ass, déi mat een vun Haaptausléiser vun der aktueller Kris ass. D’Tatsaach, datt d’Benefisser vun de Betriber an deene leschten Joërzéngter iwwerproportional méi geklommen sinn ewéi d’Léin, huet dozou gefouert, datt ëmmer méi Kapital fräi zirkuléiert ass. Dëst Kapital ass am Géigenzuch awer net méi produktiv an d’Realéconomie investéiert ginn. Entstanen ass eng Finanzbloos, déi zu der Kris gefouert hunn, déi mer am Moment erliewen. Eng Kris, ënnert där alt erëm, déi am meeschten leiden, déi am mannsten dorunner Schold sinn: d’Salariéen.
D’Situatioun, an daer mer haut stiechen no Jorzéngten vun Dereguléierungen a Privatiséierungen, ass dramatesch: doduerch datt d’Steieren fir d’Betriber an déi Räich ëmmer weider erofgesat goufen, huet sech engersäits den gesellschaftlechen Räichtum an den Hänn vun e puer Wéinegen konzentréiert. An anerersäits fehlen dem Staat doduerch d’finanziell Mëttelen fir eng aktiv Sozial- a Beschäftegungspolitik ze bedreiwen.
Mär sinn haut zu Lëtzebuerg, wat jo een vun deenen räichsten Länner vun der Welt ass, mat enger Rekordoarbéchtslosegkeet konfrontéiert. An mëttlerweil sinn an dësem räichen Lëtzebuerg 14% vun der Populatioun dem Oarmutsrisiko ausgesaat an d’Tendenz klemmt. Prekär Liewensverhältnisser sinn fir vill Leit zum trauregen Alldag ginn...
Duerfir brauchen méi wéi je virdrun en radikalen Politikwiessel. D’Weltwiertschaftskriis huet d’Drénglechkeet vun dëser Situatioun weider zougespëtzt a mär kënnen se just dann meeschteren, wann mer ët fäerdeg bréngen, eng sozial äntwert op d’Kris ze fannen.
Wéi esou éischt Äntwerten ausgesinn kënnen, huet déi Lénk an hiren Programmer entwéckelt:
- fir d’éischt emol muss den gesetzleche Mindestloun nees iwwert der offizieller Oarmutsgrenz leien. Et kann net sinn, datt esouguer wann een Vollzäit schafft an den Mindestloun verdéngt, een nawell dem Oarmutsrisiko ausgesat ass. Duerfir wëll déi Lénk de Mindestloun ëm 300€ erhéijen.
- Den Index muss erëm integral hiirgestallt ginn, fir ze garantéieren, datt ët duerch d’Inflatioun net zu engem Verloscht vu Kafkraaft kënnt.
- Amplaz den Service public oafzebauen an Betriber ze privatiséieren brauchen mer en Beschäftegungsprogramm –och a graad am ëffentlechen Secteur, notamment am Bildungs- a Sozialberäich.
- Nach ëmmer sinn zu Lëtzebuerg d’Wunnengspräisser onerschwénglëch héich. Duerfir steet déi Lénk fir en öffenlëchen Wunnengsbauprogramm, mat 2000 zousätzlechen Wunnengen pro Joer, deen grad an der Kris Aarbechtsplazen schaaft.
- Et däerfen kéng Entloossungen an profitabelen Betriber ginn. Bsp.: Arcelor-Mittal
- A mer brauchen dringend Investissementer an d’ökologesch Nohaltegkeet an an den sënnvollen Ëmgang mat eisen natierlechen Ressourcen.
Dëst sinn e puer zentral Elementer vun enger lénker Politik, déi ët politesch ëmzesetzen gelt.
Mer sinn haut an enger spezieller historescher Situatioun: engersäits ass den Wirtschaftsmodell, deen eis an deenen leschten Joërzéngter regéiert huet, an deen eis zënter dem Fall vun der Mauer als deen eenzeg funktionellen presentéiert gouf, komplett gescheitert. Mär sinn matzen an enger Weltwirtschaftskriis, där hir wierklech Auswierkungen mer eréischt an deenen nächsten Méint ofschätzen kënnen.
Op der anerer Säit sinn nach ëmmer déi Leit un der Muecht, déi eis an dës Situatioun bruecht hunn. Nom Scheiteren vun der autoritärer Planwiertschaft, gesinn mer elo virun eisen Oaën déi komplett Délegitiméierung vum Kapitalismus.
Dat wat dësen Moment esou wichteg an entscheedend mécht, ass d’Tatsaach, datt sech d’Mënschen op der ganzer Welt erëm déi fundamental Froën stellen, ewéi een eng oppen, fräi, solidaresch a sozial Gesellschaft schaafen kann. Dëst sinn déi klassesch Froen mat deenen sëch d’politësch Lénk zënter annerhalwem Joerhonnert befaasst. Mee mer mussen awer och feststellen, datt sëch souwuel d’Sozialdemokratie ewéi och déi Gréng majoritär dem kapitalisteschen Modell ënnerworf hunn. Si sinn queesch duerch Europa net kapabel oder och net méi wëllens Alternativen zu der mäerderescher Ideologie vum Wirtschaftsliberalismus ze entwéckelen, a schon guer net ëmzesetzen. Dëse Phänomen gëtt ëmmer méi evident, an vill Memberen vun dësen zwou Parteien, dréinen hiren Organisatiounen aus deenen Grënn de Réck.
Ech mengen, datt d’Grënnung vun der Lénker virun 10 Joer en éischte Schrëtt war, fir déi kritesch Kräften ze bündelen an am Respekt vun den Tendenzen a Stréimungen, eng unitär Aktiounsbasis ze kreéieren.
Et ass un eis alleguerten, fir de politesche Widderstand géint d’Logik vum maximalen Bënëfiss ze organiséieren. E Wee dohinner ass, déi Lénk ze stäerken an duerfir ze suergen, datt déi Lénk Stëmm erëm haart an der Chamber ze héieren ass.