Betriber méi besteieren: Méi Steiergerechtegkeet fir eng gemeinsam Zukunft.

Déi reell Besteierung vun den Betriber ass hei zu Lëtzebuerg déi niddregsten a ganz Europa. Dat huet eng rezent Etüde vu PWC[1] erginn.

De nominalen Taux léit zwar bei 18% an dobäi kënnt nach d’Gewerbesteier, mä virun allem déi grouss international Entreprisë bezuelen an der Reegel nëmmen e Steiersaz am niddregen eestellege Beräich. Dat kënnt doduercher, datt se e ganze Koup Ofschreiwungen a Steiernischen notze kënnen.

Ass Ufanks der 1980er Joren nach 2/3 vum Steieropkommes vun de Betriber komm an 1/3 vun de Stéit, sou huet sech dës Proportioun mëttlerweil ëmgekéiert. An och ënnert der leschter Regierung ass d’Betribsbesteierung nach eng Kéier e gutt Stéck erof gesat ginn. Esou ass zum Beispill de nominalen Taux[2] vun 21% op 18% an d’Verméigenssteier fir Entreprisen iwwer 500 Milliounen Ëmsaz vun 0,5% op 0,05% gefall. Donieft sinn och nei Steierprivileegien a Steiernischen agefouert ginn.

Dës Entwécklung huet ganz gravéierend Auswierkungen. An éischter Linn feelen dem Staat natierlech wichteg Recetten, fir d’Zukunft vum Land virzebereeden an et ginn doduercher stänneg nei Aspuerungen am Sozialsystem a bei den ëffentlechen Déngschter provozéiert. D’Muster ass ëmmer dat selwescht: Fir d’éischt ginn d’Betriber entlaascht an duerno heescht et, mir misste spuere, well keng Sue méi do sinn.

Genee esou schlëmm sinn awer d’Auswierkungen um internationalen Niveau. Doduerch, datt mir beim Fiskaldumping u fiichter Front stinn, bludde mer eis Nopeschregiounen aus an dréiwen an Europa eng desastréis Spiral no ënnen un. Déi aner Länner si gezwongen, entweder och mat hirer Besteierung erof ze goen, oder mat Sozial- an Ëmweltdumping ze äntweren. Um Enn verléiere mer alleguerten, wärend d’Aktionären vun de grousse Konzerner sech d’Täsche fëllen.

déi Lénk wëll dësen Trend endlech stoppen an ëmdréinen. Mir wëllen d’Entreprisen erëm méi besteieren andeems mer den Taux erëm unhiewen an d’Bemiessungsgrondlag erweideren, dat heescht d’Méiglechkeete fir Ofschreiwungen an Exoneratioune limitéieren.

Lëtzebuerg muss ophale mam Fiskaldumping a bei der Besteierung vun de Betriber erëm eng méi raisonnabel Positioun am internationale Vergläich anhuelen. Eng radikal Erhéijung ass natierlech an deem aktuellen internationale Kontext net méiglech, mä well mer am Moment déi niddregst Besteierung a ganz Europa hunn, gëtt et vill Sputt no uewen, och ouni datt d’Betriber fort lafen. Dat géif nei Recette schafen, ouni eiser Wirtschaft ze schueden.

D’Entreprise notzen déi gutt Infrastrukturen hei am Land a profitéiere vun enger gutt ausgebilter a gesonder Bevëlkerung. Dofir sollen se sech och mat engem fairen Undeel un der Finanzéierung vum Staat bedeelegen.

[1]     PWC: Paying Taxes 2018

[2]     Taux de l’impôt sur le revenu des collectivités (IRC)

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe