PdL 7075 – Observatoire de la qualité scolaire

Ëm wat geet et bei dësem Gesetz?

Dëst Gesetz setzt de Kader fir d‘Schafung vun engem Observatoire de la qualité scolaire, engem Organ dat sech aus 8 vum Minister ernannten Expert’en aus dem ëffentlechen a private Secteur zesummensetzt, dat fir d’Evaluatioun vum lëtzebuergesche Schoulsystem zoustänneg ass an den Optrag huet fir Analysen ze maache vun nationalen an internationalen Etuden iwwer d’Qualitéit an d’Organisatioun vun der Schoul.

Wat ass wichteg bei dësem Gesetz?

Analysen a Propositiounen déi zu der qualitativer Opwäertung vun engem Schoulsystem bäidroe si sécherlech wäertvoll an noutwendeg. Just ass bei dësem Gesetz kee Wäert op eng präzis Definitioun vun de Missioune vum Observatoire de la qualité scolaire geluecht ginn. D’Exigenze wat d’Kompetenzen an de Parcours vun den Expert’en ubelaangt, aus dem sech dëse Gremium zesummesetzt, si relativ niddreg am Verglach zu der Erfarung déi ee Proff oder Schoulmeeschter hautzedaags muss matbréngen. Anerersäits riskéieren d’Expert’en aus dësem Gremium relativ wéineg mat der Realitéit um Terrain vum Enseignement ze dinn. Och wann d’Expert’en sech kënne bei den Enseignant’en informéieren, sou leien dach awer d’Gespréichsronnen tëschent dem Minister a verschiddene Gewerkschaften op Äis.  

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Dogéint !

déi Lénk gesinn awer och ee Problem bei der politescher Neutralitéit vum Observatoire, de schliisslech un de Ministère attachéiert ass. Dee gréisste Probleem gesi mir och doranner datt dës Expert’en vum Minister arbiträr ernannt gin an datt d’Gesetz guer keng Ernennungskritären virgesäit. Den Erzéiungsminister huet d’Schlusswuert bei der Festléeung vun de Prioritéiten no deenen dem Observatoire seng Aarbecht sech wäert riichten. Iwwert eng Konventioun mat der Unilu an den Engagement vu Chercheuren a Chercheusen déi am nationalen- an internationale Bildungsberäich schonn etlech Studien duerchgefouert hunn an d’reegelméisseg Consultatioun vun den Enseignant‘en hätt een sech dëse Manöver kënne Spueren.

PdL 7008 – Prostitutioun

Ëm wat geet et an dësem Gesetz?

Dëst Gesetz sollt sengem Titel no de Kampf géint d’Exploitatioun vun der Prostitutioun, de Proxenitismus an de Mënschenhandel zu sexuellen Zwecker virundreiwen an dem nei repressiv Mesuren agesat ginn, déi nieft sozialen a preventive Mëttel sollen de Prostituéierten eng gréisser Sécherheet bidden an den Ausstig aus der Prostitutioun erméiglechen.

Bei den neie repressive Mesuren handelt et sech ëm Modifikatiounen engersäits vum Code d’instructioun pénale an anerersäits vum Code Pénal.

Bei der Modifikatioun vum Code d’instruction pénale geet et drëms den Offizéier vun der Police judiciaire mat der Erlaabnis vum Procureur d’Etat, d‘Méiglechkeet ze ginn zu jidder Zäit an all Hotel, miwweléiert Haus, Pensioun, Café, Club, Cercle, Dancing, Spektakel mat hiren Annexen an all aner Plazen déi fir de Public op sinn oder vum Public genotzt ginn, eranzegoen falls präzis, kloer a stéchhalteg Indizie bestinn op Proxenitismus a regulär Passagë vu Leit déi sech der Prostitutioun ausliwweren.

Bei der Modifikatioun vum Code Pénal kënnt et zu folgende Mesuren:

– D’Penaliséierung vun all Propriétaire, Hotelier, Logeur, Cabarettier, allgemeng all Persoun déi engem d’Notze vun engem Gebai oder engem Deel vun engem Gebai zu Verfügung stellt oder toleréiert obwuel en weess dat des Plaze genotzt ginn zu Prostitutiounszwecker an en och selwer dovu profitéiert. An engem éischte Volet sollt des Mesure verschäerft ginn, sou dat d’Penaliséierung eleng un bewosst Vermëttlung vun de Raimlechkeete gebonne wär an deene Prostitutioun bedriwwe gëtt. De Staatsrot, mee och de Parquet hunn sech dem awer formell entgéintgesat, well et eng zousätzlech Stigmatiséierung- a Gefor fir d‘Prostituéierten duerstellt déi riskéieren hire Logement ze verléieren.

– D’Penaliséierung vu Prostiuéierten déi hir Client’en op der Strooss werben, genannt „délit de racolage“. Wuelbemierkt dat Prostituéiert déi engem Reseau, oder Proxenet  ënnerleien an sech gezwongenermoosse prostituéieren, net strofbar sinn.

– D’Penaliséierung vun de Client’en vu Prostituéierten, ënnert der Konditioun dat se sech bewosst op eng sexuell Relatioun oder nëmmen ee prinzipiellen Accord op eng bezuelte sexuell Relatioun agelooss hunn mat enger oder engem Prostituéierten den/dat uschäinbar Zeeche vun enger „Vulnerabilitéit“ opweist. Sou wéi se gesetzlech festgehalen ass, gëllt als „vulnerabel“ eng Persoun déi mannerjäreg, physesch oder geeschteg geschwächt, ouni Papéieren, sozial prekär, schwanger, oder kierperlech ageschränkt ass.

– Depenaliséierung vum Client kann der Strof awer entkommen, falls en bereet ass mat der Police ze collaboréieren a vu sengem Delikt ze temoignéieren.

– Penaliséierung vun de Persounen déi um Traffik an un der Zerstéierung vu Rees- an Identitéitsdokumenter bedeelegt sinn.

Wat ass wichteg?

Hautzedaags an Europa, sinn déi meeschte Prostituéiert Fraen déi gréisstendeels aus dem Ausland kommen a keng Pabeieren hunn.  Och wann et Männer ginn déi sech prostituéieren, sinn d’Fraen awer allgemeng der Prostitutioun méi ausgesat wéinst de strukturelle sozialen Ongläichheeten tëschent de Geschlechter. D’Ongläichheete vun de Gehälter tëscht Mann a Fra, d’Entwäertung vun Aarbechten déi gréisstendeels vu Frae gemaach ginn, d’Hallefzäitbeschäftegung oder Ënnerbeschäftegung vun de Fraen, ënnerstëtzen den Androck dat Fraen allgemeng manner Wäert sinn ewéi Männer, mee och dat se vun Natur aus méi schwaach a fragil wieren.  An dëser Logik fuerdere verschidde Feministesch Kreesser déi abolistesch Reegelung vun der Prostitutioun. Dat heescht, dat d’Fro vun der Prostitutioun reduzéiert gëtt op d’Victimiséiere vun de Fraen an op d’sexuell Gewalt duerch d’ Client’en an d’ Proxeneten.

D’Subordinatioun vun de Fraen ass historesch, an d’Prostitutioun ass virun allem eng Konsequenz vun enger Aarmutssituatioun an der finanzieller Prekaritéit déi mat der Organisatioun vun engem liberaliséierten Aarbechtsmarché zesummenhänkt. En plus ass d’Prostitutioun als Liewensënnerhalt méi attraktiv ewéi eng sougenannten « éierlech Aarbecht » um Aarbechtsmarché, déi wéi gesot oft prekär ass.  An dësem Wirtschaftssystem den uechter d’Welt dominéiert, de mondialiséierten, dereguléierte Kapitalismus, si ganz besonnesch Populatiounen aus den aarme Länner betraff, déi duerch Kricher a Misär an den Exil gezwonge ginn.  Zu Lëtzebuerg sinn eng grouss Partie Prostituéiert Migranten ouni Pass, déi och am meeschte verschiddene Forme vu Gewalt ausgesat sinn. Oft Verscholdung bei sougenannte Passeuren déi hinnen et erméiglechen Europa ze erreechen, an der Hoffnung do kënnen e bessert Liewen ze féieren, gräifen des Migrant.Inn.en oft op d’Prostitutioun zeréck fir méi schnell hir Scholde kënnen zeréck ze bezuelen. Well, ouni Openthaltsgeneemegung ass et verbueden ze schaffen an och mat enger Regulariséierung bitt den ordinären Aarbechtsmarché nëmme kleng Paien, gebonnen un onqualifizéiert Aarbechtsplazen, oder awer d’Qualifikatioune ginn hei am Land net rechtlech unerkannt.  Et ass also verständlech, dat des Situatioun dozou ureegt déi Concernéiert an d’Hänn vun de Proxeneten ze dreiwen, déi hinnen deemno eng Wunneng ubidden an se och viru Policekontrollen a Sanktioune kënne schützen. Sou ass dann och de Fanatismus vun der fräier Entscheedung vun der Prostitutioun widderluecht, op mannst als Liewensverdéngscht. Et ass eng Dynamik vun der sozialer Ofgrenzung, déi op dramateschst Aart a Weis d’Méiglechkeeten un würdeg materiell Konditioune kënnen erunzekomme reduzéiert, an dofir sech d’Necessitéit sech ze prostituéiere weider imposéiert .

Wéi hunn déi Lénk gestemmt?

Dogéint! Déi verschidde repressiv Mesuren déi dëse Gesetzesprojet fërdert fir soi-disant géint de Mënschenhandel zu sexuellen Zwecker an de Proxenitismus unzekämpfen, stellt eng lëtzebuergesch Haltung zu der Prostitutioun duer, déi op eng plus ou moins verstoppte Manéier eng repressiv Politik géint Prostituéiert an hir Client’en ënnerstëtzt.  

D’Penaliséierung vum Racolage (Uwerben) a vum Zougrëff zu der Prostitutioun bleift weiderhi bestoen. D’Bedingungen dëser Penaliséierung ze entkomme sinn esou vague verfaasst dat vill Plaz fir variéiert Interpretatioune bleift a wéineg Plaz fir Prouwen. D’Prostituéiert an d’Client geroden domat an Enkpass an dem den Temoignage, also d’Ausso den eenzegen Auswee ass. Leider huet dat awer als Konsequenz dat Prostituéiert déi fir ze préiwen op se engem Reseau ugehéieren oder an iergend enger Weis vulnerabel sinn, sech verschiddene Geforen aussetzen an zousätzlech stigmatiséiert ginn, oder hir Aktivitéit nach méi isoléiert mussen ausübe fir der Policekontroll ze entwëschen. Dem Client seng Ausso dréit och zu de Prostituéierten hirer Stigmatisatioun an Onsécherheet bäi. De Client sollt duerch d’Menace vun enger Bestrofung dovun ofgehale ginn de Prostituéierten hir Servicer ze notzen. Domat viséiert als also ee Réckgang vun der Demande, eng Aart a Weis de Prostituéierten et onméiglech ze maachen hir Aktivitéit weider ze féieren. Allgemeng kann et zu enger elargéierter a nach méi frequenter Polizeilecher Kontroll kommen, déi Prostituéiert veronséchert. Des nei repressiv Mesuren droe wéineg zum Kampf géint Proxenitismus’en etc. bäi, mee aggravéieren d’sozial an ekonomesch Situatioun vun de Prostituéierten.

déi Lénk wëllen deene Problemer op de Gronn goen déi d’Prostitutioun, de Proxenitismus an de Mënschenhandel fërderen an ënnerhalen, nämlech déi globaliséiert sozial- an ekonomesch Ongläichheeten. Fir déi Lénk sollt d’Verbesserung vun de Liewenskonditiounen- an d’sozial Versécherung vun de Prostituéierten d’Haaptzil vun engem Gesetz sinn, dat de Phenome vun der Prostitutioun behandelt. Dëst geet net ouni Depenaliséierung vun der Prostitutioun, weder nach ouni d’Unerkennung vun enger „Sexaarbescht“ an der Afrostellung vun engem ongerechte Wirtschafts- a Gesellschaftssystem.

Neie Spidolsplang (Projet de loi 7056)

Em wat geet et am Gesetz ?

Mat dësem Gesetz gëtt d’Spidolswiese fir déi nächst 10 Joer organiséiert. Domat sinn ënner anerem d’Zuel vun de Better, déi et landeswäit muss ginn oder nach d’Opdeelung vun de verschiddene Spidolsservicer um nationalen Territoire gemengt. Betraff vun dësem Gesetz sinn awer net nëmmen déi normal a spezialiséiert Spidäler, mee och z.B. d’Laboratoiren.

Wat ass wichteg ?  

D’Spidolsplanung gëtt fir d’éischt Kéier iwwer Gesetz gereegelt, virdrun ass dat ëmmer mat engem règlement grand-ducal gemaach ginn. Soumat ass et fir d’éischt Kéier zu enger gesellschaftlecher Debatt iwwer d’Spidolswiese komm an de Spidolsplang huet dowéinst och d’Chamber musse passéieren.

D’Diskussiounen iwwer eng nei Spidolsplanung ginn awer schon op 2013 zréck. Deemools war d’Debatt ganz staark vun der Austeritéitspolitik gekennzeechent. Et goung drëm d’Käschte vum Gesondheetswiesen allgemeng a vum Spidolssecteur am speziellen ze drécken. déi Lénk hunn sech deemools an der Chamber scho géint Verschlechterungen am Spidolswiese gestallt. De Geescht vun der deemoleger Debatt ass awer bis haut net ganz verflunn an ass och an dësem Gesetz nach präsent.

Dem Spidolsplang läit eng Bestandsopnam vum Spidolswiesen zu Grond, déi sougenannte carte sanitaire. Den Inhalt vun der carte sanitaire gouf awer als onvollstänneg an irreführend bezeechent, wouduerch d‘Gesetz der Realitéit aktuell schonn net ganz Rechnung droe kann.

Zu de wichtege Weichestellunge vum Gesetz gehéieren:

(-) Fir déi nächst Jore stinn elo Limitatioune wat d’Betterzuelen an den eenzele Spideeler ugeet am Gesetz. Dat ass onverstänneg, wëll Previsioune wat d’Bevëlkerungszuel an d’Besoin’en iwwer sou Zäitraim net fiabel sinn a besonnesch och déi wuessend Zuel u Frontalier’en net consideréiert gëtt, déi eist Spidolswiesen awer och matfinanzéieren.

(-) De sougenannte „virage ambulatoire“, deen dozou bäidroe soll, dass an Zukunft manner Better gebraucht solle ginn. D’Patiente sollen also verstäerkt just fir en Agrëff moies an d’Spidol kommen an dann owes erëm heemgoe kënnen. Wéi dëse „virage ambulatoire“ awer fonctionnéiere soll, ass am Gesetz net virgesinn. Problematesch ass dat virun allem dowéinst, wëll sou eng nei Approche vill Verännerungen an der Organisatioun vun engem Spidol bedeit an awer och aner Folgekäschten huet, notamment wat z.B. d’Betreiung vu Patienten ausserhalb vum Spidol ugeet.

(-) Et gi sougenannten « centres de compétences » a Spideeler ageriicht. Dat bedeit also, dass verschidde Servicer an engem oder méi Spideeler gebündelt ginn, sou dass an Zukunft net méi all medezinesch Leeschtung iwwerall ugebuede gëtt. Dëst mécht a verschiddene Gebitter Sënn, an anere stellt et awer déi geografesch couverture vun engem wichtege service public a Fro. Op dësem Punkt gouf am Gesetz awer vill nogebessert.

(-) D’Gestioun vun de Spideeler gëtt méi demokratesch. An Zukunft decidéieren am Conseil d’Administratioun vun de 4 Spideeler och VertriederInne vum Spidolspersonal an den Doktere mat. Donieft ass och d’e Gesondheetsministère an all CA stëmmberechtegt vertrueden.

(-) D’Gesetz schreift d’Conceptioun vum Gesondheetswiesen als Marché weider fort. Sou gouf d’Chance verpasst, de Statut vum Dokter als Salarié vum Spidol méi auszebauen an ze verallgemengeren. Den Dokter bleift weider eng Aart Entrepreneur, den d’Apparaturen an d‘Reimlechkeeten an de Spideeler notzt, mee dem Spidol an hirer Direktioun awer net Rechenschaft schëlleg ass. Dat erschwéiert d’Organisatioun vum Spidol an domat och d’Oprechthale vun engem effikassen ëffentleche Gesondheetsservice, deen och an Noutsituatioune voll asazfäeg muss sinn.

(-) Dorun uknäppend gëllt et och d’Situatioun vun de Laboratoires médicaux ervirzehiewen. Och wann de Laboratoire Nationale de Santé elo eng gesetzlech Basis um Monopol bei de Kriibsdiagnosen an bei genetesche Krankheeten huet, sou bleift de Rescht vun de Prouwen (Bluttanalysen etc.) vun engem Privatmarché dominéiert. Déi privat Laboen, wéi z.B. ketterthill, si riseg Betriber, déi vun internationalen Investmentfonge kontrolléiert sinn. Do zielt just d’Rendite, wouduerch de Patient mat senge Besoin’en zu enger Wuer, respektiv zu engem Investitiounsprojet fir lukrativ Zwecker gëtt.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ? 

Enthalung. De Projet a senger éischter Versioun hätt vun déi Lénk en Nee bedeit, wëll verschidde wichteg medezinesch Beräicher sou staark zentraliséiert sollte ginn, dass d’Bedingunge fir vill Patiente méi schlecht gi wieren. No enger Rei Nobesserunge gesäit d’Gesetz keng grondleeënd Verschlechterunge gesäit d’Gesetz net méi vir, mat Ausnam vun der Limitatioun bei de Spidolsbetter, déi potentiell  Schwieregkeete kéint mat sech bréngen. Eng positiv Neierung ass fir eis awer d’Stäerkung vun der demokratescher Gestioun vun de Spideeler. Mir kritiséieren awer weiderhin, dass d’Gesondheet ëmmer méi zur Wuer gëtt. Des Entwécklung gëtt vun dësem Gesetz leider net a Fro gestallt (Bsp. d’Entwécklung vun de Privatlaboen).

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit votéiert. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

Pdl 7060 – Upassung vu verschiddenen extraordinäre Congésdeeg

Em wat geet et am Gesetz ?

Mat dësem Gesetz gi verschidden extraordinär Congésdeeg, déi en Salarié bei bestëmmten Evenementer ze gutt huet, deelweis erweidert an deelweis reduzéiert.

Wat ass wichteg ?  

Zu de Verbesserunge gehéieren :

(-) De Congé pour raisons familiales konnt ee bis elo ufroen, wann e Kand krank war an dëst bis zu 2 Deeg am Joer bis d’Kand 15 Joer al war. Et hat een also maximal 30 Congésdeeg zegutt. Mam neie Gesetz huet ee bis zu 35 Deeg zegutt an dëst opgedeelt op 3 Tranchen : 12 Deeg an deene 4 éischte Joer no der Gebuert, 18 Deeg wann d’Kand tëscht 4 an 13 Joer al ass a 5 Deeg wann d’Kand tëscht 13 an 18 ass. Dëst ass eng positiv Flexibiliséierung am Interêt vun den Elteren an de Kanner.

(-) De “Pappecongé” gëtt vun 2 op 10 Deeg erweidert.

(-) De Congé postnatal gëtt vun 8 op 12 Woche vereenheetlecht – bis elo huet eng Fra missten noweisen, datt si niert, fir déi 4 zousätzlech Wochen ze kréien.

(-) De Congé d’accueil gëtt och op 12 Wochen ausgebaut am Fall, wou een e Kand ënner 12 Joer adoptéiert.

(-) De Congé am Stierffall vun engem mannerjärege Kand gëtt vun 3 op 5 Deeg ausgebaut.

Zu de Verschlechterunge gehéieren :

(-) De Congé am Fall vum Bestietnis gëtt vu 6 op 3 Deeg erofgesat.

(-) De Congé am Fall vum PACS gëtt vu 6 op 1 Dag erofgesat.

(-) D’Eltere vu Kanner, déi sech bestueden oder pacs’en gëtt vun 2 op 1, resp. 0 erofgesat.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ? 

Ouni Begeeschterung : duerfir. Verschiddene gudden Ännerungen, stinn awer punktuell Verschlechterunge géigeniwwer. Am grousse Ganzen iwwerweien awer d’Verbesserungen, déi besonnesch jonke Famillje mat Kanner ze gutt kommen. Mee et ass kee grousse Worf an d’Fuerderung fir de legale Mindestcongé vu 25 op 30 Deeg an d’Lut ze setzen, bleift weiderhin top aktuell.

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit, der CSV an déi Lénk votéiert, den ADR huet sech enthalen. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

Pdl 7144 – Gesetz iwwer d’Erweiderung vun der A3

Em wat geet et am Gesetz ?

D’Autobunn A3 soll op 3 Spueren ausgebaut ginn, fir de Wuerentransport a Richtung Containerhub Beetebuerg-Diddeleng ze vereinfachen an d’Entwécklung vum Logistiksecteur ze ënnerstëtzen. 

 

Wat ass wichteg ?

Trotz gréisseren Investissementer an de Schinnentransport bleift och weiderhin de Fokus vum Transport um motoriséierten ëffentlechen Transport an um Auto, dat féiert zum Ausbau vum Stroossennetz. D’Vergréisserungkäschte vun der A3 (356 Mio) leien no beim Gesamtbudget vun 305,8 Mio déi de Staat 2016 an de Beräich vun de Schinneninfrastrukturen investéiert huet. D’A3 ass eng staark befuere Beruffsverkéier’s Ax, grad well se eng direkt Verbindung tëscht der Stad an dem Süde bis op Metz, duerch d’franséischt Grenzgebitt erméiglecht. Mëttlerweil pendelen 180.000 Frontalier’e all Dag op Lëtzebuerg wou se schaffen. Vun deene fiert de Gro mam Auto, well grenziwwerschreidend ëffentlech Transportréseau’en quasi inexistent sinn, an och do éischter op motoriséiert Transportmëttel zeréckgegraff gëtt déi gréisstendeels vu private Firme gestallt ginn an d’Schinnenetz net weider ausgebaut oder exploitéiert gëtt. Parallel zu de Vergréisserungspläng vun der A3, huet d’Regierung wëlles déi direkt Zuchverbindung tëschent Volmerange-le-Mines an der Stad iwwer Diddeleng bis 2018 ganz ze sträichen.

 

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Dergéint ! Bei dësem Infrastrukturprojet handelt et sech em eng Tëscheléisung ouni Nohaltegkeetsfakteur, wou den ëffentleche Persounentransport eng Niewefro bleift. 

Bei der Mobilitéitsplanifikatioun feelen zu Lëtzebuerg Alternativen zum Individualverkéier. Dëst ass eng Konsequenz vu feelendem politesche Wëllen, jee nodeem och zeréckzeféieren op ee liberale Wandel bei déi Gréng. Als Matleefer an der Regierung, stinn déi Gréng nët méi als Symbol vun der ekologescher Transitioun, mee als Gréngwäscher vun der Betoniséierung an dem Elektroauto. Och wann sech mëttlerweil eppes an der Mobilitéit beweegt, sou dréit sech de Réckstand awer vu Joer zu Joer mat weider, well keen Ëmdenken a Punkto Wuesstemsentwécklung stattfënnt a och kee Paradigmewiessel a Punkto Wirtschaftspolitik. Bei engem Wuesstem vu 4% Prozent dee weiderhin unhält an all Joers dausende Leit méi an d’Land zitt an d’Awunnerzuel vergréissert, ass et schwéier virstellbar mat dem aktuellen Investitiouns- a Planifikatiounsrythmus op ee gréngen Zweig bei der Mobilitéit ze kommen.

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit, der CSV an dem ADR votéiert, déi Lénk hunn als eenzeg géint dëst Gesetz gestëmmt. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

Pdl 6844 – Ofschafe vun der Préretraite-Solidarité

Em wat geet ët am Gesetz ?

D’Konzept vum Virruhestand (der Preretraite) gouf als Äntwert op d’Stolkris an de 70er Joren an d’Liewe geruff. Deemools gouf no engem Wee gesicht déi eventuell Massenentloossungen am Stolsecteur méiglechst sozial ofzefiederen an d’Aarbechter net an de Chômage mussen ze schécken. De spezielle Regime vun der Preretraite-Solidarité huet et Betriber erméiglecht, Ugestallter ab 57 Joer mat méi enger héijer Käschtebedeelegung vum Staat an de Virruhestand ze schécken, ënnert der Bedingung, dass eng nei Persoun aus dem Chômage, an der Léier oder déi vun enger Entloossung menacéiert ass, agestallt gëtt.

Dëst Gesetz schaaft dëse spezielle Regime elo of. Decidéiert gouf des Mesure awer schonn 2012 vum Minister Luc Frieden. Déi aktuell Regierung huet se an hire sougenannten Zukunftspak opgeholl a setzt se lo em.

Déi aner Regimmer vun der Preretraite (ajustement, progressive a fir Schicht- an Nuetsaarbecht) bleiwe mat Ännerunge bestoen. Och ass näischt un der pension anticipée geännert ginn, déi ët Leit erméiglecht no 40 Cotisatiounsjoren mat 57 an déi regulär Pensioun ze goen.

Wat ass wichteg ?

D’Preretraite-solidarité war e probat Mëttel fir géint d’Uklamme vum Chômage unzegoen an dat duerch eng Reduzéierung vun der Liewensaarbechtszäit vun deenen Aarbechter, déi méi fréi (also ab 57 Joer) konnten ophale mat schaffen. Des Approche huet op der Solidaritéit baséiert, engersäits tëscht de Generatiounen, wëll en eeleren Aarbechter ophale konnt mat schaffen an domat engem Jonke Plaz ze maachen, an anerersäits tëscht deene Leit, déi eng Aarbecht haten an deenen, déi keng haten, wëll eng Persoun an Aarbecht duerch de méi fréien Antrëtt an d’solidaresch Preretraite enger Persoun ouni Aarbecht eng Plaz konnt iwwerginn.

Bei de kléngen Ännerunge vun deenen anere Regimmer vun der Preretraite stécht een negativen Aspekt ervir: sou muss e Salarié lo 5 Joer an engem Betrib geschafft hunn, fir eligibel ze gi fir d’Preretraite.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Dergéint !

Mat dësem Gesetz gëtt e fortschrëttleche System ofgeschaaft, den et Leit, déi jorzéngtelaang ënner oft schwéiere Bedingunge geschafft hunn, erméiglecht huet e bësse méi fréi opzehale mat schaffen.

Op dem Wee konnt d’Liewensaarbechtszäit vu verschiddene Salarié’en verkierzt an de Chômage bekämpft ginn. Déi Méiglechkeet gëtt mat dësem Gesetz einfach ofgeschaaft.

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit, der CSV an dem ADR votéiert, eenzeg déi Lénk huet dogéint gestëmmt. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

 

 

PdL 7074 – Reform vum Enseignement secondaire

Em wat geet ët am Gesetz ?

Mat dësem Gesetz wëll d’Regierung en gesetzlechen Kader schafen fir d’Autonomie vun de Lycéeën anzeféieren an fir eng gréisser Diversifizéierung vun der schoulescher Offer ze fuerderen. D’Lycéeën sollen also lues an lues  finanziell, organisatoresch an pedagogesch onofhängeg gemaach ginn vum Staat. D’Aféierung vun dëser Autonomie gëtt ugedriwwen vum Opbau vun engem spezifeschen Profil den all eenzelen Lycée fir sech muss bestëmmen, am Kader vun sengem “plan de développement scolaire” den d’schoulesch Offer definéiert.

Wat sinn eis Haaptkritikpunkten?

(-) D’Autonomie vun de Lycéeën ass net garantéiert am Sënn vun enger demokratescher Ausriichtung vun den finanziellen, organisatoreschen an pedagogeschen Aspekter:

1. D’staatlech Subventiounen sinn kompetenzorientéiert an bewäerten sech ausschliisslech op d’Resultater déi en Lycée opweist, an net op d’Besoin’en un Personal, Material an Methoden fir des Resultater ze erzielen.

2. An der Organisatiounsform vun de Lycéeën steet den Direkter un der Spëtzt, den vum Minister ernimmt gëtt. Domat behält déi zoustänneg Regierung eng Kontroll iwwer d’Schoulentwécklung.

3. Den Conseil d’Educatioun, dat heescht d’Representanten vun de Schüler, den Elteren an de Proffen, gëtt entmuecht am Prozess iwwer d’Entwécklung an d’Ofstëmmung vum Plan de développement scolaire den d’pedagogesch Orientéierung an Matière vum Lycée bestëmmt. Den Direkter stellt “seng” Mataarbechter an déi den plan de développement scolaire elaboréieren, an hien behëlt d’Schlusswuert beim Ëmsetzen vun dem Plang,

(-) Et ass net ausgeschloss dat um Wee vun der finanzieller Onofhängegkeet vum Staat, d’Lycéeën sech vun der Betribswelt ofhängeg maachen an deem se em Drëttmëttel werben. Wuel gemierkt, wann den Staat sech finanziell desengagéiert, dann bleift just nach des Alternativ, an déi huet beträchtlech Konsequenzen, engersäits op den Inhalt vum Enseignement an aanerersäits  op seng Qualitéit. En plus wäerten d’Schoulen enk an Konkurrenz zesummestoen an nëmmen déi mat der beschter Reputatioun an deenen gréissten finanziellen Reserven wäerten an dem Kampf kënnen iwwerliewen.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

déi Lénk hun géint dëst Gesetz gestëmmt, well et d’Weichen fir eng Zerstéierung vun der ëffentlecher Schoul stellt! Et mëscht Dieren grouss op fir d’Konkurrenz tëschent den Etablissementer vum Enseignement Secondaire, an féiert zu enger Oppositioun tëschent Elteschoulen an “Pubellsschoulen”. déi Lénk fannen dat d’schoulesch Ausbildung sollt demokratesch gereegelt sinn an d’Qualitéit vum Enseignement misst an allen Lycéeën , souwuel am Technique général ewéi am Classique deenen nämmlechten héijen Standarden gerecht ginn. Och d’Eenheetlechkeet vum Ofschlossdiplom muss preservéiert bleiwen an den nämmlechten Wäert unerkannt kréien…Diversifizéierung vun der schoulescher Offer entspriechend den diversifizéierten Lycéesprofiler, stellt déi gläichgestallten Unerkennung vum Diplom awer an Fro.

PdL 7093 – Gesetz iwwer de Space Mining

Em wat geet ët am Gesetz ?

Mat dësem Gesetz wëll d’Regierung e legale Kader schafen fir d’Proprietéit vun de Ressourcen, déi am Weltall fonnt ginn, ze klären (also déi privat Appropriéierung vu Ressourcen z’erméiglechen). Ziel ass ët, Entreprisen a Kapital op Lëtzebuerg ze lackelen, déi an dësem Gebitt täteg sinn.

Dëst Gesetz, dat en Element vun der spaceresources-Initiativ vun der lëtzebuergesche Regierung duerstellt, ass awer a viller Hisiicht ganz problematesch. Mir hunn d’Haaptkritiken  un der Initiativ op enger Pressekonferenz am (..) an och den 13. Juli an der Chamber kloer a präzis zesummegefaasst.

Wat sinn eis Haaptkritikpunkten ?

Mir sinn net prinzipiell géint Aktivitéiten am Weltraum. Wann d’Regierung op de Wee gaange wier, fir Fuerschung am Sënn vun der ganzer Mënschheet am Weltraum an dat och a Kooperatioun z.B. mat der ESA ze maachen, hätte mir eng aner Haltung.

De Projet vun der Regierung ass awer reng ekonomesch, hien baséiert :

(-) op eesäiteger an zweifelafter Interpretatioun vun internationale Verträg,

(-) op der Beräicherung vun e puer Milliardären,

(-) op engem Wuesstem ouni Grenzen, dat Grondlage vum mënschleche Liewen op der Äerd zerstéiert,

(-) an op an der verschäerfter Ausbeutung vun aarme Länner a Bevëlkerungen.

Privatiséierung vum Weltraum a senge Ressourcen. Lëtzebuerg mécht sech zum Handlaanger vu grousse vu puer Milliardäre kontrolléierten Entreprisen. Mat de public-private-partnerships an dësem Secteur, dréit eise Staat de Risiko, während d’Entreprisen de potentielle Gewënn akasséieren.

Nei Souveränitéitsniche am Broch mat internationalen Traité’en. Lëtzebuerg ënnergrueft de Prinzip vum patrimoine commun de l’humanité a schwätzt Entreprisen d’Notzung vu Ressourcen am Weltraum zou. Domat beweegt sech eist Land an der Grozon zur Illegalitéit.

Komplette Widdersproch zu nohalteger Entwécklung. D’Regierung setzt hei op onendleche Wuesstem a kënnegt alles dat op, wat e.a. am Kader vun der Rifkin-étude ugestrieft gëtt : lokal a regional Wirtschaftskreesleef, Kreeslafwirtschaft a ressourceschounend Produktiounsprozesser.

Wuessend Inegalitéiten tëscht Länner a Bevëlkerungen. Milliardäre rappen sech mat Lëtzebuerg als Kompliz gär Ressourcen ënnert den Nol. Aarm Länner an aarm Bevëlkerungsgruppe bleiwen op der Streck a kréien Entwécklungsméiglechkeete geholl. D’Inegalitéite gi weltwäit weider erop.

Gefor vun internationale Konflikter. D’Regierung lancéiert mat dëser Initiativ eng nei Course no Ressourcen, déi wéi an der Vergaangenheet schonn dacks, zu internationale Konflikter féiere kann. Lëtzebuerg kooperéiert net op europäeschem Niveau, mee orientéiert sëch u Länner wéi den USA oder den arabeschen Emiraten.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Dogéint! déi Lénk refuséieren dëst Gesetz, wëll e fir Entwécklunge steet, déi mir net wëllen : de Broch anstatt d’Anhalung vu fortschrëttlechem internationale Recht, d’Konkurrenz anstatt d’Kooperatioun tëscht Staaten a Bevëlkerungen, d’Zerstéierung vun anstatt den nohaltegen Ëmgang mat de Ressourcen op der Äerd, d’privat Uneegnung an d’Kommerzialiséierung vu Ressourcen anstatt de verantwortlechen Ëmgang dermat am Sënn vun all de Mënschen.

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit, vun der CSV a vum ADR gestëmmt, bei zwou Géigestëmme vun déi Lénk. 3 CSV-Deputéierten hunn awer beim Vote de Sall verlooss. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

 

 

PdL 7014 – Reform vun der Fleegeversécherung

Em wat geet ët am Gesetz ?

D’Fleegeversécherung gouf 1998 agefouert an assuréiert déi Leit, déi opgrond vu physescher, mentaler oder psychescher Erkrankung am Alldag net méi all déi essentiell  Saachen (Ernärung, Hygiène, Mobilitéit) eleng maache kënnen. Donieft finanzéiert se awer och d’Hëllef zur Autonomie, Leeschtungen also, déi et de Fleegebedierftegen sou gutt et geet erméigleche Verschiddenes weider selwer ze maachen a sou e Maximum un Autonomie ze behalen.

Ee vun de Grondprinzipie vun der Fleegeversécherung ass et déi betraffe Leit soulaang wéi méiglech doheem ze beloossen, wou se vun enger drëtter Persoun (enger professioneller oder engem Familljemember z.B.) betreit ginn. Wann dëst net méi méiglech ass, kënnen déi Fleegebedierfteg awer och dagsiwwer oder ganzdaags encadréiert ginn.

D’Fleegeversécherung berout op enger individueller prise en charge, wat bedeit, dass all Fleegebedierftegen individuell mat senge Besoin’en erfaasst gëtt an doropshin eng Auswahl u Leeschtunge krit, déi senger individueller Situatioun ugepasst sinn. D’Prestatairë kréien déi eenzel Leeschtunge bis elo och sou rembourséiert.

D’lëtzebuergesch Fleegeversécherung ass universell a kennt keng Käschtebedeelegung duerch déi betraffe Persoun, alles gëtt fir jiddereen integral rembourséiert.

Wat ass wichteg ?

Wéi d’Regierung um Ufank vun der Legislaturperiod iwwerall no Spuermoossname gesicht huet, stoung och d’Fleegeversécherung schnell am Viséier. Den éischten Avant-Projet vum Minister Schneider wollt d’Fleegeversécherung an dem Sënn massiv zesummekieren a se just nach op de Minimum reduzéieren.

Wéi sech d’Wirtschaftslag no an no verbessert huet an d’Gewerkschaften hiren Drock op d’Regierung verstäerkt hunn, ass de Minister Schneider awer lues a lues zréckgeruddert fir lo bei engem Gesetz unzekommen, wat ouni wierklech plus-value an an enger renger Comptabilitéitslogik un e gudde Fleegesystem piddele geet.

Grouss Neierunge ginn et mat der Reform net, mee eng wesentlech Verschlechterung ass awer säit dem éischten Avant-Projet am Gesetz stoe bliwwen an dat sinn déi sougenannte Pauschalen. Mat dësem neie System gëtt de Fleegebedarf bei all Persoun zwar weider individuell erfaasst, mee d’Persoun gëtt dono an eng vun de Pauschalen (déi engem minuttéierten Intervall fir de Fleegeopwand entspriechen) agedeelt an de Prestataire krit de Mëttelwäert vun dem Intervall vun der Fleegeversécherung bezuelt. Hei entsteet onnéidegen Drock op d’Personal fir sou gutt et geet den zäitlechen Opwand ze minimiséieren, wëll soss de Prestataire net alles vun der Fleegeversécherung rembourséiert krit. Sou gëtt den Drock op d’Personal an engem schonn immens usprochsvolle Secteur nach méi grouss an d’Qualitéit vun der Fleeg wäert drënner leiden.

Eng positiv Neierung am Gesetz ass d’Formaliséierung vum aidant informel (z.B. e Familljemember), dee lo geschoult gëtt an och Recht op Indemnitéiten huet. Dat ass eng wichteg a berechtegt Unerkennung fir déi Leit (zu iwwer 95% Fraen), déi mat hirer Aarbecht eng elementar wichteg gesellschaftlech Funktioun erfëllen.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Dergéint !

Fir eis iwwerweit bei dësem Gesetz déi negativ Entwécklung, déi duerch d’Aféierung vun de Pauschalen op eis Fleegeversécherung kéint zoukommen. Hei huet d’Regierung ouni Nout e gudde System deelweis a Fro gestallt. Wann eng Reform vun der Fleegeversécherung tatsächlech néideg gewiescht wier, hätten déi Lénk se opgrond vun dësen 3 Prinzipien duerchgefouert:

(-) E gerechte Finanzement: haut bezilt d’Patronat net fir d’Fleeg mat an och d’Kapitalbesëtzer bedeelegen sech manner staark wéi d’Salarié’en. Dat ass ongerecht a muss geännert ginn.

(-) Eng Stäerkung vum Personal: d’Personal am Fleegesecteur muss weider opgewäert ginn, d’Recht op Weiderbildung muss ggf. ausgebaut ginn an d’Carrière mussen an héijem Grad formaliséiert sinn.

(-) Eng ëffentlech Fleeg: d’Fleeg ass haut eng privatwirtschaftlech op engem fräie Marché. Dat féiert zu Konkurrenz tëscht de Prestatairen, zu Käschtendrock an zu enger Degradatioun vun der Fleeg. Iwwerliewenswichteg Servicer wéi d’Fleeg dierfen awer net zur Wuer ginn. De Staat muss hei méi e staarke Kader setzen.

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit votéiert, den ADR huet sech enthalen an d’CSV an déi Lénk hunn dergéint gestëmmt. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

 

PdL 7088 – Pollution atmosphérique

Em wat geet ët am Gesetz ?

D’Obligatioun fir Energiefournisseure bis 2020 d’CO2-Intensitéit vun der Energie, déi se verkafen, also den Ausstouss vun CO2 pro Unitéit Energie, déi benotzt gëtt, em 6% ze verréngeren, gëtt gesetzlech verankert an et gi Sanktioune bei Verstéiss virgesinn.

Dat 6%-Zil ass Deel vun den Ziler déi d’EU de Memberstaaten am Kader vun hirer Energie-Klimapolitik virschreift. Eent vun deenen Ziler viséiert eng 10%eg Verbesserung vun der Energieefficacitéit beim Sprit. Dat setzt sech aus den ugeschwate 6% an zwee weideren Ziler (Elektromobilitéit a Stockage vun CO2 souwéi Kaf vu Pollutiounsrechter) zesummen.

Wat ass wichteg ?

Et stellen sech zwou zentral Froen am Bezuch op dëst Gesetz an déi 6% Reduktioun vum CO2 am Sprit:

  • Wéi kann des Reduktioun zustane kommen?

Den Energiefournisseuren ass et fräigestallt wéi sie d’Zil erreechen. Sie kënnen aner, manner intensiv Energiequelle favoriséieren. Se kënnen awer och Agrosprit bei konventionelle Bensin oder Diesel bäimëschen. Den Undeel un Agrosprit ass op 10% begrenzt a 7/10 vun dem Undeel kënne weiderhin aus Agrosprit vun der sougenannter éischter Generatioun sinn. Dësen Agrosprit gëtt aus Planzen an op Fläche gewonnen, déi och fir d’Produktioun vun Iesswuere kënnen déngen. Dëst Virgoen ass awer immens problematesch, wëll doduerch d’Iessenspräisser weltwäit klamme mat als Konsequenzen Ënnerernierung an Hongersnéit,  grouss Fluchtbewegungen a villen Doudeger. Donieft gëtt duerch dësen Agrosprit och oft keen CO2 agespuert, wëll duerch déi geännert Landnotzung (z.B. Ofholze vu Bëscher) zousätzlechen CO2 fräigesat gëtt.

  • Wéi gëtt d’Reduktioun berechent?

An der Berechnung vun der CO2-Intensitéit vu verschiddenen Energieträger fir dat 6%-Zil gëtt der realer Klimaschiedlechkeet net Rechnung gedroen. Engersäits gëtt net no der Hierkonft vun der Energie gekuckt, obwuel d’CO2-Intensitéit vu konventionellem Ueleg vu Regioun zu Regioun ënnerschiddlech ass. Vill méi schlëmm ass awer, dass Energie aus Sandueleg (sables bitumineux) oder aus Schifergas dem konventionellem gläichgesat gëtt, obwuel Energie aus deene Quelle 50% méi klimaschiedlech ass. Obwuel d’EU dat ursprénglech net sou wollt, ass se ënnert dem Drock vu kanadeschen Energiekonzerner an der kanadescher Regierung am Kader vun de CETA-Verhandlungen agebrach. Mir hunn 2014 eng Motioun an der Chamber abruecht, fir genee op des Gefor hinzeweisen an d’Regierung opzefuerderen, sech fir méi streng Reegelen enzesetzen. D’Regierung huet dat awer net gemaach an huet reng ekonomesch Interessen iwwer de Klimaschutz gestallt.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Enthalung!

déi Lénk si mam Gesetz selwer d’accord, wëll et eng Verbesserung vun der Qualitéit vum Sprit virschreift, déi d’Energiekonzerner selwer mussen erreechen. Den Däiwel läit awer am Detail an dee steet an engem règlement grand-ducal, iwwer dat d’Chamber net ofstëmme kann. Real Verbesserunge bei der Qualitéit vum Sprit a wierksame Klimaschutz sinn nëmme mat enger realistescher Berechnung vun der CO2-Intensitéit méiglech. Dee Berechnungsmodus misst dowéinst onbedéngt geännert ginn.

De Gesetzesprojet gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit an der CSV votéiert. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe