Militärfliger A400M: déi Lénk als eenzeg géint weider militäresch Oprëschtung

Ëm wat geet et?

Mat dësem Gesetz gëtt de Finanzement vum Entretien vum Militärfliger A400M gereegelt. Dëse Fliger huet de Staat scho ronn 200 Milliounen Euro beim Kaf kascht a soll elo iwwer déi nächst 30 Joer eng weider 420 Milliounen Euro Entretien kaschten. Dëse Montant ass op den 1. Oktober 2017 indexéiert an dobäi kënnt och nach d’TVA, sou dass dëse Militärfliger insgesamt circa 700 Milliounen Euro kascht.

déi Lénk hu géint de Kaf vun deem Fliger gestëmmt a hunn och géint den Entretien gestëmmt.

Wat soen déi Lénk ?

De Kaf vum Militärfliger a säin Entretien glidderen sech an an eng weltwäit Oprëschtungsspiral, an där och Lëtzebuerg ëmmer méi matmécht. Nieft dësem Fliger huet d’Regierung respektiv hir Virgängerin och nach Milliounen a Militärsatellitten oder de Kaf vun engem Fliger fir d’Loftbetankung vu Kampfjets decidéiert. Mat all dësen an anere Verdeedegungsausgabe soll de Militärbudget vun 2014 nach 118 Milliounen Euro d’Joer bis 2020 op 410 Milliounen Euro klammen. Eng Verdräifachung also.

De Vott iwwer dëst Gesetz huet een Dag virum Optakt vum NATO-Sommet zu Bréissel ugefaangen. Hei ass virun allem déi US-amerikanesch Regierung dem Säbelrasselen eng ganz nei Qualitéit ginn an eng Oprëschtung gefuerdert, déi fir Lëtzebuerg eng weider Vervillfachung vum scho vill ze héije Militärbudget bedeite géif.

D’Regierung gëtt dem Drock no a geet mat op de Wee vun enger geckeger Rëschtungspolitik, déi d’international Bezéiungen ëmmer méi op enger haart a geféierlech Prouf stellen.

Donieft gesinn déi Lénk et als fundamental ongerecht an onverantwortlech, weiderhi Milliounen an d’militäresch Oprëschtung ze stiechen, wärend zäitgläich all Euro dräimol ëmgedréint gëtt fir sozial Ongläichheeten ofzebauen oder fir Investitiounen an d’ekologesch Transitioun ze maachen. D’Regierung setzt an eisen Aen déi komplett falsch Akzenter fir d’Zukunft a mécht Lëtzebuerg ëmmer méi zu enger aktiver Partei an internationale Konflikter.

D’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

 

REVIS: Kee Mëttel géint déi wuessend Aarmut zu Lëtzebuerg

 Ëm wat geet et?

Mat dësem Gesetz gëtt de REVIS, de revenu d’inclusion sociale, agefouert a soumat d’Gesetz vun 1986 – dat an Tëschenzäit awer schonn e puer Mol ugepasst ginn ass – iwwer den RMG, de revenu minimum garanti, ofgeännert.

Den RMG gouf 1986 agefouert fir enger wuessender Veraarmung vu Leit entgéint ze wierken, déi opgrond vu laangem Chômage oder anere Grënn, net méi iwwer d’sécurité sociale ofgeséchert waren a soumat ouni finanziell Hëllef do stoungen.  No verschiddenen Upassungen iwwer d’Joren besteet den RMG haut aus zwou Prestatiounen. Éischtens d’ allocation complémentaire, déi Stéit kréien, deenen hire Revenu ënnert dem Montant vum RMG läit an zweetens, eng indemnité d’insertion, fir déi Leit, déi e Kontrakt fir eng Insertiounsmesure an den Aarbechtsmaart mam SNAS, dem service nationale d’action sociale, hunn.

Mam REVIS ginn des zwou Allocatiounen ersat duerch d’allocation d’inclusion an d’allocation d‘activation. Dobäi ännere sech d’Montant’en deelweis och. Beim Calcul vum REVIS gëtt de Kanner am Stot méi Rechnung gedroen a soll et an Zukunft méiglech sinn, dass méi Leit an engem Stot eng mesure d’activation matmaache kënnen.

An Zukunft muss och all Empfänger vum REVIS op der ADEM ageschriwwe sinn – och wann e scho schafft, z.B. mat engem 20-Stonnevertrag – an also sou bereet sinn, fir méi ze schaffen. Leit déi net um Aarbechtsmaart kënne schaffen, gi vun der ADEM un den ONIS weidergeleet, den de SNAS ersetzt.

Wat soen déi Lénk?

déi Lénk hu géint dëst Gesetz gestëmmt, wëll et dem eigentlechen a wichtegen Usproch vu sou enger sozialpolitescher Moossnam net gerecht gëtt: se schützt nämlech net virun Aarmut.

Mir hunn 3 Haaptkritikpunkten un dësem Gesetz an der Chamber presentéiert, déi eis Aschätzung verdäitlechen:

(1) De Fokus op d’Aktivatiounsmesurë verdeckt, dass d’Leit mat RMG haut scho bal all schaffen a just net méi kënne schaffen, wëll se entweder Kanner hunn, déi keng Plaz an enger Crèche oder engem Foyer hunn, wëll se e Familljemember musse fleegen oder wëll et transporttechnesch einfach onméiglech ass. De Leit gëtt heimat d’Liewen nach méi schwéier gemaach an hir Aarbechtsleeschtung gëtt net unerkannt. Donieft ginn et Fäll vu Stéit, déi duerch d’Konzeptioun vum System am Endeffekt en Deel REVIS verléieren, wann se méi schaffe ginn. Den Ureiz fir ze schaffen ass also guer net ofgeséchert.

(2) De REVIS ass wéi den RMG net universell, net jidderee kann e kréien. Jonker bis 25 Joer hu kee Recht drop, wouduerch jonk Salarié’en mat klenge Salairen oder mat hallwen Tâchen, wéi och jonk Refugié’en diskriminéiert ginn. An engem Stot huet och net all Persoun Usproch op de selwechte Montant, och net wann se eng mesure d’activation maachen. Donieft kann een den Usproch op de REVIS opgrond vum Sanktiounssystem verléieren.

(3) D’Montant’en sinn net héich genuch. Egal wéi eng Zesummesetzung vu Stot een sech ukuckt, se leie mam REVIS ëmmer ënnert der Aarmutsgrenz, deelweis däitlech. Dat kann net den Usproch vun dësem Gesetz sinn. Donieft ass de REVIS net un d’Präisdeierecht gekoppelt, wouduerch déi méi héich Montant’en a e puer Joer vu méi héije Präisser opgefriess sinn. Eng Cotisatioun an d’Rentekeess ass um REVIS och net fir jidderee virgesinn. Aarmut haut bedeit also fir vill vun de betraffene Leit och Aarmut am Alter.

déi Lénk hätten sech en universellt Recht op de REVIS gewënscht, Montant’en, déi de sozio-ekonomesche Realitéiten zu Lëtzebuerg ugepasst sinn a virun allem eng Approche, déi d’Aarbecht wierklech valoriséiert a jidderengem d’Méiglechkeet an d’Recht bitt, eng lounend a bezuelten Tätegkeet kënnen auszeüben, déi reell Perspektive fir d’Zukunft bitt.

Alles dat ass an dëser Reform net virgesinn. Dofir hunn déi Lénk mat NEE gestëmmt.

D’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

Projet de Loi 7302 – Mini-Crèches

Ëm wat geet et bei dësem Gesetz?

Dëst Gesetz schaaft de Kader fir eng nei Form vu Kannerbetreiung am Privatsecteur : d‘Mini-Crèchen.

Beim Personal vun de Mini-Crèchen ass een.eng Gestionnair.INN virgesinn a jeeweils 2 Kannerbetreier.INNEN fir d’pedagogescht Aarbecht, d’Gestioun vum Carnet de Bord an d’Restauratioun. D‘Betreiungspersonal muss fir een Deel mindestens ee Sekundarofschloss am pedagogeschen, psycho-sozialen oder sozio-éducative Beräich hunn. Fir den aneren Deel mindestens 5 Joer Lycée gemaach hunn am selwechte Beräich oder d’Zertifikatioun vum Assistant parental. Och mat engem Diplome d’Aptitude Professionelle /Certificat d’Aptitude Technique et Professionnelle an der Formation professionnelle ass et méiglech mat enger Formation continue vun 118 Stonnen am sozio-educative Beräich d‘Qualifikatioune vun der Kannerbetreiung an enger Mini-Crèche ze erfëllen.

An enger Mini-Crèche kënne bis zu 11 Kanner gläichzäiteg betreit ginn. D’Mini-crèche ass allgemeng eng Kombinatioun tëscht enger klassescher Crèche an engem Dispositif wéi dee vun der Assistance parentale.

Wat ass wichteg bei dësem Gesetz?

Frappant ass dat dëst Gesetz a sengem Objet drop hiweist dat d’assistance parentale net méi aus der Kannerbetreiungsoffer ewechzedenken ass (« un maillon indispensable dans la chaîne des différents services d’accueil pour enfants. »). Natierlech ass d’assistance parentale indispensabel, wann de Staat ëmmer manner an d’ëffentlech Kannerbetreiung investéiert, wéineg nei Infrastrukture finanzéiert a global seng Responsabilitéit a punkto Erzéiung an Betreiung vun de Kanner un d’privat Initiativ ofgëtt. De neien Trend vum Auto-Entreprenariat ass annoncéiert an entwéckelt sech och elo am Erzéiungsberäich. D’Geschäft vun de Crèchë boomt. Demande ass grouss an iwwertrëfft d’Offer am ëffentleche Secteur.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Als eenzeg, Dogéint. déi Lénk engagéieren sech fir eng ëffentlech gratis Kannerbetreiung, net fir de Crèchen-Business. Et ass allerdéngs och bedenklech dat bei de Konditiounen vum Agreement vun de Mini-Crèchen, d’Kritären vun der Sécherheet an der Hygiène vun den Infrastrukturen vernoléissegt ginn. Weder eng Attestatioun vun der ITM nach vum Santé’sministär ass hei néideg. Mir mengen also dat Qualitéit vun der Kannerbetreiung ënnert dësem Dispositif riskéiert ofzehuelen. Mir stellen hei net d’Kompetenzen vum Personal a Fro, déi jo schliisslech iwwer Formatiounen zertifiéiert sinn. Wat mir a Fro stellen ass d’Privatiséierung vun der Bildung, vun der Crèche, iwwer d’Schoul bis op d’Uni. Dee ganze Bildungsprozess gëtt no a no un d’privat Wirtschaft an d’Eegeninitiativ ausgelagert an de Staat stellt sech net senge Responsabilitéiten déi e besonnesch am Beräich vun der Erzéiung an der Bildung sollt hunn, als Garant fir eng Chancëgläichheet.

Gesetz iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch (Pdl 7231)

Ëm wat geet et?

Am Fréijoer 2017 huet an der Chamber an der Consultatiounsdebatt iwwer e Strategiepabeier fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch stattfonnt, dee vun der Regierung ausgeschafft ginn ass. D’Gesetz iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch soll eng Rei Punkten aus dem Pabeier ëmsetzen. Dobäi handelt et sech em:

(-) D’Schafung vun engem Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen den Aktiounsplang vun der Regierung ëmsetze soll;

(-) D’Schafung vun engem Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, dee sech aus 11 Experten zesummesetzt an an Zukunft sproochwëssenschaftlech Aspekter (Grammatik, Schreifweisen asw.) soll berodend encadréieren;

(-) D’Schafung vun engem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen sech em d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch këmmere soll a mat aneren Acteuren, e.a. am Kulturberäich soll zesummeschaffen.

Wat soen déi Lénk?

D’Lëtzebuerger Sprooch ass eng „kleng“ Sprooch, geographesch gesinn , an et ass och eng jonk Sprooch déi sech an deene leschte Joerzéngte vun engem „Dialekt“ (virun allem geschwate Sprooch) zu enger Bildungsprooch (Grammaire, Litteratur…) weiderentwéckelt huet. D’Weiderentwécklung vun eiser Sprooch – als eng modern a jonk Sprooch –  op der UNI Lëtzebuerg an och op auslänneschen Unie spillen hei eng wichteg Roll a sollte genotzt gi fir an déi Richtung weiderzedenken.

An dem Sënn ka kengesfalls behaapt ginn, dass d’Lëtzebuerger Sprooch verschwanne kéint, am Géigendeel, se gëtt staark weiderentwéckelt a gëtt ëmmer méi benotzt, sief et als geschwaten oder geschriwwe Sprooch.

D’Méisproochegkeet an d‘Sproochevielfalt déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn, gesinn déi Lénk als eng Beräicherung an als wichteg vir d’Entwéckelen an d’Weiderentwéckele vun Allgemengwëssen bäi de Kanner, de Jonken, an och den Erwuessenen. Si ass eng exzellent Sprooch fir d’Zesummeliewen an d’Zesummeschaffen hei bei eis zu Lëtzebuerg z’organiséieren an eng zolidd Basis fir weider Sproochen ze léieren.

D’Lëtzebuerger Sprooch ass och ganz staark verbonne mat dëser Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg, wëll se d’Kapassitéit huet fir sech un anere Sproochen z’inspiréieren an Termen aus anere Sprooche mat opzehuelen.

Dowéinst gesinn déi Lénk et och als immens wichteg déi Méisproochegkeet ze fërderen, déi zugläich Chance an Erausfuerderung ass, fir jiddereen.t deen hei lieft, schafft a léiert. D’Léiere vu Sprooche misst dowéinst allgemeng méi staark gefërdert ginn. Dass sech hei awer eleng op d’Fërderung vum Lëtzebuergesche beschränkt gëtt, gesi mir dowéinst och als verpasste Chance.

Déi 3 Mesuren, déi elo an dësem Gesetz virgesi sinn, ënnerstëtze mir zwar, mee mir stellen eis awer d’Fro, ob hei net en administrative Waasserkapp geschafe gëtt, mat verschiddenen Acteuren, déi riskéieren sech bei hire Missiounen éischter am Wee ze stoen. D’Dispositiounen am Gesetz si vague an et ass net kloer, wéien Acteur wéi eng Missioun huet.

D’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

8 nei psycho-pedagogesch Kompetenzzentren – PdL 7181

Em wat geet et bei dësem Gesetz?

Dëst Gesetz gesäit fir 8 Kompetenzzentre fir d’psycho-pedagogesch Betreiung vu Schüler mat spezifesche Bedürfnisser ze schafen. 5 vun 8 Zentre ginn et elo schonn, mee si ginn erweidert a bidden also nei Servicë un:

– Den Zentrum fir d’Entwécklung vu sproochlechen, auditiven a kommunikative Kompetenze gëtt an den aktuellen Zentrum fir Logopedie integréiert.

– Den Zentrum fir d’Entwécklung vu Siichtkompetenze gëtt an den aktuellen Zentrum fir Siichtdefizienz integréiert.

– Den Zentrum fir motoresch cerebral Problemer  gëtt an den aktuellen Zentrum fir d’motoresch a kierperlech Entwécklung integréiert.

– D’Zentre fir d’Education différenciée ginn an den aktuellen Zentrum fir d’intellektuell Fërderung integréiert.

– Den Institut fir Autismus a psychotesch Stéierunge gëtt an den aktuellen Zentrum fir Jonker mat autistesche Stéierungen integréiert.

3 Kompetenzzentre komme ganz nei dobäi:

– Den Zentrum fir sozial-emotional Entwécklung (Verhalensstéierungen) an Zesummenaarbecht mam Zentrum fir schoulesch Integratioun.

– Den Zentrum fir d’Fërderung vu Kanner a Jonke mat dys-Abilitéiten (dyslexies, dyscalculies, …).

– Den Zentrum fir de Suivi vu Kanner a Jonke mat intellektuellen Iwwerkompetenzen.

Wat ass wichteg?

D’Schafung vun de Kompetenzzentre sinn de leschten Deel vun engem Konzept dat de Bildungsminister als „inklusiv Schoul“ bezeechent. Si steet am Zesummenhang mat der Schafung vun de regional Direktiounen, dem Plan de développement scolaire an der Equipe de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers et/ou spécifiques (ESEB) an dem Rekrutement vun 150 Instituteurs spécialisés (I-EBS) déi an de Schoule fir d’Betreiung vu Schüler mat spezifesche Besoin’e agesat ginn. Dobäi kommen nach d‘Schafung vun de commissions d’inclusion scolaires op regionalem Niveau an d‘Amenagementer bei den Evaluatiounsaarbechten an Ofschlossexame vu Schüler mat spezifesche Bedürfnisser. Allgemeng, sinn mat dëse Mesuren d’administrativ Chargë vun den Enseignanten, mee och d’Ongläichheete vun de Carrièrë vum Schoulpersonal gewuess, zum Beispill tëscht Enseignant’en aus dem Fondamental an I- EBS’en, oder och tëscht dem pedagogesche Personal an de Kompetenzzentren an den I-EBS’en. Déi lescht hunn effektiv eng besser Pai ouni onbedéngt méi Diplomer mussen ze hunn. Dëst huet ënnert anerem mat dozou bäigedroen dat de Beruff vum Enseignant ëmmer méi onattraktiv ginn ass, wat schlussendlech och zu der Penurie am Fondamental gefouert huet. Ëm d’Konzept vun der inklusiver Schoul ass also een administrative Waasserkapp entstanen, dee vill Onkloerheeten opwerft. Zum Beispill ass net kloer wéi wäit dëst Konzept iwwerhaapt ëmsetzbar ass am Kontext vun engem akute Personalmangel bei den Enseignant’en am Fondamental, an an der Education différenciée. Wou sollen déi 150 I-EBS an d’Personal vun der ESEB rekrutéiert ginn, ouni eng weider Fuite vun den Enseignant‘en am Fondamental ze provozéieren? An wéi vill Personal ass iwwerhaapt néideg fir dat Konzept vun der inklusiver Schoul ëmzesetzen an déi supplementär Aarbecht déi dëst Konzept fuerdert gerecht ze verdeelen?

Op dës Froe fënnt een an dësem Gesetzestext keng kloer Äntwert. An d’Enseignant’en aus dem Centre de logopédie bekloen sech zum Beispill iwwer déi nei administrativ Charge déi duerch de Plan de développement individuel opkënnt, déi sinn zesumme mat den I-EBS fir all Schüler mussen ausschaffen. Fir si ass et och onkloer op hinne genuch Moyen’e an déi richteg Raimlechkeeten zu Verfügung wäerte stoe fir hir Missioune kënnen ze erfëllen. Allgemeng bekloen sech d’Enseignant’en an dat pedagogescht Personal iwwer de Manktem u Kollaboratioun an Austausch mam responsabele Minister.

Wéi hu mir gestëmmt?

Enthalen! Opgrond vun dësen Onkloerheeten, mee och op Grond vun engem anere Verständnis dat déi Lénk vun der inklusiver Schoul hunn. D’Chancëgläichheet an eiser Schoul kann nëmmen da garantéiert ginn, wann d’Inclusioun vun alle Schüler iwwert eng individuell Betreiung, an d’Konzentratioun vun de néidege Ressourcen um Terrain, also an de Schoulen, an de Klassesäll stattfënnt. Eis Enseignant’en brauchen Ënnerstëtzung keng zousätzlech administrativ Belaaschtung. Déi pedagogesch Betreiungsaarbecht kann a muss besser opgedeelt ginn an esou gutt ewéi et geet am Klassesall mam néidegen Equipement stattfannen. Dofir wëlle mir eng multiprofessionell pedagogesch Ekipp an all Klassesall. Mir sinn net géint d’Entwécklung vu psycho-pedagogeschen Zentren déi sech mat psychologeschen- a physesche Verhalensproblemer an oder diverse psycho-motoresche Barrièrë beschäftegen, doriwwer recherchéieren a nei pedagogesch Konzepter entwéckele fir den Enseignant’en kooperativ ënnert Ärem ze gräifen. Mir mengen awer dat d’Personal vun dësen Zentre muss autonom kënne schaffen an engem Kader deen optimal ass. Dofir muss och op dat Personal gelauschtert ginn. Och d’Carrièrë vun dësem Personal mussen no uewen ugepasst ginn, fir net a Konkurrenz mat hire den Instituteurs spécialisés (I-EBS) ze geroden an eng fruchtbar Kooperatioun ze garantéieren. Et muss verhënnert ginn dat Therapie déi do ugebuede gëtt enger klinescher Approche ënnerworf gëtt. Well fir ee Schoulminister den sech net wëll mat de soziale Problemer an Ongläichheete vun de Schüler auserneesetzen, déi dës Gesellschaft schaaft a verdéift, ass d’Medikaliséierung vum échec scolaire eng gutt Geleeënheet sech viru Responsabilitéiten ze drécken.

Neit Unisgesetz – PdL 7132

Ëm wat geet et an dësem Gesetz?

Dëst Gesetz reforméiert d’Organisatioun vun der Universitéit a präziséiert d’wëssenschaftlech Ausriichtung vun der Aktivitéit op der Universitéit. Domat ass dann och festgesat wat fir eng Funktioun d’Universitéit soll an der lëtzebuergescher Gesellschaft an am europäesche Raum soll anhuelen.

Wat ass wichteg?

Mat dëser Reform gëtt kloer ënnerstrach dat d’Uni nëmmen ee Mëttel zum Zweck ass fir ekonomesch Nischen opzemaachen an ze fëllen. d’Uni soll no engem Konzept funktionéieren dat een Investissement an dräi Secteure virgesäit déi eng zesumme solle schaffen: Business, Recherche an Technologien,  an Héichschoulausbildung. Si soll europäesche Kritären no konkurrenzfäeg ginn um internationale Wëssensmarché, a beschtefalls ganz ouni staatlech Mëttel finanzéiert ginn, fir den Entrepreneursgeescht bei de Chercheuren ze fuerderen an d’Zesummenaarbecht mat der Privatwirtschaft ze stäerken. Wat hei als Optakt zu méi Autonomie vun der universitärer Organisatioun, Ausbildung a Recherche gëlle gelooss gëtt, ass am Fong eng komplett utilitaristesch Usiicht vun der Universitärer Aarbecht an Ausbildung. Mat dëser Reform ginn déi wichtegst Aspekter vun der Leedung vun der Universitéit (Nominatioune vum Personal, Paien, Aschreiwungsfraisen, wësseschaftlech Orientéierung, Studiereglement etc.) weiderhi vum Conseil de Gouvernance bestëmmt. Dëse besteet gréisstendeels aus externe Membere vun auslänneschen Universitéiten an aus der Privatwirtschaft besat. De Rekter ass den Exekutiv vum Conseil de Gouvernance, him ënnerleien den administrativen Direkter, an den Direkter vun de Finanzen. Et muss drun erënnert ginn dat de Prozess vum Rekrutement vum neie Rekter ontransparent an ondemokratesch verlaf ass, sou dat de Conseil Universitaire schlussendlech virun Tatsaach gestalt ginn ass dat nëmmen ee Kandidat a Fro kënnt.

Ginn et och positiv Aspekter vun der Reform?

De Rekter ass net méi automatesch President vum Conseil Universitaire, mee seng Membere wielen de President aus hire Reien. De Rekter gëtt neierdéngs och vum Conseil Universitaire beroden. Am Conseil Universitaire gouf d’Unzuel vun de Representante vun de Fuerscher Assistente verduebelt, et ass och mëttlerweil ee Personaldelegéierten an de Sekretär vum Conseil de Gouvernance do vertruede mat enger consultativer Stëmm. De Conseil vun de Fakultéite gouf erëm agefouert.

Well den Universitéitsconseil wuel deen ass, den d’universitär Aarbecht och vun no an um Terrain verfollegt, ass et wichteg dat seng Autonomie mat dëser Reform gestäerkt gëtt, an dat en och mat Chercheuren ouni Titel besat ass, déi meeschtens am prekärste beschäftegt sinn.

Och de Conseil de Gouvernance gouf ëmorganiséiert, a besteet elo zousätzlech aus 2 Membere vum Conseil Universitaire, dem President vun der Personaldelegatioun an dem President vun der Studentevertriedung, déi all e Wahlrecht hunn.

Wéi hu mir gestëmmt?

Enthalen! Och wann et verschidden Avancéë ginn déi d’Organisatioun vun den Haaptgremie vun der Uni méi demokratesch gestalten, bleift weiderhin de Conseil de Gouvernance de mächtegste Gremium vun der Uni an deem d’Vertrieder vun der Privatwirtschaft an extern Membere weiderhin d’Iwwerhand hunn. Mir brauchen eng Uni déi endlech ka richteg autonom an demokratesch funktionéieren. Dat wier eng Uni déi net als Entreprise, mee als Wëssensinstitutioun funktionéiert an domat een humanisteschen Zweck erfëllt. Dat Recherche natierlech e wichtege Bestanddeel vun enger ekonomescher a politescher Ausriichtung ass, ass kloer, mee si kann a misst awer och autonom kënne funktionéieren an domat selwer mat bestëmme wat fir ekonomesch Secteuren an Zukunft kënnen nei entstoen an domat och d’Wirtschaftspolitik matgestalten am beschten am Interêt vun de Leit. D’Uni an d’Recherche kéinten also e groussen Deel zum ekologeschen a soziale Wandel bäidroen, nei Aarbechtsplaze schafen och am Beräich vun den Human a Sozial Wirtschaften déi ëmmer nach vernoléissegt ginn, mam Argument dat se net rentabel wieren. Eng Uni gehéiert virun allem de Studenten an de Leit déi do schaffen. Si hunn e Recht op Matbestëmmung  iwwer d‘Verwaltung vun hirer Uni.

 

Neit Naturschutzgesetz (Projet de loi n° 7048)

Ëm wat geet et?

Mat dësem Gesetz gëtt déi ganz Gesetzgebung am Beräich vun den natierleche Ressourcë reforméiert. Zu Lëtzebuerg ass den Naturschutz e Problemkand. Eng feelend Landesplanung, Zersiidlung, eng naturschiedlech Landwirtschaft an sou weider féieren zum Verloscht vu schützenswäerte Landschaften an Aartevillfalt, wéi och zu der Schiedegung vun eisen natierleche Liewensgrondlagen, wéi z.B. dem Drénkwaasser.

Wat ass wichteg?

D’Gesetz gesäit vir, dass bei all Infrastrukturprojet muss versicht ginn, de Schued fir d’natierlech Ressourcen sou kleng wéi méiglech ze halen. Dofir ginn et zwou Approchen:

(1) D’Verhënnerung oder d’Eliminatioun vu Konsequenzen op d’Ëmwelt an d’Natur;

(2) D’Kompensatioun vun entstanene Schied op enger anerer Plaz.

Et ass am Gesetz allerdéngs net kloer, a wéi enge Fäll de Minister fir wéi eng Approche optéiere kann. De Problem ass nämlech, dass d’Verhënnerung/Eliminatioun potentiell méi deier an ëmständlech ass. Allerdéngs ass d’Verhënnerung aus engem ekologesche Point de Vue ëmmer besser, wëll net all natierlech Ressource (z.B. e Biotop) tel quel ze kompenséieren ass.

An de meeschte Fäll wäert also wuel eng Kompensatioun virgeholl ginn a fir des Fäll schaaft d’Gesetz sougenannte Kompensatiounspools. Dëst si uneneenhängend Flächen, déi dem Staat an de Gemenge gehéieren, also ënnert ëffentlecher Kontroll bleiwen, op dene Kompensatiounsmesuren (z.B. nei Beem planzen) virgeholl ginn. E Promoteur vun engem grousse Bauprojet bezilt also an Zukunft einfach e Montant x un de Staat an dee këmmert sech em d’Kompensatioun. Sou muss de Promoteur net selwer Terrain’en kafen an d’Kompensatioun maachen.

Des Approche werft awer eng Rei Froen op: Wat muss eigentlech kompenséiert ginn ? Gëtt duerch sou e service clé en main net d’Zerstéierung vun natierleche Ressourcen incitéiert a méi « bëlleg » ? Gëtt d’Natur net zur Wuer, wann een einfach just nach e Montant x bezuele muss, wann een eppes futti mécht?

Donieft si fir déi Lénk och aner Froe vu grousser Relevanz, z.B. natierlech d’Fro vum Terrainsbesëtz an d’Méiglechkeet vu Staat a Gemengen iwwerhaapt un Terrain’en ze kommen. E Virkafsrecht wéi z.B. am Pacte Logement ass leider net virgesinn.

Wat soen déi Lénk?

Dofir! Obwuel et natierlech eng Rei Kritikpunkte ginn, stellt dëst Gesetz awer e Fortschrëtt am Beräich vum Naturschutz an eisen natierleche Liewensgrondlagen duer an dat ënnerstëtze mir. Mir hunn awer déi feelend Kohärenz a Konsequenz vun der Regierung kritiséiert. Fir wierklech effikassen Natur- an Ëmweltschutz kënnen ze maachen, mussen och aner Politikberäicher mat consideréiert ginn, wéi z.B. d’Landwirtschaft (z.B. den Asaz vu Pestiziden an intensiv Véihaltung), den Transport (z.B. den Tanktourismus) oder schiedlech Nischepolitiken (z.B. de Spacemining). Dat huet des Regierung net gemaach, wouduerch d’Wierksamkeet vun dësem Gesetz gréisstendeels verpuffe wäert.

All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

 

Déi nei Patentbox: Eng “arme de défiscalisation massive”

Ëm wat geet et?

Eng Patentbox ass e generéise Steierregimm fir Entreprisen, deen et hinnen ënnert anerem erlaabt, 80% vun de Revenuen aus Patenter steierlech ofzesetzen. An der Vergaangenheet ass déi Lëtzebuerger Patentbox massiv vun de Multinationale benotzt ginn, fir mat Hëllef vu komplizéierte Montagë Steieren a Milliardenhéicht ze vermeiden. No dem Luxleaks-Skandal huet se missten op massiven Drock vun deenen aneren EU-Länner ofgeschaaft ginn.

Mat dem Projet de Loi 7163 gëtt elo eng nei Versioun vun der Patentbox agefouert, déi zwar konform ass mat neien internationale Reegelungen (an dofir och méi restriktiv ass), déi awer trotzdeem potentiell Abus’en net ausschléisst.

Wat ass wichteg bei dësem Gesetz?

Déi nei Patentbox ass zwar konform mat den internationale Reegelungen, mä dat ass keng Garantie, datt se net méi fir d’Steiervermeidung mëssbraucht ka ginn. Eng global Consultingfirma, déi an deem Domaine täteg ass, seet dozou: „Plus contraignant que l’ancien régime, ce projet de loi (s’il est adopté) offrera sans doute de nouvelles opportunités aux contribuables [les entreprises] en matière de structuration des activités de Recherche et de Développement à travers le Luxembourg“.

Wuel gemierkt: „à travers le Luxembourg“ a net „au Luxembourg“. Dobäi kënnt, datt dëst Gesetz de Steierdumping an Europa weider undreift.

Datt déi Patentbox géif déi privat Fuerschung an d’Entwécklung hei am Land undreiwen, sou wéi vun der Regierung behaapt, ass beschtefalls Wonschdenken. Well bei deene Steiervergënschtegunge muss d’Fuerschung net zwéngend hei am Land stattfannen, och Fuerschung aus dem Ausland kann dovunner profitéieren. Doriwwer eraus gëtt et guer keng Unhaltspunkten, datt eng Patentbox iwwerhaapt d’Fuerschung erhéicht. 2008, wou mer déi éischt Patentbox hei zu Lëtzebuerg agefouert hunn, louch déi privat Recherche bei 1,28% vum PIB. Sechs Joer méi spéit, 2014, louch se just nach bei 0,66%, huet sech also praktesch halbéiert.

Wat bleift ass also virun allem e risege Steier-Cadeau un déi grouss Entreprise mat de Sue vum Lëtzebuerger Steierzueler, dee schwéier ze bezifferen ass. De Steierverloscht gëtt vun der Regierung op 50 Millioune pro Joer geschat, de Conseil économique et social huet an der Vergaangenheet vun 250 Millioune pro Joer geschwat. Zum Verglach: de gratis ëffentlechen Transport fir jiddereen, deen déi Lénk fuerderen, géif ronn 30 Millioune pro Joer kaschten.

Wéi hu mir gestëmmt?

Dogéint! An deenen 10 Joer säit der Finanzkris, wärend deene knallhaart Austeritéitsprogrammer a ganz Europa, an och hei zu Lëtzebuerg, duerchgeboxt gi sinn, konnten d’Multinationalen hir Steierlaascht ëm 9 Prozent erofsetzen. An dat genee wéinst esou Gesetzer wéi dësem. D’Gesetz ass mat de Stëmme vun DP, LSAP, déi Gréng an ADR ugeholl ginn. D’CSV huet sech enthalen, well et hir d’Steiererliichterunge net wäit genuch ginn.

Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) – Projet de loi 6861

Em wat geet et bei dësem Gesetz ?

Mat dësem Gesetzesprojet ginn d’Rettungsdéngschter zu Lëtzebuerg – Pompjeeën (déi fräiwëlleg an d’Beruffspompjeeën, d’Protection civile an de SAMU) an eng eenzeg a gemeinsam Struktur zesummegeféiert. Domadder gëtt eng professionell Organisatiounsstruktur geschaten, déi eis Rettungsdéngschter méi effikass mécht. Dëst ass wichteg, well an deene leschte Jore bei de fräiwëllege Pompjeeën ëmmer manner Benevollen ëmmer méi Asätz hu fuere missten. Doduerch war d’Situatioun deelweis kritesch an eist Rettungswiese war fir bei an hanne widder.

 

Wat ass wichteg bei dësem Gesetz?

1 – déi gemeinsam Struktur erméiglecht et, méi kloer Responsabilitéitsberäicher ze definéieren an doduerch méi effikass ze funktionéieren. D’Land gëtt a 4 Zonen opgedeelt, déi a verschidde “groupement de secours” opgedeelt sinn, woubäi all Grupp verschidden Asazzenteren huet.

2 – déi fräiwëlleg Pompjeeë gi verstäerkt ënnerstëtzt an d’Benevolat attraktiv gemaach duerch kloer gereegelt an eenheetlech steierfräi Indemnitéiten, déi en Fräiwëllegen ze gutt huet, duerch e spezielle Congé (bis zu 60 Deeg an enger Beruffskarriär), duerch d’Méiglechkeet vu subventionéierten Zousazpensiounen.

3 – d’Professionaliséierung gëtt viru gedriwwen duerch d’Méiglechkeet verstäerkt haaptberufflech Pompjeeën anzestellen. Virbild sinn hei d’Stater Beruffspompjeeën.

4 – Formatioun a Weiderbildung sinn en zentraalt Element vum Gesetz. Duerfir gëtt en “Institut national de formation des secours” geschafen, mat dem néidege Personal an der néideger Ausstattung.

 

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Duerfir !

Dëst Gesetz ass noutwenneg a längst iwwerfälleg. Et schaaft de Kader, datt eist Rettungswiesen och an Zukunft professionell funktionéiere kann an domadder den Erausfuerderunge vun der Sécherheet vum Land a senge Leit gewuess ass.

Projet de Loi 7129 – Convention 169 de l’OIT

Ëm wat geet et bei dësem Gesetz?

Mat dësem Gesetz ratifizéiert Lëtzebuerg d’Konventioun 169 vun der Organisation Internationale du Travail (OIT) zum Schutz vun den indigene Vëlker (peuples indigènes et tribaux). Dorënner versteet een d’Ureinwohner an engem Land oder traditionell Communautéiten, déi sech vun dem Rëscht vun der Bevëlkerung duerch hir Traditiounen ënnerscheeden a sech selwer och als Communautéit gesinn.

D’UNO schätzt, datt et an der Welt ronn 370 Milliounen Indigener gëtt. Oft ginn se diskriminéiert oder vun hirem Land verjot, zum Beispill wéinst dem Ofholze vun de Bëscher, grousse Projete fir den Ofbau vu Ressourcen oder beim Bau vu Staudämm.

Dës Konventioun stäerkt hir Rechter an erkennt ënnert anerem hiert Recht op Land un. En zentrale Punkt ass déi sougenannten „consultation préalable“. Wa staatlech Instanzen oder privat Entreprisen e Projet op dem Territoire vun enger indigener Communautéit plangen, muss déi virdrunner informéiert an hir Zoustëmmung ginn.

Wat ass wichteg bei dësem Gesetz?

D’ILO-Konventioun 169 aus dem Joer 1989 ass eng erfollegräich Initiativ, déi zemools am latäinamerikanesche Raum ganz wichteg Repercussiounen huet. De Bäitrag, deen se do fir d’Unerkennung a fir de Schutz vun indigene Communautéite geleescht huet, kann ee net genuch ervir sträichen. Virun allem d’consultation préalable ass mëttlerweil zu engem zentralen Instrument gi fir hir Emanzipatioun.

Lëtzebuerg huet zwar selwer keng indigen Bevëlkerung, stäerkt awer mat der Ratifikatioun dës Konventioun op internationalem Niveau an hëlleft dobäi, hir Prinzipien zu engem globale Standard ze maachen. Wat méi Länner bäitrieden, wat dës Konventioun méi unerkannt gëtt. Dofir hunn eng ganz Rei vu Lëtzebuerger ONGen och säit Jore Campagne gemaach, fir datt mir dës Konventioun adoptéieren.

Donieft däerf dës Ratifikatioun awer net just e symboleschen Akt bleiwen. Si muss eis engersäits zum Nodenke bréngen, iwwert den Impakt, dee mir iwwert onsere Konsum op déi Communautéiten hunn an anerersäits awer och konkret Auswierkungen op ons Politik hunn. Datt betrëfft natierlech an éischter Linn ons Aussen- a Kooperatiounspolitik, respektiv ons Wirtschaftspolitik.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Dofir! Dëse Projet ass dann och eestëmmeg ugeholl ginn. déi Lénk huet bei dëser Geleeënheet och nach eng Motioun deposéiert, fir datt Lëtzebuerg och nach aner wichteg Konventioune vun der OIT ratifizéiert. Dës Motioun ass schlussendlech un déi zoustänneg Kommissioun weider geleet ginn.

All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen

 

 

 

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe