Den David Wagner iwwer de Bilan vun der Kooperatiounspolitik

Här President,

D’Kooperatiounsdebatt an dësem Plenum zeechent sech duerch 2 Saachen aus. Éischtens gëtt se, leider, vun der Ëffentlechkeet net ëmmer esou wouergeholl wéi sech dat gehéiere géif.

Dat ass schlecht, well et geet hei net nëmmen em « Kooperatioun », mee em d’Verhältnes tëscht Nord a Süd, tëscht Räich an Aarm, tëscht Selwerbestëmmung an Ofhängegkeet. Do gëtt sech decidéiert tëscht Honger oder Wuelstand, tëscht Krich oder Fridden, tëscht seng Famill a säi verloossen oder do bleiwen wou een am léifsten ass.

Zweetens gëtt sech räichlech op d’Schëller geklappt. Ëmmerhin wiere mir d’Champion’en vun der Entwécklungshëllef, wéinst eisem berühmt-berüchtegten 1% vum PIB. Mee dat ass eng Façade. An ech wäert versichen iech dat ze demonstréieren.

Viru kuerzem hu mir eis hei mam Cercle des ONG iwwert d’Kohärenz vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik ausgetosch.

Dës Entrevue war schonn intressant. Engersäits lueft déi offiziell Politik den Asaz vun den ONG’en, sou wéi et sech gehéiert, anerersäits hunn d’ONG’en d’Kohärenz vun der  d’Entwécklungspolitik vu Lëtzebuerg prinzipiell a Fro gestallt.

All Joer gëtt vill iwwert d’Kohärenz geschwat. D’Resultater vun dësen Diskussiounen sinn awer ëmmer ganz schwaach. Dat huet vläit domadder ze dinn, datt déiselwecht déi fir d’Entwécklungspolitik zoustänneg sinn, dës Politik duerno och selwer bewäerten.

Handlungsméiglechkeeten sinn do : am Fréijoer huet de Cercle dem Comité interministériel pour la Coopération au Développement eng Lëscht vu Multinationalen ginn, wou de FDC dran investéiert, déi awer u Mënscherechtsverletzunge bedeelegt sinn.

Ech kann iech och Nimm soen vun Multi’en déi den FDC ënnerstëtzt, ech hunn hei en Dokument… Den Här Minister weess dat, mee d’Ëffentlechkeet net.

En éischt Beispill wier Vale. Vale ass e brasilianesche Multi, déi weltwäit 2.gréissten Biergbau-Gesellschaft. Vale ass awer net ganz bekannt.

Dee Multi krut 2012 den Präis vun Public Eye People’s Award, deen all Joers déi Gesellschaft kritt, déi d’Mënscherechter am meeschten mat de Féiss trëppelt.

Beispill : Am Mozambique hunn se 1.360 Familljen deplacéiert, déi duerno un Honger gelidden hunn. An Argentinien hunn se e Flossbecken verpescht wouvunner 25.000 Leit gelieft hunn. An der Xingu-Regioun a Brasilien, am Amazonas, wëllen se en Damm bauen a hu schonn Dausenden vun Indigenen verdriwwen.

Dat ënnerstëtze mir. Dat wësst Dir. An et ass näischt geschitt.

En anert Beispill ? Arch Coal. Arch Coal ass den 2.gréissten amerikaneschen Kueleproduzent. Déi hunn eng Technik fir d’Spëtzt vu Bierger an d’Loft ze joen wou duerno Partikelen vu Kadmium, Selenium an Arsen sech an d’Grondwaasser infiltréieren.

D’Leit déi do an der Géigend liewen mobiliséieren sech well se villen Krankheeten exposéiert sinn, e.a. dem Kriibs. Arch Coal huet och an den Appalachen 5.000 km2 Bëscher ofgeholzt.

Dat ënnerstëtze mir. Dat ass gewosst. Et ass näischt ënnerholl ginn.

Areva : de franséischen Atomproduzent. An 2 Deeg hu mer Klimadebatt. Mir produzéieren keng Atomenergie, mir finanzéiere se just.

Areva ass präsent am Niger, en Zielland vun der lëtzebuerger Kooperatioun. A wat mécht Areva am Niger ? Do gëtt den Uran erausgeholl. Den Niger ass en immens kompetitivt Land, pardon, et ass e Land wou d’Aarbechter ganz wéineg Rechter hunn.

An den Stied vun Arlit an Akokan sinn déi international Limiten vun Radioaktivitéit vum Waasser, vun der Loft a vum Buedem total iwwerschratt. Employé’en kréie Kriibs, Frankräich huet sech souguer eng Kéier missen entschëllegen – ëmmerhin ! Ech kéint nach weiderfueren.

Dat ënnerstëtze. Dat ass gewosst. An et ass näischt geschitt.

Et ginn nach aner fantastesch Entreprisen déi de FDC finanzéiert : Monsanto, Nestlé, Shell – dir wësst jo wat fir eng grujeleg Roll Shell am Nigeria spillt. An esou weider an esou virun.

D’Regierung krut dat alles vum Cercle gesot. Puer Méint drop, am Juni, schreift den Comité interministériel pour la coopération au développement en Avis dozou. Ech zitéieren : (xxx)

Meng Fro un den Sozial- an Entwécklungsminister : zitt den FDC dës Investitiounen zréck oder wëllt en weiderhin Mënscherechtsverletzungen ënnerstëtzen ? Ech erwaarde mer do eng konkret Äntwert. A bei wäitem net nëmmen ech.

Dofir och eise Virschlag :  d’Analyse vun der Kohärenzpolitik vun der Regierung soll vun enger onofhängeger Instanz gemaach ginn an net exklusiv vu Regierungsbeamten. Ech erhoffe mer do eng Äntwert vum Här Minister.

Mee de Kär vum Problem ass deen: soubal Entwécklungshëllef finanziell Intressien beréiert gëtt näischt ënnerholl. Kohärenz gëtt et awer net zum Nulltarif. Domadder musse mir eis auserneesetzen. Soss si mer net kredibel.

EP kann a soll sech net op Aarmutsbekämpfung begrenzen. Si soll dofir suergen datt Aarmut guer net entsteet. Mee fir datt Aarmut an Ofhängegkeet guer net entstinn – well déi ginn Hand an Hand – da muss een d’Fangeren vu gewësse Saachen ewechloossen.

Lo ginn ech iech e ganz konkret Beispill vun enger Politik, déi d’lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt, an déi géint all Form vun Entwécklung vun den Entwécklungslänner geet. Ech wëll vum TTIP vun den Westafrikaner schwätzen, den Accord de Partenariat économique mat den westafrikaneschen Länner, deen d’EU, mam Averständnes vu Lëtzebuerg, den Länner vun der CEDEAO, opdrängt.

D’Ëffentlechkeet hei an Europa an zu Lëtzebuerg muss wëssen wat sech do ofspillt. Da géifen der och méi verstoen firwat esouvill Leit aus Entwécklungslänner hiert d’Land an hir Famill verloosse mussen.

Ech erklären iech elo graff wat dësen Accord u sech huet : dës Länner mussen hir Mäert opmaachen. Net alles – an enger éischter Phase. Si kënnen en Undeel ausklammeren.

Wat si och gemaach hunn, nämlech dee sensibelst Produkter am Agrarberäich. De Revers vun der Medaille ass awer, datt se dofir hir industriell Produkter net konnten ausklammeren an datt hir « industries naissantes » elo direkt der europäescher Konkurrenz ausgesat ginn.

3 Mol dierf der roden wat d’Resultat ass : amplaz datt dës Länner, déi jo net éiweg Agrarlänner bleiwe sollen, hir opkommend Industrie opbauen kennen, notamment fir hir Rohstoffer transforméieren ze kënnen an net méi reng Rohstoffer exportéieren, ginn se schonn direkt vun der europäescher Konkurrenz futti gemaach.

An d’Mesure de sauvegarde am Accord gi bäi wäitem net duer, fir dat ze verhënneren.

Dach, si kennen eng Industrie opbauen, mee wann ech gliwwt mat eiser Industrie.

An enger zweeter Phase sollen dann och eng Liberaliséierung vun den Servicer verhandelt ginn, plus nach esou Themen wéi Propriété intellectuelle, marchés publicsan Investitiounsschutz. Wann et dozou kënnt, da kënnen sech déi europäesch Entreprisen fräi um afrikaneschen Kontinent bedéngen.

Ech hu virdrun gesot datt dës Accord’en ginn de Länner opgedrängt ginn. Dir wäert mir äntwerten « Dat ass dach net wouer, d’Regierungen vun dëse Länner maache jo mat ».

Ech loosse virwech datt een laang iwwert d’Representativitéit vun dësen Regierung kéint schwätzen.

Ech ka leider net an d’Detailer goen, well ech keng Zäit hunn. Graff gesot : Zanter 2003 negociéiert d’EU mat der CEDEAO, der Gemeinschaft vun den westafrikaneschen Länner.

Vun deene Länner (15) sinn der nëmmen 3 déi net als « Pays moins avancés » gëllen : dat ass den Nigeria, Ghana an d’Côte d’Ivoire.

PMA’en däerfen ouni Droit de douane exportéieren. Déi 3 aner Länner sinn domadder konfrontéiert ginn datt wann se keen Accord mat der EU fannen fir hir Economie progressiv ganz op ze maachen, dann verléieren se hiren Zollfräien Accès vum deem hir Landwirtschaftlech Produkter profitéieren, un den europäesche Marché.

Dat impressionéiert den Nigeria net esou, well dat Land haaptsächlech Pëtrol exportéiert, deen souwisou net taxéiert ass. Mee d’Ökonomien vum Ghana a vun der Côte d’Ivoire berouen haaptsächlech op den Export vun Kakao, Kaffi a Friichten, dee Ronn 80% ausmécht.

Wann déi Länner den Accès un den europäesche Maart géifen verléieren, da wier dat eng eenzeg Katastrof fir si an dat huet d’Kommissioun ausgenotzt fir d’ganz Regioun ënner Drock ze setzen.

Si huet Länner a Westafrika virun d’Wiel gestallt, entweder en APE ze ënnerschreiwen oder nozekucken, wéi hire Projet d’intégration régionale, d’CEDEAO, ausernee brécht.

Et ass nach zu weideren Entwécklunge komm, op déi ech elo net zeréckkomme kann aus Zäitmangel, mee dir gesitt ganz kloer datt d’EU mat fiesen Tricken versicht dës Länner ze zwéngen hire Maart opzemaachen.

En plus gëtt d’Regioun gespallt wat eng regional Integratioun vun dëse Mäert  verhënnert.

Fir dëse Länner en Partenariat économique schmackhaft ze maachen, gëtt also eng Drohkuliss opgebaut.

« Wann dir dësen Accord net ënnerschreift, dann musse mer rëm iwwert den Export vun äre Produkter diskutéieren ». Vogel friss oder stirb ! Dat as d’Handelspolitik vun der EU mat den Entwécklungslänner an Afrika. An eis Regierung ënnerstëtzt dat.

Mee et muss een awer och eppes aneschters wëssen : ech hu virdrun gesot datt bis elo d’Landwirtschaft vun dëse Länner ausgeklammert gouf.

Mee den Däiwel stécht am Detail, well et gëtt esou eppes wéi eng « stand-still clause ».

Wat seet déi ? Si seet datt dës Länner weiderhin en Zoll op Agrarimporter kennen ophiewen, mee herno, nom Ofschloss vum Accord, deen Taux net méi dierft eropgesat ginn.

Dat ass awer néideg – an dat ass och eng Fuerderung vun de lokalen Bauereverbänn – wann zum Beispill déi europäesch subventionéiert Agrarprodukter an deene Länner exportéiert ginn, well da kënnen sech déi Länner net méi seriö beschützen.

Dir musst och wëssen datt de Gros vun deene Staate, wéinst der Korruptioun a wéinst mangelnden staatlechen Infrastrukturen, u sech ganz wéineg steierlech Rentrée’en kréien.

Den Zoll ass eng vun den raren Rentrée’en déi eenegermoossen klappt. An déi tëscht 10 an 20 % vun hiren Budget’en ausmaachen. Fällt dat ewech, da maachen se och eng Art Zukunftspak wou an der Santé oder Educatioun oder Sozialsystemer geschnidde gëtt.

Et muss net zu engem Krich kommen fir datt Mënschen gezwonge ginn hiert Land ze verloossen. Economesch Perspektivlosegkeet produzéiert Misärsflüchtlingen, keng Wirtschaftsflüchtlingen.

Wa mir eis bewosst ginn an unerkennen, datt eise Räichtum, historesch gesinn, zum groussen Deel mat der Ausbeutung vun aner Kontinenter an der Kolonialzäit gebonnen ass (dat ass keng Selbstgeisselung, mee batter Realitéit), an dat et elo ënnert aner Formen, déi ech hei exposéiert hunn, weidergeet, da musse mer och konsequent sinn wat d’Flüchtlings- a Migratiounsstréim ugeet.

Wa Leit aus Afrika heihinner kommen fir Aarbecht ze fannen, dann ass et an éischter Linn fir en Deel vun hiren verdéngten Suen zréck an hir Heemecht ze schécken (wou jo Communautéiten sech cotiséiert hunn fir engem de Wee an Europa ze finanzéieren).

Aus dee, Grond ass et also falsch, wéi elo op EU-Niveau beschwat gëtt, d’Entwécklungshëllef un d’ « Accords de réadmission » ze bannen, wat scho gewësse Länner maachen.

Firwat ass dat falsch ? Mee ganz einfach well d’Immigratioun zur Entwécklungshëllef bäidréit andeems déi Suen rëm zréckfléissen. Geldtransfert’en sollen also vereinfacht ginn, well déi dozou bäidroen Communautéiten wirtschaftlech opzebauen.

Grad déi, déi Migratioun wëllen aschränken droen also a Wierklechkeet dozou bäi, datt weiderhin d’Migratiounswellen sech verstäerken.

Schlussendlech wollt ech e läschte Punkt uschwätzen : Entwécklungspolitik ass eng politesch Fro, iert et eng technesch ass.

Et gëtt ,at Termen gespillt wéi « good governance », déi di sozial an demokratesch Fro hanne vir léisst.

Et gëtt sech beruff op déi 5 bis 6 % Croissance déi den afrikaneschen Kontinent kennt.

Et gëtt awer net a Fro gestallt datt Friichten vun dësem Wuesstem net op d’Bevëlkerung zeréckfalen, am Géigendeel, dës Croissance ass nëmme méiglech well dem Privatsecteur wäitleefeg alles erlaabt ass.

Biergbauentreprisen floréieren  well Emweltzerstéierung, Landgrabbing a schlecht Aarbechtskonditiounen, Verletzung vu Mënscherechter a Steierflucht méiglech sinn.

Fakultativ : Ech kann iech souguer e Beispill aus eegener Erfarung ginn (Tunesien).

An dat ass grad dee geféierleche Trend, deen een och konnt zu Addis Abeba observéieren konnt: en Zréckzéien vun der Responsabilitéit vu Staaten zugonschten vun der Privatwirtschaft.

De Probleem as immens grouss. D’Léisung berout a Wierklechkeet bei den betraffenen selwer an op eng reell Kooperatioun vum Norden. D’Léisung heescht politesch, sozial an demokratesch Emanzipatioun.

Si heescht Selwerbestëmmung fir dës Länner, also hiren eegene Wee ze goen, déi economesch Verhältnesser den Bedürfnisser vun hiren Populatiounen unzepassen an net ëmgedréit. Et geet net em Autarcie. Gerechten Handel besteet doranner datt e Land selbstbestëmmt kann décidéieren datt dat erakomme soll wat néideg ass ouni déi lokal Wirtschaftsstréim a Fro ze stellen oder futti ze maachen. Absolut Martöffnung as genausou sënnlos wéi Autarcie.

Esou Versich gouf et an Afrika. D’Beispill vum Burkina Faso as dofir eklatant. Den fréieren Präsident Thomas Sankara, wollt säi Land entwéckelen, ouni mussen an d’Ofhängegkeet vum Westen, an an deem Fall vu Frankräich, ze verharren.

Dat huet him d’Liewe kascht, wou en 1987 vu sengem Nofolger mat Ënnerstëtzung vu Paräis ëmbruecht gouf. Deeselwechten Blaise Compaoré deen d’läscht Joer op Drock vun enger (zweeter) sozialer Beweegung huet misse goen.

Et wier schéin wann de Westen mol op déi richteg Kräften an Afrika setze géif an net systematesch op déi, déi ënnerdrécken an ausbeuten. Da bräichte mer hei keng esou eng Debatt méi ze féieren.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe