All Mënsch muss sech d’Gesondheet kënne leeschten: Tiers-payant généralisé duerchsetzen.

„Stell der fir, du sëtz säit 3 Stonnen an der Urgence. De Wartesall ass strubbelvoll. Et ass matzen an der Woch, Nomëttes. Du kucks dech ëm. Näischt ënnerscheet déi schlëmm Fäll vun deene klenge Virfäll. D’Infirmière am Accueil ass komplett iwwerfuerdert. Ze vill Leit, ze wéineg Personal, ze wéineg Better. Du kucks nach emol ronderëm dech. Du stells der d’Fro op eng Gesondheetsministesch och emol an engem Wartesall an der Urgence muss sëtzen. Mee du weess dat déi besser Leit en aneren Zougang zu der Gesondheetsversuergung hunn. D’Urgence ass eben d‘Optioun fir déi kleng Leit. Eng normal Dokteschrechnung kascht 43,70€, bei engem Spezialist däitlech méi. Dat si vill Suen. Mee an der Urgence muss de d’Suen net virstrecken.”

Dës Erfarung maachen zu Lëtzebuerg zéngdausende vu Leit op mannst ee mol. 2016 goufen 312.109 Behandlungen an de 4 Haaptspidolszentren am Land duerchgefouert. 18,5 % vun dëse Behandlungen hätten net missten an der Urgence duerchgefouert ginn. Ee médecin-urgentiste behandelt ënnert dem Stréch 4 Patienten d’Stonn, 3 mol méi ewéi d’international Normen et virschreiwen.

Aus dem Audit deen de Gesondheetsministère 2017 bestallt huet fir eng Analys vun de Problemer vum Service vun den Urgencen duerchzeféieren, ergëtt sech villes wat scho gewosst ass, mee aneres gëtt net a Betruecht gezunn, wéi zum Beispill de Käschtenopwand dee ville Leit an der Urgence erspuert bleift. Sue virstrecke fir eng medezinesch Behandlung ass net ëmmer méiglech bei Leit mat klenge Léin. Och fir vill Leit déi ee Stéck méi ewéi de Mindestloun verdéngen, entsteet bei onerwaarten a gréissere Gesondheetskäschten ee Lach am Budget dat sech oft eréischt no e puer Méint fëllt, soulaang wéi d’Krankekeess braucht fir se zeréck ze bezuelen.

Den Zougang zu enger optimaler Gesondheetsversuergung ass trotz dem solidareschen an universelle System vun der Sécurité sociale hei zu Lëtzebuerg ongläich. Wichteg Prestatiounen am Beräich vun der Ophtalmologie an den Zänn, ee Brëll oder eng Prothees fir d‘Zänn grenze präislech u Luxusproduiten.

déi Lénk wëllen de solidareschen an universelle Gesondheetssystem weider stäerken an ausbauen. Iwwer eng Generaliséierung vum Tiers-Payant soll jidderengem en direkten Accès zu enger qualitativer Gesondheetsversuergung gebuede ginn. Mat enger Generaliséierung vum Tiers-Payant, ginn all d’Dokteschrechnungen direkt vun der Krankekees iwwerholl an zu 100% rembourséiert ouni dat ee muss d’Sue virstrecken. Den Tiers-payant verbënnt den Aspekt vun der sozialer Gerechtegkeet mat enger qualitativ héichwäerteger an universeller Gesondheetsversuergung.

De Tiers-payant ass eng wichteg Fuerderung fir d’Gesondheetspolitik aus eisem Wahlprogramm:

http://2018.dei-lenk.lu/

Fir d’Gesondheet fuerdere mir donieft och :

(-) Eng Fleegeversécherung déi sech méi spezifesch de Besoin’e vu Leit am Alter unhëlt;

(-) Eng flächendeckend Offer u Maison médicale a méi Investissementer an d’Infrastrukturen an de Personalofbau an den Urgencen;

(-) Eng universell Gesondheetsversuergung fir jiddereen deen ouni Revenu an/oder op der Strooss lieft;

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe