Vidéos
"Et as d Aarbescht vun den Menschen dei de Raichtum an den Wuelstand schaaft. Geld schafft net, Geld leist Menschen vir sech schaffen- als Kapital. Dei weineg dei vun hierem Kapital liewen, wellen d Rad vun der Geschicht zreck dreinen an zerschloen gaeren dei sozial Rechter vun deenen villen dei schaffen mussen. Nach nie war d Produktiviteit vun der Aarbescht esou heisch wei haut. Mee vun deem geschaafenen Raichtum geet emmer manner un d Lein an emmer mei un d Patronen an d Aktionären. Och d Kriis huet naischt dorunner geännert: d Beneficer klammen erem an et gin weider Aarbeschtsplaatzen ofgebaut. Déi Lénk mengen, datt just den Geigendeel muss gescheien: Emverdeelen vun uewen no ennen. Déi Lénk hun konkret Virschlei vir d Rechter vun den Leit dei schaffen ze stärken, vir Aarbeschtsplaatzen ze erhaalen an neier ze schaafen. Well et as eis Aarbescht, dofir sin et och eis Rechter."
.jpg)