Ried vum Nathalie Oberweis zum Budgetsprojet 2023

Gehalen de 14. Dezember 2022.

Här Präsident,

De Budgetsprojet 2023, deen d’Regierung eis virgeluecht huet, ass net immens spannend. Bei der Lektüre huet ee bal d’Gefill, et wär e Budget vun enger geschäftsféirender Regierung, also vun enger Regierung, där et u politescher Legitimitéit feelt an déi dofir just nach verwalt amplaz ze handelen.  Gestioun – keng Visioun.

Well et ass u sech just eng linear Fortschréiwung vun der Politik vun de leschte Joren – mat Zuelen déi ugepasst goufen un déi aktuell konjunkturell Situatioun. Politesch Prioritéiten oder souguer eng politesch Visioun sinn net z’erkennen : Keng Schwéierpunkten, keen Afrostelle vun ale Konzepter a virun allem keng ambitionéiert Weichestellung fir d’Zukunft.

Et ass e Budget, deen an éischter Linn drop ausgeriicht ass de Status Quo z’erhalen. An dat heescht, datt doranner keng Äntwerten ze fanne sinn op déi dréngend strukturell Froen am Land.

– Mir hu mëttlerweil 130.000 Mënschen hei am Land, déi vun Aarmut a sozialer Ausgrenzung bedreet sinn, an d’Aussiichten, datt dee Problem sech a nächster Zäit wäert vum selwe léisen, si net grad roseg. Eigentlech misst een dëse Constat uechtert de ganze Budget liese wéi e roude Fuedem – fir Inclusioun a géint Ausgrenzung – fir ekonomesch Perspektiven a perséinlech Entfalung a géint Armuttsfal an Ofhängegkeet – dat misst een am Budget erausliesen. De Budget 2023 setzt awer do op “weider esou wéi bis elo”. Dat ass eng politeschen Entscheedung.

– Eisen Steiersystem ass extrem ongerecht zugonschte vum Kapital an zu Ongonschte vun der Aarbecht. Alt nees gëtt awer d’Geleeënheet verpasst fir eppes drun ze änneren. Des Ongerechtegkeet gëtt also weidergefouert an och dat ass e politesche Choix.

 – De Logements-Marché ass no joerzéngtelaangem “Laissez-faire” komplett eskaléiert a gëtt zu engem existenzielle Problem fir ëmmer méi Leit. Trotzdeem erkennt ee beim Budget vum Logement keen Agräifen vum Staat an des aus dem Rudder gelafe Situatioun par Rapport zum leschte Joer vir.

 – Beim Klimawandel leeft d’Zäit eis fort. Mir mussen an den nächsten 8 Joer vill méi Emissioune reduzéieren, wéi mir se an deene leschten 30 Joer reduzéiert kruten an déi Tatsaach spigelt sech net mol am Usaz am Budget rëm. Ech wäert duerno nach drop agoen.

Vun dëse strukturelle Problemer sinn an éischter Linn déi jonk Generatiounen an déi ënnescht sozial Klasse betraff. An et ass dat Bild, wat de Kär vun eiser politescher Analys ausmëscht, souwuel vun dësem Budget, wéi vun der Regierungspolitik generell. D’Regierung konzentréiert sech drop fir per Force e Modell oprecht erhalen, dee virun allem déi etabléiert a besser situéiert Mënschen hei am Land bedéngt, deen awer gläichzäiteg ëmmer méi Perspektivlosegkeet schaaft fir déi jonk Generatiounen an déi sozial benodeelegt Matbiergerinnen a Matbierger.

De Mangel u politescher Reaktivitéit an u strukturelle Changementer ass ëmsou méi problematesch, well mer d’nächst Joer viraussiichtlech nees e Budget ouni Weichestellunge wäerten kréien, well jo déi nächst Regierung réischt wäert aus de Walen am Oktober ervirgoen.

Zu engem Zäitpunkt also, wou riseg Erausfuerderungen op eis duer kommen a sech déi sozial an ökologesch Problemer verschäerfen, schalte mir zu Lëtzebuerg politesch gesinn op Autopilot.

D’Vertrieder vun der Majoritéit verweisen op Covid an den Ukraine-Krich a mir halen der Regierung och zegutt, datt d’Bewältegung vun deene Krise vill politesch Energie a vill budgetär Moyen’en kascht hunn.

Mir mengen awer, datt ee vun enger Regierung duerchaus ka verlaangen, datt se déi kuerzfristeg Krisen-Bewältegung an Aklang ka brénge mat der Léisung vun de strukturelle Problemer an dem Erhale vun den Zukunftsperspektive vun eiser Jugend. Krisen si kee Grond, fir alles anescht stoen a léien ze loossen. Ëmsou méi, wéi justement déi Krise bewisen hunn, éischtens datt et méiglech ass a Krisen ze handelen an datt, zweetens, e “Weider-esou-wéi-bis-elo” net méi méiglech ass an datt een dofir ëmsou dréngender muss ëmschalten op eng aner, op eng méi sozial gerecht a méi nohalteg Politik. 

Wéi mir scho beim Etat de la Nation gesot hunn, feelt et der Regierung eiser Meenung no u Kreativitéit fir nei Weeër ze sichen an un Ambitioun fir déi nei Weeër och anzeschloen. An et feelt och u Courage, den allgemengen Interessi géint Partikularintressen duerchzesetzen. An dat zitt sech duerch dëse Budget wéi e roude Fuedem.

Här Präsident,

Schonn a normalen Zäite sinn déi Zuelen, déi am Budgetsprojet stinn, mat Virsiicht ze genéissen. Schonn eleng dowéinst, well Finanzministere generell déi Beruffskrankheet hunn, Recetten ze ënnerschätzen an Depensen ze iwwerschätzen.

Mä bei der aktuell ganz labiller ekonomescher Situatioun sinn d’Onsécherheeten nach eng Kéier méi grouss. Wéi geet et bei der Konjunktur weider? Wéi bei der Beschäftegung, bei der Inflatioun oder op de Finanzmäert? Et ass nach ganz onsécher, wéi mer dëst Joer wäerte finanziell ofschléissen a wat 2023 tatsächlech u Recetten an Depense wäert ufalen, steet an de Stären. Deemno schéngt et och wéineg sënnvoll, elo op eenzelen Zuele ronderëm ze reiden. Ech wäert also éischter d’Finanzpolitik vun der Regierung als solch kommentéieren.

Zumindest geet d’Regierung fir dëst Joer vun engem zolitten Defizit aus vun iwwert enger Milliard an d’nächst Joer vun engem Defizit vu ronn 2,5 Milliarden. Egal wéi déi Zuele schlussendlech ausgesinn, schéngt zumindest sécher, datt d’Staatsschold weider an d’Luucht geet.

Mir hu scho méi oft gesot, datt nei Scholde fir eis kee grondsätzleche Problem sinn, soulaang se gerechtfäerdegt sinn. A gerechtfäerdegt si Scholden an eisen Ae virun allem dann, wann domadder zukunftsorientéiert Investitioune finanzéiert ginn. Ech mengen, datt och déi jonk Generatiounen domadder averstane sinn, datt se spéider mussen Scholden zréckbezuelen, wann déi Scholden dozou gefouert hunn, datt mer zum Beispill d’Energietransitioun erfollegräich gepackt hunn, datt mer e flächendeckenden ëffentlechen Transport opgebaut kruten oder datt mer de Park un ëffentleche Wunnenge verdräifacht hunn.

An dat ass fir eis de wesentleche Punkt. Well déi aktuell Defiziter sinn eben net entstanen, well mer eis Ustrengunge verstäerkt hunn fir de nächste Generatiounen e besser funktionéierend Land z’iwwerginn. Se sinn entstanen, well d’Regierung dës méi schwiereg Zäite wëll iwwerbrécken, ouni mussen d’Verdeelung vum Räichtum an eiser Gesellschaft a Fro ze stellen. Oder anescht gesot : Déi aktuell Defiziter sinn entstanen, well d’Regierung de Käschtepunkt vun der kuerzfristeger Krisebewältegung integral der Allgemengheet opgelueden huet, just fir datt d’Patronat, d’Kapital an déi iewescht Schichten net musse méi bäidroen a weider kënne Profitter maachen.

Well an dëser Kris goufen eng Rei komplett onnéideg Depense gemaach, déi deelweis och nach déi strukturell ökologesch a sozial Problemer verstäerkt hunn. Ugefaange bei der Manipuléierung vum Index an dem dowéinst néidege Steierkredit, fir déi verréckelt Index-Tranche bei de Leit ze kompenséieren.

Mat dem Argument, d’Entreprisë kéinte keng 2 Upassunge pro Joer verkraaften, ass déi Tranche vum Juli dëst Joer op Abrëll d’nächst Joer verréckelt ginn. Mam Resultat, datt mer dëst Joer just 1 an d’nächst Joer viraussiichtlech 3 Tranche kréien, also genee de Contraire vun deem wat ursprénglech gewollt war. Jo, am Nachhinein ass een ëmmer méi schlau, mä mir haten iech dat och schonn am Abrëll gesot.

A wat huet dee Spaass kascht vun der Index-Manipuléierung? Ma eng hallef Milliard. A wien huet sech déi hallef Milliard an d’Täsch gestach? Ma d’Patronat. A net just d’Patrone vun de klenge vulnerabel Betriber, dat hätt een ënner Ëmstänn nach kéinte vertrieden. Mä virun allem d’Aktionäre vun de grousse Boîtten. An déi hallef Milliard betrëfft och just de Käschtepunkt vum Crédit d’impôt, dobäi kënnt jo och nach en enormen Ausfall fir d’Sécurité sociale.

Och bei den Aiden fir d’Betriber hätt ee kéinte méi selektiv virgoen amplaz de Krunn ëmmer méi wäit opzedréinen, just fir sécherzestellen, datt een déi 375 Milliounen och wierklech lass gëtt. Net ze schwätze vun deene ronn 80 Milliounen déi deen Tankrabatt vu 7,5 Cent kascht huet, dee souwuel aus eng ökologescher wéi och aus enger sozialer Perspektiven zimmlech onsënneg war.

Och bei der Deckelung vun den Energiepräisser hätt ee kéinte vill Suen aspueren, wann een just de Grondbedarf gedeckelt hätt, amplaz och nach d’Iwwerkonsommatioun an d’Verschwendung ze subventionéieren. Dat wär och ökologesch méi sënnvoll gewiescht, well mer domadder net all Ureiz fir Energie ze spueren iwwer Bord geheit hätten. Mëttlerweil huet jo souguer schonn de ThinkTank vun der Chambre de Commerce déi Fuerderung iwwerholl.

An dann huet d’Regierung jo och nach dem Patronat versprach, hinnen déi 3 Index-Tranche d’nächst Joer integral ze bezuelen. Zitat aus dem Accord vum September : “Dans le cas où une 3e tranche indiciaire serait appliquée au cours de l’année 2023, le Gouvernement s’engage à compenser entièrement l’impact sur les salaires des entreprises.”

D’Madame Backes sot, datt dat nach net kann am Budget chiffréiert ginn, well een nach net weess ob et tatsächlech wäert néideg sinn a wéi eng Modalitéiten dat wäert unhuelen. Ech huelen awer mol un, datt d’Regierung sech scho Gedanke gemaach huet iwwert déi Modalitéiten a schonn ongeféier eng Iddi huet, wat dat kéint kaschten. An ech wär frou wann se duerno kéint op de Stand vun deenen Iwwerleeungen agoen. Ech wär nämlech ganz frou ze wëssen, wéi d’Regierung dat wëll ustellen, fir den Entreprisen de kompletten Impakt op d’Salairen ze kompenséieren.

Des riseg Depensen zugonschte vum private Secteur sinn op eng ondifferenzéiert Aart a Weis ausgeschott ginn an dofir och grondsätzlech ze hannerfroen. Well un der Duerstellung vun enger Privatwirtschaft, déi no COVID an Energiekris virum Ofgrond steet, kann een awer mol wierklech Zweiwel hunn.

D’CSL huet an hirem Avis eng Analyse gemaach tëschent der Entwécklung vum Brutto-Iwwerschoss vun den Entreprisen an der Entwécklung vun de Salairen. Säit 2019 ass de geschaffene Méiwäert ëm 30% erop gaangen. Wärend der selwechter Zäit sinn d’Salairen awer just ëm 26% geklommen an de Brutto-Iwwerschoss vun den Entreprisen ass ëm 36% geklommen. An anere Wierder : D’Entreprisen hunn dat déckt Stéck kritt vum Kuch an d’Salariéen dat klengt Stéck.

D’CSL erënnert och drun, datt 6 vun deenen 10 gréissten Employeuren am Land am Mäerz dëst Joer hiren Aktionären bal eng hallef Milliard un Dividenden ausgeschott hunn. Dat muss een sech mol op der Zong zergoe loossen : No 2 Joer Covid a no Ausbroch vum Ukraine-Krich, hunn des Entreprisen sech net geduecht, se misste mol sécherheetshallwer Reserven uleeën. Nee, se hunn einfach mol honnerte Milliounen un hir Aktionären iwwerwisen. An dat nodeems se wärend der Pandemie grousszügeg Hëllefe vun der Allgemengheet kruten an duerno och nach eng Index-Manipuléierung an nach wieder Aiden uewendrop kruten.

An eisen Ae waren also ganz vill Depensen am Kader vun der Krisegestioun nach laang net sou alternativlos, wéi d’Regierung dat gären duerstellt. Se ass virun allem op de “Sireene-Gesank” vum Grousspatronat eragefall an huet se ondifferenzéiert mat vill Steiergelder iwwerschott, déi lo am Budget feelen. Der Chambre de Commerce feelt et wierklech net u Culot, sech an hirem Avis och nach iwwert den Defizit ze bekloen.

Par conter wäre vill aner Depense sënnvoll, zum Beispill Depensen, déi eis op de Wee vun enger gerechter a nohalteger Gesellschaft géinge bréngen oder Depensen, déi deenen ënneschte Klassen erlabe géif, rëm Loft ze kréien an déi de wuessenden Inegalitéite géifen entgéint wierken. Well fir déi kleng Leit si bis elo just e puer Almosen verdeelt ginn, fir déi se dann och nach hu missen op den Office Social heesche goen.

Här Präsident,

Wann een iwwert den Defizit schwätzt, däerf een awer net just d’Depense kucken, mä och d’Recetten. De Problem ass jo net, datt et hei am Land net genuch Räichtum gëtt. De Problem ass, datt d’Regierung e groussen Deel vum geschafene Räichtum enger klenger Minoritéit iwwerléisst.

Wann d’Land an enger ekonomesch schwiereger Situatioun ass an zemools wann e groussen Deel vun der Allgemengheet un d’Struewele geréit, dann ass et eiser Meenung no absolutt ubruecht, bei déi iewescht Klassen eng Contributioun sichen ze goen. Mir haten dofir hei am Parlament eng exzeptionell Krisesteier gefuerdert vu 15% op dem Akommes iwwert 150.000 Euro an op de Beneficer vun de groussen Entreprisen. Esou hätt een iwwert 1 Milliard u neie Recette kéinte generéieren an da bräichte mer haut net iwwert en Defizit ze schwätzen.

Beim leschte Politikmonitor hu mer festgestallt, datt mer mat eiser Fuerderung iwwer 50% vun de walberechtegte Mënschen am Land hannert eis hunn. Géif een eis Matbiergerinnen a Matbierger ouni Walrecht mat abezéien, wär dee Prozentsaz sécher nach méi héisch. Hei am Parlament si mer domadder natierlech net gehéiert ginn. Jo mir goufen esouguer aus de Reie vun der Majoritéit ausgelaacht. Dobäi wär eiser High Society sécher keen Zacken aus der Kroun gefall, wann se mol eng Kéier dem Land eppes zréckginn hätt.

Mä déi Fuerderung hu mir och just als eng Krisemesure gesinn, well wat mir virun allem fuerderen, ass eng strukturell Steierreform fir méi Gerechtegkeet.

Säit 2018 ass all Demande am Beräich vu méi Steiergerechtegkeet mat dem Argument verworf ginn, et wär jo eng grouss Steierreform an der Maach. Ab Corona huet et dunn geheescht et wäre keng Sue méi do an elo heescht et, et wäre keng Sue méi do wéinst dem Ukraine-Krich. Resultat? D’Ongerechtegkeete lafen einfach virun. De Status Quo gëtt mindestens bis 2025 oprecht erhal zur allgemenger Freed vun deene wéinegen, déi vum Status Quo profitéieren.

Déi Steiererliichterungen, déi d’Madame Backes elo fir d’Fréijoer an Aussiicht stellt, passe genee an dat Bild. Well dobäi geet et natierlech net ëm strukturell Verännerungen, mä just ëm den traditionelle Wal-Kaddo virun de Legislativwalen, wou eng Kéier mat der Strenz iwwert d’Land gefuer gëtt. Fir duerno nach besser kënnen d’Demande am Beräich vu méi Steiergerechtegkeet ze verwerfen, mam Argument, et wär jo lo eppes gemaach ginn.

Mir si warscheinlech déi eenzeg déi dat hei banne mengen, mä eng Steierreform bedeit net automatesch eng Tournée générale. Mat enger Steierreform reforméiert een d’Verdeelung vum geschafene Räichtum an déi Verdeelung ass hei am Land déifgréifend ongerecht.

Fir just ee Beispill ze ginn : Am Joer 2000 huet dem “Impôt sur les personnes physiques” 24,7% vun de Staats-Recetten ausgemaach a 24,1 % koume vun de Betribssteieren. Also bal d’selwecht. Am Joer 2021 koume 36,5% vun de Leit a just nach 16,4% vun de Betriber. A laut de Previsiounen am Budgetsprojet fir 2023 soll dat Verhältnis d’nächst Joer nach eng Kéier e grousse Sprong maachen zugonschte vun den Entreprisen, well d’Regierung jo mat enger zimmlech spektakulärer Hausse bei der Steiere vun de Leit rechent a mat engem Réckgank bei der Betribssteier.

Eng Kris an feelend budgetär Mëttelen si fir eis also keen Argument fir eng Steierreform ofzesoen, mä au contraire, et ass en Argument fir se justement duerchzezéien. Wa mer d’Kapital an déi verméigend Klasse géifen anstänneg besteieren, kënne mer notamment déi ënnescht Klassen entlaaschten an och de Barème ouni Weideres indexéieren. Jo méi nach, mir kënnen doriwwer eraus nach fir de Staat nei Recette schafen, fir datt en deenen Zukunfts-Erausfuerderungen ka gerecht ginn, mat deene mir konfrontéiert sinn. A suergen zousätzlech nach dofir, datt déi sozial Inegalitéiten endlech ufänke mat ofhuelen, amplaz datt se stänneg weider zouhuelen.

Här President,

Ech kommen elo zu Investissiounen déi am Budgetsprojet fir 2023 virgesi sinn.

Fir d’éischt wëll ech mol soen, datt mir als Lénk frou sinn, datt et net zu enger massiver Kierzung bei den Investitioune komm ass. Et muss ee natierlech och do ganz virsiichteg si mat den Zuelen, virun allem well déi budgetiséiert Zommen an der Reegel net dépenséiert ginn, mä zumindest ass hei kee Richtungswiessel z’erkennen. An dat begréisse mir ausdrécklech, well dat wär e ganzt fataalt Signal gewiescht an hätt d’Zukunft vum Land schwéier hypothekéiert.

Mä dat ännert awer näischt un der Tatsaach, datt déi Zuelen, mat deenen d’Regierung am Budget jongléiert, nëmmen schwéier nozevollzéien sinn. Zum Beispill an der Klimapolitik.

D’CSL huet sech an hirem Avis d’Méi gemaach, déi verschidden Ausgaben am Budget fir d’Ëmsetzung vum Nationalen Energie- an Klimaplang opzeschlësselen. Als Erënnerung: dëse Plang beinhalt d’Strategie vun der Regierung fir den Zäregasaustouss bis 2030 em 55% ze reduzéieren.

Dobäi stellt sech eraus, dass déi 2,3 Milliarden Euro, déi d’Regierung hei annoncéiert am Budget selwer guer net opzefannen sinn, an och net an den Ausgabe vum Ëmwelt a Klimafong.

Den Haaptproblem hei ass net eng technesch Lacune bei der Opstellung vum Budget, mee éischter dass dat en Etiquetteschwindel, bezéiungsweis Greenwashing ass. Grouss Zuele mat groussen Ziler am Klimaschutz ukënnegen ass gutt. Nach besser ass et awer, wann dann och dat drastécht, wat drop steet an déi richteg Mesuren dann och finanzéiert an ëmgesat ginn.

Mir gesinn hei direkt e puer Problemer:

Den iwwergroussen Deel vun dem Budget fir d’Dekarboniséierung entfält op de Finanzement vun der CFL, dem RGTR Réseau, den Tram an de regionale Busser vum Tice an dem AVL. Dat si wichteg a sënnvoll Ausgaben, mee déi stellen awer – ronn gerechent – 93% vum gesamten Effort bei der Dekarboniséierung am Budget selwer duer. Dobäi handelt et sech zum groussen Deel em lafend Ausgaben an net em Investitiounen an den Ausbau vum ëffentlechen Transport an an de Klimaschutz.

Ee Beispill: Schoulbusse fir Schüler gouf et och scho viru 50 Joer. Deemools koum keen op d’Iddi dat als Klimaschutz ze bezeechnen, mee als en ëffentleche Service, den dofir do ass, dass all Kand sécher an d’Schoul kënnt. Hei am Budget ass dat elo awer eng Ausgab am Beräich Klima an Energie. Wat soll dat? Hei ginn einfach ganz klassesch budgetär Ausgaben ëmgedeit fir de Leit virzegaukelen, dass an de Klimaschutz investéiert gëtt.

Donieft muss een d’Ausgabe fir Klimaschutz am Verhältnis kucken mat den Anti-Klima Ausgaben, also dem wat weider direkt an indirekt a fossil Energie fléisst. Ugefaange beim Staat, deen no un der hallwer Milliard an de Subventionnement vum Sprit a vum Gas investéiert, ouni iergendwellech sozial oder ekologesch Iwwerleeungen dobäi un den Dag ze leeën. De Bau vun Ëmgoungsstroossen a Vergréisserunge vun Autobunne geet och monter weider. A schliisslech ginn et och deelweis schiedlech Investitiounen vun Entreprisen, déi d’Staatsausgaben am Klimaschutz souwisou staark verblatzen dinn.

Weider fält op, dass de Premierminister am Oktober hei zwar grouss Annoncë gemaach huet fir an der Photovoltaik virunzekommen an och bei der Renovatioun vu Wunnengen, mee dovunner awer och näischt am Budget virgesinn ass. Kloer, net alles ass direkt ëmzesetzen. Mee hei steet guer näischt dran.

Am Klima- an Energiefonds deit och absolut näischt op e Ruck am Klimaschutz hin. Bis 2026 wäerten tendenziell zwee Drëttel vun den Ausgaben am Fong an d’Ausland fléissen, just een Drëttel sinn national Mesuren. Den Haaptausgabeposte hei bleift d’Elektromobilitéit, op den eleng 50% vum Budget fir national Mesuren entfalen. D’Erneierbar Energië ginn hei zwar den zweetgréisste Posten, mee e Bléck zréck weist, dass souguer déi kleng Montant’en déi bis elo dofir virgesi waren, ni méi wéi zu Hallschent genotzt gi sinn.

D’Grënn dofir leien net am Budget, mee bei der Photovoltaik z.B. bei de schwéierfällegen Autorisatiounsprozeduren, de Bautereglementer vun de Gemengen, der Gréisst vum Invest, dee vill Stéit ofschreckt, dem net méi besonnesch interessanten Aspeisetariff, de potenzielle Raccordementskäschten an net ze lescht och dem Manktem un Handwierker an Handwierkerinnen, déi dat och montéiere kënnen.

Fir eis weist dat Beispill, dass Usproch a Realitéit am Klimaschutz wäit ausernee leien an dass d’Regierung et sech z’einfach mécht. Grouss Neierunge ginn ugekënnegt, grouss Beträg gi publizéiert, mee dat Ganzt geréit direkt an d’Wackelen, wann een an den Detail kucke geet. Et ass wéi bei enger Ënn: wat ee méi Schichte vun der Schuel erofhëlt, wat et méi sténkt. Oder wat manner iwwreg bleift.

An dann nach e puer Wierder zum Logement. De Logement ass de Problem Numero 1 hei am Land. Et ass déi 1. Suerg vun de Biergerinnen a Bierger an et ass och déi 1. Ursaach vun der Armuttsproblematik an den Inegalitéiten. Ganz vill politesch Problemer hänken direkt oder indirekt mat der katastrophaler Situatioun um Wunnengsmaart zesummen.

Et kéint een also unhuelen, datt d’Regierung hei de budgetären Hummer eraushëlt an do mol richteg Neel mat Käpp mëscht. Zemools wann een am Budget Sätz liest wéi “Le logement reste une priorité absolue pour le gouvernement”.

Mä guer näischt. D’Regierung léist sech des “absolutt Prioritéit” grad eemol 282 Milliounen Euro kaschte fir 2023. Dat ass vill manner wéi dat, wat mer d’nächst Joer als Militärdepense wäerten ausginn oder d’Hallschent vun deem, wat d’Index-Manipuléierung kascht huet. 

An de 4 Joer vun 2020 bis 2023 ass de Budget vum Logementsministère ëm grad emol 46 Milliounen erop gaangen. Méi lues wéi d’Recetten, sou datt de Budget vum Logementsministère haut just nach 1,08% vum Staatsbudget ausmëscht, géint 1,15% am Joer 2020. Sou gesäit déi absolutt Prioritéit beim Logement a plakegen Zuelen aus!

D’Regierung schéngt och all Joer op en Neits déi selwecht Feelaschätzunge punkto Investitiounen ze maachen. D’Ausgabe vum Fonds Spécial sollen 2023 spronghaft eropgoen. Dat ass jo gutt. Mee dee Sprong war och scho fir 2022 ageplangt, mee en huet net stattfonnt. E war och fir 2021 ageplangt, an huet net stattfonnt. Déi grouss Offensiv léisst ëmmer erëm op sech waarden. Besonnesch däitlech gëtt dat beim Pacte Logement 2.0, dee lo réischt ab 2024 soll eppes kaschten, obwuel en elo schonn e Joer a Kraaft ass.

Insgesamt ass schwéier nozevollzéien, wéi mat gutt 200 Milliounen Euro Investitiounen d’Joer d’Pendel a Richtung vu méi Bezuelbarkeet um Immobiliëmarché soll ëmgeschloe ginn. Dëst ass en plus elo nach méi eng drénglech Noutwennegkeet, säit de Logementsminister mat der Loyersreform decidéiert huet, dass d’Wunne fir Locatairen um Privatmarché nach méi deier soll ginn.

Lo seet d’Regierung, et huet kee Wäert méi Suen anzeplangen, well mir kréie souwisou net méi gebaut. Ma da muss d’Regierung d’Viraussetzunge schafen, fir méi kënnen ze bauen! Zum Beispill mat der Kreatioun vun enger ëffentlecher Baufirma, sou wéi mir dat scho säit Jore fuerderen, fir net méi vun de private Entreprisen ofhängeg ze sinn déi just hiren eegene Bénéfice servéiren.

D’Zukunft vun eiser Jugend steet oder fält mat der Wunnengspolitik vun haut. Net mat där an 20 Joer. Et ass haut wou mer musse massiv an den ëffentleche Wunnengsbau investéieren, amplaz weiderhin der Illusioun nozelafen, datt de fräie Marché dat iergendwéi rëm an d’Rei kritt.

A well ech dat schonn ugeschwat hunn, nach e puer Wierder zum Militärbudget. Mir fannen déi Projektiounen absolutt dramatesch, déi d’Regierung mëscht fir de Militärbudget an de nächste Joren radikal z’erhéijen. Och dee kriminelle Krich vum russesche Regime géint d’Ukraine rechtfäerdegt esou eng massiv Oprëschtung net. Ech erënneren drun, datt d’NATO lo scho ronn 25 Mol méi fir Waffen ausgëtt wéi Russland an datt mer och net méi Sécherheet kréien, wann d’NATO duerno 35 Mol de Budget vu Russland hunn.

Méi Waffe maachen d’Welt net méi sécher. Wat d’Welt méi sécher mëscht, sinn Investitiounen an d’Armuttsbekämpfung, an d’international Kooperatioun an an de Klimaschutz.

Här President,

An der Santé gesäit een an dësem Budget wuel vereenzelt Akzenter, mä di ginn net all an di gutt Richtung. Verschidden Aspekter vu nationale Servicer ginn awer unerkannt a gewäertschätzt.

Positiv ass, datt d’Garden an d’Astreinten am Budget virgesi sinn. Positiv ass, datt d’Ministesch eng Entscheedung geholl huet. Et muss ee jo soen d’Politik ass och mol do fir Entscheedungen ze huelen, déi net all Mënsch gefalen, mä déi am Sënn vum Allgemengwuel sinn.

Bei der Affär Potaschbierg ass dat net esou ausgaange. Do huet d’Ministesch dem Drock noginn an eng Eegeninitiative géint hiren eegene Wellen an géint d’Gesetz am Nachhinein legitiméiert an déi gëtt elo och am Budget belount.

Méi allgemeng gesi mir dann och net wierklech am Budget, wéi d’Gesondheetsberuffler dann elo endlech sollen valoriséiert a promouvéiert ginn. Mir hu schonn e puermol nogefrot a kréien all Kéier gesot et géing eng Initiative säit dem Summer existéieren – dovun hu mir nach näischt gesinn. Ëm wat handelt et sech dann hei, well Gesondheetsberuffler. Well Campagnen gesi mer fir d’Arméi, Campagne gesi mer fir d’Police, mä nach keng fir d’Gesondheetsberuffer.

Mir moossen, wéi der wësst, d’Regierung un hiren Doten virun allem vis-à-vis vun deene Schwaachen, deenen Aarmen, deenen di keng Stëmm a keng Lobby hunn.

An deem Sënn ass fir eis den Accès zu der Gesondheet a besonnesch d’Couverture Unverselle aux Soins de Santé eng Prioritéit. D’CUSS ass d’lescht Joer agefouert ginn an dat ass gutt a wichteg, mä et muss een och direkt soen, datt dat just e Pilotprojet ass. A wien Pilotprojet seet, freet sech och direkt wéi et duerno virugeet.

De Budget 2023 seet eis näischt doriwwer well et keng nennenswäert Augmentatioun beim Budget gëtt. Mir wëssen datt d’CUSS soll evaluéiert ginn, mä mir wëssen net wéini se soll hir gesetzlech Basis kréien. Wann een awer weess, datt haut ronn 112 Dossier’en bei der CUSS existéieren an de Besoin op 3000-5000 Leit geschätzt gëtt, da gesäit een datt et nach vill Sputt gëtt. Dofir geet e Pilotprojet net duer. D’Regierung muss d’Ambitioun an de Wëllen weisen fir op dësem existenziell wichtegen Dossier ze schaffen an nach virun de Walen Resultater liwweren !

Och an der Immigratioun an am Asyl steet net d’Stäerkung an d’Emanzipatioun vun de Mënschen net am Virdergrond.  Et stellt een schnell fest dass den Accent op Sécherheetsbedenken läit. Dat spigelt sech am Budget erëm. De Budget vum Centre de rétention geet duerch den Ausbau erop ëm 400.000 €.

Méi wéi 3 Milliounen € sinn virgesinn fir de Gardiennage a der SHUK – dat ass natierlech de Gros vum Budget. An de Budget vum Gardiennage an de Flüchtlingsfoyer’ en geet iwwer 20 Milliounen erop op 50 Milliounen € !

Et gesäit ee gutt wat ech virdru scho sot : d’Regierung geréiert Flüchtlingen. Si gëtt zum Verwalter. Et ass kee Projet erauszeliesen vu wéi d’Regierung des Mënschen wierklech accueilléiert an se mat eran an d’Gesellschaft hëlt. Et liest ee wéineg Effort’en wéi mer des vulnerabel Mënschen wëlle stäerken.

Am Géigendeel : mir kennen all de Fall vun der ONG Passerell déi Flüchtlingen iwwert hier Rechter informéiert – si haten dëst Fréijoer alertéiert dass se net méi genuch finanziell Mëttel hätten. Entretemps hu se missen 2 Leit entloossen. D’Regierung hätt kéinten de Choix maachen des ONG finanziell ze ënnerstëtzen mee huet et net gemaach – et goung em manner wéi 100.00 € – och dat ass e politesche Choix.

Donieft liest den Integratiounsbudget am Familljeministère sech wéi den aarme Pätter. 7 Milliounen sinn am ganzen fir Integratiounseffort’en en virgesinn an dovunner fir konkret Projet’ en wéi Parcours d’Intégration accompagné an Contrat d’accueil et d’intégration knapp 1,5 Milliounen. Och dee Montant ass identesch bliwwen. Och do ass kee Wëllen a Siicht fir d’Efforten ze verstäerken.

Mir stellen fest dass di schwaach an ausgeschloss Mënschen mat dëser Regierung net gestäerkt ginn. Et gëtt keng Politik vu wat een Empowerment nennt. Si kréien wuel Almosen, Bongen an eventuell Cadeauen, mä dat ass net dat wat hinnen déi Startchancen gëtt fir hir Liewen selwer an de Grapp ze huelen an sech eppes opzebauen. 

Här President,

De Lëtzebuerger sozio-ekonomesche Modell stéisst ëmmer méi u seng Grenzen. En ass weder wirtschaftlech, nach sozial a scho guer net ökologesch nohalteg. Dat weess heibanne jiddereen. An trotzdeem maache mer weider wéi wa näischt wier. Sou wéi e Vëlosfuerer deen ouni Bremsen de Bierg erof fiert a sech stänneg seet : “Bis heihinner geet alles gutt”.

D’Regierung ass blockéiert an enger almoudescher Denkweis déi doranner besteet, politesch Problemer eenzeg an eleng mat ëmmer méi Wirtschaftswuesstem léisen ze wëllen. Einfach d’Kompetitivitéit vun de Betriber weider pushen an alles gëtt gutt, sou wéi mer dat déi leschte 40 Joer gemaach hunn. Mä dat ass eng Flucht no vir an eng Sakgaass. Ekonomesch well mer elo schonn de ganzen Aarbechtsmaart vun der Groussregioun ofgegraast hunn, sozial well ëmmer manner Leit vun dësem Modell profitéieren an ökologesch, well mer ëmmer méi Ressourcen an Usproch huelen déi eis guer net zoustinn.

Wat vill Leit frustréiert an zemools vill Jonker, ass dat d’Politik zwar iwwert den Eescht vun der Lag schwätzt, mä awer duerno keng Moossnamen ergraff ginn, déi op der Héischt sinn vun den Enjeuen. E puer sozial Aiden a gréng Subventiounen si keng Zukunftspolitik, mä politesche Stëllstand. Virun allem am Logement a beim Klimawandel ass et 10 op 12.

Mir mussen eis Gesellschaft nei opstellen, déi Aart a Weis iwwerdenken wéi mer produzéieren, konsuméieren a wéi mer mateneen ëmginn. Mir brauche nei politesch Konzepter an de Courage Changementer anzeleeden. Net muer an iwwermuer, mä haut.

Dëse Budget mëscht dat leider net an dofir wäerte mir en och net matstëmmen.

Motion: Occupation par la Turquie de la Syrie du Nord.

Motion et bulletin de vote sur le site de la Chambre des Députés — ICI

La Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, considérant :

(-) L’occupation illégale du nord de la République arabe de Syrie dans ladite « Administration autonome du Nord et de l’Est de la Syrie » par l’armée de la République de Turquie le 9 octobre 2019, suite au retrait des troupes des Etats-Unis d’Amérique ;

(-) Que cette opération a déjà occasionné un grand nombre de pertes humaines, dont civiles ;

(-) Que les groupes de personnes visés par l’armée turque se sont illustrés dans leur combat contre Daesh, pour la démocratie, l’égalité entre les sexes et l’émancipation ;

(-) Que l’invasion de l’armée turque déstabilise profondément la paix et la sécurité dans la région et au-delà ;

Invite le Gouvernement luxembourgeois :

(-) À maintenir et intensifier la pression sur le Gouvernement turc en rappelant au Luxembourg l’ambassadeur du Grand-Duché à Ankara ;

(-) A s’engager au niveau européen et international en faveur d’une interdiction de ventes et d’exportation d’armes vers la Turquie ;

(-) A s’engager au niveau des Nations unies en faveur de l’envoi d’une Force de maintien de la paix des Nations unies dans le Nord et l’Est de la Syrie afin d’y protéger la population locale contre l’intervention turque ;

(-) A s’engager en faveur d’une aide humanitaire dans cette région.

 

Accords de Partenariat Economique: Nee zu neokolonialistesche Wirtschaftsaccord’en!

Ëm wat geet et?

Ofgestëmmt ginn ass iwwer 5 Fräihandelsaccorden an engem politeschen Accord tëschent der EU an enger ganzer Reih Entwécklungslänner:

– E Fräihandelsaccord tëschent der EU a Ghana;

– E Fräihandelsaccord tëschent der EU an der Côte d’Ivoire;

– E Fräihandelsaccord tëschent der EU an dem Kamerun;

– E Fräihandelsaccord tëschent der EU an de Länner vun der Karibik;

– E Fräihandelsaccord tëschent der EU an de Länner vum südlechen Afrika;

– E politeschen Accord tëschent der EU a Südafrika.

Déi Fräihandelsaccorden hunn ënnert anerem gemeinsam, datt se praktesch alleguerten am Dezember 2007 provisoresch ënnerschriwwe goufen. An dat ass keen Zoufall, well si sinn d’Resultat vun engem risege Chantage, den d’EU géigeniwwer vun dësen Entwécklungslänner iwwer Joren opgebaut a verstäerkt huet.

D’Europäesch Kommissioun huet deemools probéiert déi afrikanesch Länner mat Entwécklungsgelder ze köderen an duerno mat Entzuch vun Entwécklungsgelder ze menacéieren. Si huet op Basis vu falsche Prämissen negociéiert an de Mangel un Experienz bei den afrikanesche Negociateure ausgenotzt. Si huet wärend de Verhandlungen all Bedenke vun afrikanescher Säit ignoréiert, all Flexibilitéit refuséiert an ee Land géint dat anert ausgespillt. A well dat alles net gaangen ass, huet se schlussendlech mat der Briechstaang eng Ënnerschrëft erzwongen.

Déi Dreeung, déi schlussendlech zu den Accorde gefouert huet, war esou einfach wéi kloer : All d’Länner, déi net als Pays les Moins Avancés klasséiert sinn, mussen entweder e Fräihandelsofkommes ënnerschreiwen oder se verléieren ab 1. Januar 2008 hire Maartzougank zur EU – mat alle wirtschaftleche Konsequenzen, déi dat mat sech bruecht hätt. Verschidde Länner hunn dem Drock stand gehal, mä déi meeschten hu misse noginn, wéi zum Beispill Ghana, Côte d’Ivoire oder Kamerun.

Wat ass wichteg?

Dee ganze Projet vun de faméisen Accords de Partenariat Economique kann een eigentlech just als neokolonialistesch bezeechnen. Et ass Paradebeispill dofir, wéi räich Industrielänner hir Interêten récksiichtslos géigeniwwer vun den Entwécklungslänner imposéieren.

Dës Accorden maachen d’Mäert vun deene betraffene Länner fir EU-Exporter op, well d’Zolltariffer zu ronn 80% ofgebaut ginn. Wärend déi wichtegst Agrar-Produkter weiderhin kënne geschützt ginn, fir eng komplett Katastroph ze verhënneren, wäerten déi lokal Industrien, déi oft ganz fragil sinn, déi europäesch Konkurrenz ouni Protektioun ze spiere kréien. Domadder ginn déi Länner endgülteg an hirer Roll als Rohstofflifferanten agespaart a se ginn zu enger Spillwiss fir europäesch Multinationalen.

Dës Accorden huelen deene Länner och wichteg Zoll-Recetten ewech, déi an deene schonn immens limitéierte Staatsbudgeten batter feele wäerte. Beim Ghana wäerten duerch dësen Accord ronn 10% vun de Staatsrecetten ewech falen. Dobäi kënnt, datt dës Accorden déi regional Integratioun verhënneren, notamment a Westafrika. De Ghana an d’Côte d’Ivoire riskéieren fréier oder spéider aus der regionaler Zollunioun eraus geheit ginn, wann dës Ofkommes ëmgesat ginn. Och eng ganz Rei vun kontroverse Klauselen sinn doranner enthalen, wéi z.B. eng generell Standstill-Klausel, déi dëse Länner bis an all Éiwegkeet verbiddd, Zolltariffer erop ze setzen.

D’Zivilgesellschaft an deene Länner huet sech jorelaang mobiliséiert a mëscht et nach ëmmer. Kritesch Parlamentarier dohanne gi monddoud gemaach. Och an Europa sinn d’APE’en immens ëmstridden. Wien sech am Entwécklungsberäich ëmhéiert, ugefaange bei der DG Development zu Bréissel, iwwert déi national Kooperatiounsagenturen bis hin zu den ONGen, kritt ausnamslos kritesch Analysen ze héieren.

Wéi huet déi Lénk gestëmmt?

Natierlech dergéint. D’Fräihandelsaccorden sinn mat de Stëmme vun DP, LSAP, déi Gréng, CSV an ADR votéiert ginn.

Motion demandant exclusion de toute possibilité de rétention d’enfants ou de mineurs dans une structure fermée.

La Chambre des Députés

– Considérant l’article 3 de la Convention Internationale relative aux Droits de l’Enfant qui stipule que « Dans toutes les décisions qui concernent les enfants, qu’elles soient le fait des institutions publiques ou privées de protection sociale, des tribunaux, des autorités administratives ou des organes législatifs, l’intérêt supérieur de l’enfant doit être une considération primordiale. » ;

– Considérant que le Comité pour les Droits de l’Enfant interprète l’article 3 précité de façon à ce que « l’intérêt supérieur de l’enfant doit primer sur tout objectif d’État, par exemple celui de limiter la migration illégale » ;

– Considérant que l’UNHCR s’oppose catégoriquement à la détention des enfants dans le cadre de procédures d’expulsion, comme exposé dans son papier de positionnement de datant de janvier 2017 et intitulé “UNHCR’s position regarding the detention of refugee and migrant children in the migration context » ;

– Considérant la position du Collectif Réfugiés Luxembourg qui « s’oppose catégoriquement au placement en rétention des enfants, et en particulier des mineurs non accompagnés et demande à faire primer des alternatives moins coercitives par rapport à la rétention de mineurs » ;

– rappelant l’avis du Commissaire des Droits de l’Homme du Conseil d’Europe Nils Raimonds Muižnieks, exprimé lors de sa visite au Luxembourg en automne 2017, que « la privation de liberté, même pour une période courte, qui est souvent vécue par les enfants comme une expérience choquante, voire traumatisante, a des effets néfastes sur leur santé mentale. » ;

– rappelant que l’Ombuds-Comité fir d’Rechter vum Kand, dans son rapport 2017, a recommandé aux autorités publiques que « la rétention des mineurs, accompagnés ou non, est nuisible pour l’enfant et des alternatives à la rétention devraient impérativement être mises en place. »

invite le Gouvernement :

– à légiférer dans les meilleurs délais de sorte à exclure toute possibilité que des enfants ou des mineurs soient placées en rétention dans une structure fermée.

Dunkelkammer spaceresources: Entscheidende Fragen bleiben offen.

Im Mai dieses Jahres unterzeichnete die Regierung ein Space-Abkommen mit den USA. Dieses sogenannte Memorandum of Understanding (MoU’s) bleibt, so wie ähnliche Abkommen mit 7 anderen Staaten geheim. Über die politische und finanzielle Tragweite dieser MoU’s bleiben das Parlament und die Öffentlichkeit also im Dunkeln. Die lückenhaften Antworten der Regierung auf unsere parlamentarischen Anfragen tragen nicht zu größerer Transparenz bei.

Ein Memorandum of Understanding ist eine angeblich nicht verbindliche Absichtserklärung, die zwischen Staaten oder auch mit Unternehmen abgeschlossen wird. Da diese Abkommen nach offizieller Leseart nicht verbindlich sind müssen sie auch nicht unbedingt vom Parlament ratifiziert werden. Problematisch dabei ist jedoch, dass ein MoU wie es mit den USA abgeschlossen wurde laut Regierungsvertretern eine sehr umfangreiche Zusammenarbeit in einer Vielzahl von Bereichen beinhaltet. Da die Regierung in ihrer Antwort auf unsere Fragen noch ein Mal deutlich macht, dass den 8 bereits unterzeichneten MoU’s viele weitere im Space-Bereich folgen sollen, stellt sich die Frage, ob die Regierung sich anschickt völkerrechtlich geltende Verträge am Parlament vorbei durch ein Netz geheimer bilateraler Abkommen ersetzen zu wollen.

Die Zusammenarbeit im Rahmen des MoU mit den USA soll, laut dem US-amerikanischen Handelsminister Wilbur Ross, auch die Verteidigung im Weltraum beinhalten. Die luxemburgische Regierung hat dies auf unsere Nachfrage hin zwar dementiert, schließt die Verteidigung von Satelitten jedoch nicht als möglichen Gegenstand der zukünftigen Zusammenarbeit mit den USA aus. Dass die Abwehr von Angriffen auf Satelitten im Weltraum sehr wohl viel mit Verteidigungspolitik zu tun hat, liegt auf der Hand.

Aus einem 2017 erschienenen Analysepapier von Goldman Sachs geht außerdem hervor, dass der “new space” Bereich, indem die Regierung auch die spaceresources.lu-Initiative verortet, ein riesiges Potenzial für Investoren bietet und dabei die Militarisierung des Weltalls besonders vielverpsrechend sei. In diesem Zusammenhang nennen die Analysten von Goldman Sachs die Verteidigung eigener sowie die Neutralisierung gegnerischer Satelitten als eine der zentralen Prioritäten für zukünftige Forschung und Investitionen.

Fragen wirft zudem die Finanzierung der spaceresources.lu-Initiative auf. Die Regierung behauptet, es würden keine öffentlichen Mittel im Rahmen der MoU’s bereitgestellt, sondern Finanzierungswege über bestehende Fonds genutzt. Viele dieser Fonds werden jedoch aus dem Staatshaushalt gespeist, ohne dass das Parlament in irgendeiner Weise über diese Ausgaben- und Investitionspolitik mitbestimmen kann. Die wenig nachvollziehbare Finanzierung der Initiative wurde bereits Anfang dieses Jahres vom Rechnungshof bemängelt.

déi Lénk waren und bleiben der Meinung, dass die Regierung sich mit dieser Initiative auf dünnem Eis bewegt. Einerseits wird versucht das Völkerrecht ohne Einwilligung des Parlaments mithilfe von geheimen Abkommen mit Drittstaaten zu unterwandern, andererseits werden öffentliche Mittel für Unternehmen und Forschungszwecke zur Verfügung gestellt, die auf die Privatisierung und kommerzielle Verwertung von Weltraumressourcen abzielen. Inwiefern diese Aktivitäten auch militärischer Natur sein können, bleibt für uns weiterhin ungeklärt. Um diesen Verdacht ausräumen zu können, muss die Regierung die Memorandum of Understanding veröffentlichen.

Protection des locataires – Débattre enfin des propositions de loi de déi Lénk.

La situation du logement au Luxembourg est grave. Les chiffres publiés par l’Observatoire de l’habitat et le Statec confirment ce qu’une grande partie de la population ne cessent de constater : les loyers ont encore augmenté de 10-12% en 2018 et de nombreux ménages doivent dépenser plus de la moitié de leur revenu pour se loger. Le logement correct est devenu un luxe au Luxembourg et contribue à l’appauvrissement de plus en plus de personnes.

Malheureusement, les gouvernements successifs, malgré leurs déclarations édifiantes, ont manqué jusqu’ici de remédier à ce grave problème.

Pourtant des solutions existent : agrandir le parc immobilier public, adopter des lois freinant la flambée des loyers et surtout lutter contre la spéculations foncière et immobilière des grands groupes de promoteurs.

Lors de la législature précédente, déi Lénk a déposé deux propositions de loi destinées à protéger les locataires.

La première (n° 7094) date du 15 novembre 2016 et propose que les frais de commission en faveur des agences immobilières soient à charge du commanditaire (qui est en règle générale le propriétaire) et de limiter la garantie locative à l’équivalent d’un seul loyer. Cette proposition de loi a déjà été avisée par la Chambre des Salariés, la Chambre de Commerce et la Chambre de l’Agriculture. Le Conseil d’Etat a fait parvenir son avis le 17 mars 2017.

La seconde proposition de loi (n° 7257) a été déposée le 1er mars 2018. Elle propose d’atténuer l’augmentation des loyers et de créer une commission nationale des loyers chargée de surveiller le respect des conditions du bail ainsi que la salubrité des logements. Cette proposition a été avisée favorablement par la Chambre des Fonctionnaires et Employés publics le 5 juin de cette année.

Jusqu’à présent, le Gouvernement n’a même pas daigné se positionner par rapport à ces propositions de loi, alors qu’elles permettraient de protéger efficacement les locataires.
Les partis de la coalition gouvernementale n’ont pas non plus jugé opportun de s’en saisir au sein de la Commission du Logement. Alors que la majorité ne cesse de prétendre que l’opposition ne « proposerait rien », elle évite de prendre en compte les propositions qui lui sont faites.

Les propositions de loi de déi Lénk ne résoudront pas à elles seules la crise du logement. Bien d’autres mesures sont à prendre, notamment dans la lutte contre les spéculateurs fonciers et immobiliers. Ce sont là des points sur lesquels déi Lénk reviendra à la charge.

Mais les propositions en question contribueront à une meilleure protection des couches de la population les plus vulnérables contre les loyers exorbitants et les mauvaises conditions de logement. Elles méritent donc d’être débattues au plus vite à la Chambre des députés. Pour briser le silence de la coalition gouvernementale en la matière, nous venons d’adresser au président de la Commission du Logement, Monsieur Henri Kox, une demande de mettre ces propositions de loi à l’ordre du jour de ladite Commission.

Chamberbilan 2018/2019

D’Chamberjoer war opgrond vun de Walen am Oktober 2018 an den Europawalen am Mee ganz kuerz. D’Neioplo vun DP-LSAP-déi Gréng huet deementspriechend bis elo nach ganz wéineg vun hire villen Ukënnegungen ëmgesat a bei ville politeschen Erausfuerderungen, déi an den nächste Joren op eis duerkommen nach net Fuerw bekannt.

D’Bekämpfung vun der Logementskris oder  de Klima- an Ëmweltschutz gehéieren zu de Prioritéiten, mee konkret Proposen oder zumindest emol Pistë leien nach net um Dësch. Bei der Oprëschtung dogéint ass de Budget 2019 eendeiteg: d’Ausgabe fir Militariséierung gi weider un d’Luucht geschrauft an d’Regierung affichéiert ëmmer méi hire Wëlle fir sech aktiv un der Oprëschtungsspiral ze bedeelegen.

Des 3 Themefelder si fir déi Lénk an den nächste Méint dann och prioritär:

Resolute Kampf géint d’Wunnengsnout. Déi deier Präisser a Loyer’en sinn an éischter Linn op déi feelend Offer zréckzeféieren. Dass net genuch gebaut gëtt, läit um Manktem u Bauterrain’en. Déi Terrain’en, déi verfügbar sinn, gehéieren gréisstendeels net de Gemengen oder ëffentleche Promoteure wéi der SNHBM oder dem Fonds du Logement, mee e puer wéinege Promoteuren, Spekulanten a Superräichen, déi sech mat der rarer Ressource Buedem un der Wunnengsnout beräicheren.

Eise Fokus läit dowéinst um Kampf géint d’Spekulatioun mam Buedem an an der Mobiliséierung vu Bauterrain’en fir mat ëffentleche Bauprojet’en gënschtege Wunnraum ze schafen.

Klima- an Ëmweltschutz solidaresch schützen. D’Zäregasemissiounen an de Ressourcëveverbrauch vu Lëtzebuerg sinn enorm. Laut Regierung soll dat geännert ginn, andeem nei technologesch Innovatioune klima- a ressourcenneutral  Mobilitéit, Produktiouns- a Konsumweisen erméiglechen. D’Aushängeschëld vun dëser Approche ass d’Elektromobilitéit, déi ouni Pëtrol auskomme soll. Allerdéngs ass des Technologie net ressourcenneutral, am Géigendeel. Se verbraucht rare Metaller, déi et nëmmen op wéinege Plazen op der Äerd ginn an do mat massivem Energieasaaz (Pëtrol a Kuelekraaft) ënnert onméigleche mënschlechen an Ëmweltbedingunge gefërdert ginn. Fir déi Lénk ass dat e green washing, mat dem de Leit virgegaukelt gëtt, et kéint weiderhin esou produzéiert a gelieft gi wéi bis elo. Dobäi gëtt awer ausgelooss, dass aner Äerddeeler de Präis dofir bezuelen a vill Leit zu Lëtzebuerg an Europa de Präis fir déi Technologien net bezuele kënnen.

Eise Fokus läit dowéinst op der kritescher Erfuerschung vun dësen ongerechten an ëmweltschiedleche Léisungen, déi Problemer just verlageren an an Zukunft schlëmmer maachen an um Versuch alternativ Léisungsusätz ze fannen, déi d’Solidaritéit an den Erhalt vun der mënschlecher Ëmwelt an den Zentrum stellen.

Stëmm fir Ofrëschtung a Fridden. D’Regierung gëtt méi aus fir d’Militär wéi fir de Wunnengsbau oder d’Kooperatiounspolitik. D’Ausgaben fir Oprëschtung gehéieren zu den am séierste klammenden Ausgabeposten an de Staatsbudget’en. Donieft hëlt DP-LSAP-déi Gréng och gesetzlech Initiativen, fir Lëtzebuerg méi einfach u militäresche Konflikter ouni UN-Mandat kënnen ze bedeelegen an huet virun zwee Méint en Ofkommes mat den USA ofgeschloss, fir am Weltraumberäich och militäresch ze kooperéieren. D’Regierung wëll aus der Rëschtungspolitik e Business maachen, sou wéi se dat och scho mat de Militärsatellit gemaach huet.

Eise Fokus läit dowéinst op der Bedeelegung um permanente Widderstand géint all Initiativen am Beräich vun der Oprëschtung. Se sinn net nëmmen eng Gefor fir de Fridden, mee schafen och en onduerchsiichtegen a mächtegen wirtschaftlech-militäresche Komplex a lenken nach ëmmer méi Steiergelder dohinner, wou mir se am mannste brauchen.

 “Mir brauche (méi) Demokratie”

Op der Pressekonferenz sinn déi Lénk ausserdeem op d’Verfassungsdebatt an den zentrale Fichier vun der Police zréckkomm.

Déi iwwerraschend Fuerderung vun der CSV fir d’Verfassung méi enger breeder Diskussioun mat der Bevëlkerung z’ënnerbreeden ënnerstëtzen déi Lénk voll a ganz. Des Fuerderung hu mir och scho säit 2015 ëmmer erëm widderholl an hunn an dem Sënn och en alternative Verfassungsprojet ausgeschafft, dee vill weider ganz wichteg Froen opwerft, zum Beispill d’Stäerkung vun de soziale Rechter oder d’Prioritéit fir de Klima- an den Ëmweltschutz.

Des Froe beweegen d’Leit ganz staark an dofir menge mir, dass een eng oppen a breet Debatt muss féieren iwwer dës an aner zentral Stoussrichtunge vun enger neier Verfassung.

Wéi mir säit e puer Woche wëssen huet d’Police an engem Zentralfichier, dem sougenannte casier-bis, all méiglech perséinlech Informatiounen iwwer Persoune gesammelt. Des Informatioune ginn ouni Zäitlimitt gespäichert a gi vu villen Administratioune genotzt, fir iwwer d'”Moralitéit” vun enger Persoun Opschloss ze kréien. Wéi genee den Zougank zu dësen Informatioune gereegelt ass an zu wéi engen Zwecker se iwwerhaapt genotzt ginn, wësse mir bis haut net. Och d’CNPD, déi laut Gesetz vun 2018 dësen Zougrëff kontrolléiere soll, weess net Bescheed.

déi Lénk dränge säit der Verëffentlechung vun dësen Informatiounen op d’Opklärung (HEI an HEI)vun dësem krassen Agrëff an den demokratesche Rechtsstaat an an d’Privatsphär vun dausende vu Leit, déi sech näischt zu Schold komme gelooss hunn.

 

Solle Gemenge Bauterrain um Privatmarché verkafen? Nee, se solle Wunnengen drop bauen!

An der Chamber huet op Demande vun déi gréng eng Aktualitéitsstonn iwwer de Logement stattfonnt, méi genee iwwer déi ëmmer méi geleefeg Praxis, dass Gemengen hir eege Bauterrain’en um Privatmarché zu Maartpräisser verkafen.

déi Lénk hunn bei dësem Thema 3 zentral Aussoe gemaach:

1) D’Gemengen hunn eng sozial Verantwortung a sinn zoustänneg fir d’Raumplanung an also Stad- oder Duerfentwécklung op hirem Territoire.  De Logement ass ee wichtegt Element an deene Beräicher. D’Präisser fir Bauterrain sinn enorm héich a beweegen sech am Süden an am Zentrum em 100.000€ den Ar, an der Stad souguer em 200.000€. Dat heescht, dass Leit mat finanziell manner Méiglechkeeten ëmmer méi dezentral wunne mussen, oft an d’Grenzregioun plënnere mussen, wëll de Privatmarché kee gënschtege Wunnraum méi bitt. Zentral wunnen an enger Stad ass e Luxus ginn. Fir ëmmer méi Leit heescht sech logéieren eng immens schwéier finanziell Laascht op sech ze huelen. Doduerch gëtt de Logement eng Quell vun Aarmut, d’Feele vu gënschtege Wunnenge verschäerft d’sozial Ongläichheeten. Et ass eng Aufgab vun de Gemengen, dem entgéint ze wierken. Dowéinst dierfen se keng Terrain’en um Privatmarché verkafen an d’Präisspiral sou weider mat undreiwen.

2) D’Gemengen hunn aktuell ronn 180 Ha Bauterrain. Dat si just 6% vum gesamte verfügbare fräie Bauterrain am Land. Iwwer 80% gehéiere Privatleit, Promoteuren oder spekulativen Immobiliefongen. D’Gemenge missten also hir Reserven un Terrain ausbauen, anstatt och nach Bauterrain ze verkafen. Nëmme wann d’Gemenge vill Terrain hunn an den och notze fir selwer Wunnengen ze bauen, kënnen se wierksam géint d’Wunnengsnout ukommen an de Leit op der Sich no gënschtegem Wunnraum konkret hëllefen.

3) D’Gemenge baue ganz wéineg selwer Wunnengen, déi meescht Gemenge baue keng an hunn och nach ni eng gebaut, obwuel de Staat 75% vun de Käschten dofir bezilt. Et ginn zu Lëtzebuerg ronn 1000 Sozialwunnengen, d’Caritas beziffert de Besoin awer op 30.000. An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Lénk huet eis den deemolege Logementsminister Marc Hansen (DP) geäntwert, dass d’Gemengen tëscht 2011 an 2016 insgesamt 113 nei Wunnenge gebaut hätt. Dat sinn der am Schnëtt manner wéi 20 d’Joer.

déi Lénk sinn also der Opfaassung, dass d’Gemenge keng Terrain verkafe sollten, mee am Géigendeel méi Terrain brauchen an deen dann och fir de Wunnengsbau an Eegeregie erschléisse mussen. D’Gemengen hunn haut scho Moyen’en fir dat ze maachen, de Pacte Logement gesäit zum Beispill vir, dass d’Gemengen e Virkafsrecht op all Bauterrain hunn, mee se notzen et net. Aner Instrumenter fir de Privatmarché an de Grëff ze kréien, wéi z.B. d’Besteierung vun eidelen Terrain’en a Wunnenge ginn – mat e puer Ausnamen – ni genotzt. De Baulandvertrag vun der leschter Regierung, dee Privatleit a Promoteuren dozou brénge soll, hir Terrain’en méiglechst séier ze viabiliséieren, läit de Moment am Tirang.

D’Verantwortung gëtt sech wéi eng waarm Gromper hin an hir gereecht. D’Gemengen notzen hir Mëttelen net, d’Regierunge sinn net bereet déi néideg Schrëtt méi wäit ze goen an de Gemenge Sécherheet ze ginn, zum Beispill wat d’Besteierung ugeet oder d’Expropriatioun vu groussen Terrain’en, déi vu Promoteuren oder Fongen aus renger Spekulatioun brooch leie gelooss ginn.

5 Mol méi Bio a 5 Joer? Kleng Reforme ginn net duer, et brauch e wierklechen Ëmbroch.

An der Orientéierungsdebatt iwwer d’Bio-Landwirtschaft hunn déi Lénk sech an éischter Linn op déi sozial Bedingunge vun der landwirtschaftlecher Aarbecht fokusséiert. Den Zougank zum Buedem ass fir Baueren, oft virun allem déi jonk, ähnlech wéi och beim Logement e risegt Hindernis. D’Konzentratioun vum Besëtz vun Akerland hëlt dowéinst och zou. Donieft hu mir eng komplett Refonte vun den aktuelle Subventioune gefuerdert, déi haut ëmmer nach grouss Betriber an eng Intensivéierung vun der Landwirtschaft bevirdeelegen.

Wann d’Regierung méi ëmweltschounend Praktiken, lokal a saisonal Produktioun a Consommatioun ausbauen an d’Bio-Landwirtschaft stäerke wëll, da mussen d’ëffentlech Subventiounen och deementspriechend konzipéiert ginn. Sou eng Form vu Landwirtschaft kann awer och nëmme fonctionnéieren an op Akzeptanz stoussen, wann se sozial gerecht ass. D’Léin an d’Aarbechtsbedingunge mussen anstänneg sinn, d’Produkter musse fir jidderee bezuelbar sinn. Och hei muss de Staat mat ëffentleche Gelder mat hëllefen, dass dat och méiglech ass.

D’Zil vun der Regierung fir bis 2025 de Bio-Undeel vun der genotzter landwirtschaftlecher Fläch zu Lëtzebuerg op 20% eropzesetzen, ënnerstëtze mir. Mee d’Grondviraussetzunge wat d’Terrainsproblematik an d’sozial Viraussetzunge vun enger lokaler, saisonaler, biologescher Landwirtschaft uginn, mussen onbedéngt berécksiichtegt ginn. Bio muss de Baueren a Bauerinnen eng besser finanziell Perspektiv bidden an d’Produkter dierfe kee Luxus bleiwen, wéi haut oft de Fall.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe