PdL 6892 – Reform vun der Parteiefinanzéierung a Glaichbezuelung bei gläicher Aarbécht vu Fraen a Männer

Em wat geet et am Gesetzprojet?

D’Gesetz huet zwee Deeler:

(1) Et gëtt elo endlech en eegent Kapitel am Code du travail iwwer d’Gläichbezuelung vu Fraen a Männer bei gläicher Aarbecht an och Strofen am Fall, wou en Employeur sech net dorunner hält.

(2) Ginn Geschlechterquote bei de Parlaments- an Europawalen agefouert: all Lëscht muss mindestens 40% KandidatInne vun all Geschlecht hunn, soss kritt déi Partei proportional manner Sue Parteiefinanzéierung vum Staat.

Wat ass wichteg ?

Bei der “Egalité salariale” ass et zwar wichteg, deem Prinzip formal eng staark gesetzlech Basis ze ginn, mee vill strukturell Problemer ginn domadder awer net geléist: vill Fraen (mussen) Deelzäit schaffen, wou et déi gréissten Abus’en ginn a ganz vill schaffen am Niddregloun-secteur ewéi am Botz-secteur. Besser (Mindest)-léin a kloer Aarbéchtszaitregele géifen an der Realitéit deene Betraffenen entgéintkommen.

40% Geschlechter-quoten op de Wallëschte si leider net staark contraignant. Et gëtt “just” eng Geldstrof. Duerfir hätt d’Quot misste 50% sinn, wat enger wierklecher Paritéit op de Lëschten entsprieche géif

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dofir! Jo! De Prinzip “gläiche Loun fir gläich Aarbecht » gëtt endlech am Gesetz festgehalen.

Jo ! All Partei muss mindestens 40% Kandidate vun all Geschlecht op senge Lëschten hunn.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 34 Stëmmen dofir – dovun zwou vun déi Lénk – bei 23 Enthalungen an 3 Géigestëmmen. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6831 – Sociétés d’impact sociétal (SIS)

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëst Gesetz schaaft fir d’Entreprisen, déi an der économie social et solidaire aktiv sinn, en Ureiz fir eng kommerziell Gesellschaftsform unzehuelen. Haut hunn déi Acteure ganz ënnerschiddlech juristesch Formen: Fondatiounen, Kooperativen, Associatiounen a ganz oft a.s.b.l.’en, wouduerch d’Rechtssécherheet oft ongewëss ass. Dat soll sech elo mat der Aféierung vun der SIS änneren a gläichzäiteg dofir gesuergt ginn, dass zukünfteg Betriber aus der économie social et solidaire als SIS kënnen un ëffentlechen Ausschreiwungen deelhuelen.

Wat ass wichteg?

Fir ewech gëllt et ze soen, dass Betriber aus der économie social et solidaire net obligéiert sinn, fir déi nei juristesch Form unzehuelen. Sou kann d’Diversitéit vum Secteur assuréiert ginn.

Déi wichtegst politesch Ännerung, déi dëst Gesetz mat sech bréngt – och am Zesummespill mat anere Gesetzer an europäeschen Direktiven – ass eng Erweiderung vum Spillraum vum Staat bei ëffentlechen Ausschreiwungen. De Staat an d’Gemenge kënnen nämlech elo sozial an ökologesch Critère festleeën, déi e Betrib, den u sou enger Ausschreiwung deelhëlt, erfëlle muss. Sou huet d’ëffentlech Hand méi Afloss op d’Entwécklung vun der Wirtschaft.

Mir kritiséieren awer bei dësem Punkt, dass d’Regierung am Gesetz rem fir de Minimum optéiert huet a sou op eng Hiewelwierkung op klassesch Betriber verzicht. Hei hätt ee méi wäit kënne goen!

D’Gesetz gesäit och Dispositioune vir, déi verhënneren, dass SIS’en duerch déi nei juristesch Form ze vill Ähnlechkeete mat klassesche kommerzielle Betriber kréien.

Mit bedaueren awer an dem Kontext, dass am Gesetz keng Obligatioun fir eng méi demokratesch Gouvernance fir SIS’en virgesinn ass.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dofir! déi Lénk sinn ëmmer fir eng Stäerkung vun der économie sociale et solidaire agetrueden, wëll et sech hei em Acteuren handelt, déi hir Aktivitéiten net nom Prinzip vun der Profitmaximéierung ausriichten, mee e positiven, gesellschaftlechen a sozialen Impakt als Zil hunn.

Dëst Gesetz geet an déi Richtung an erméiglecht der ëffentlecher Hand zousätzlech a verschiddene Beräicher méi Afloss iwwer d’Orientatioun vun der Wirtschaft ze huelen.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 57 Jo-Stëmmen – dovun zwou vun déi Lénk – bei 3 Nee-Stëmme vum ADR.

All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6935 – Reform vum congé parental

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Den Elterecongé gëtt reforméiert mam Zil e fir méi Leit flexibel an attraktiv ze maachen, an domadder Beruff a Kannererzéiung besser kënne mateneen ze verbannen. Dëst am Interêt vu béiden Elterendeeler.

Wat ass wichteg?

1. Indemnitéit

– D’Indemnitéit vum Congé parental gëtt elo eng Zort Ersatzrevenu, d.h. bis zu enger Héicht vu 3200€ (an net méi 1780€), kritt den Elterendeel, deen de Congé parental hëlt, säin ale Revenu vum Staat weiderbezuelt.

– Dëse Betrag ass endlech nees un den Index gebonnen an och un d’Entwécklung vum Mindestloun. Geet de Mindestloun an d’Luucht, da geet och de maximale Betrag an d’Luucht.

– Op dem Ersatzrevenu ginn – d’selwecht wéi um Loun – Cotisatiounen a Steiere bezuelt.

2. Bedingungen

– den Elterecongé kann elo vu béiden Eltere gläichzäiteg geholl ginn.

– e ka gefrot gi bis zum Alter vu 6 (an net méi 5) Joer vum Kand.

– et brauch een eng Gesamtaarbechtszait vun 10 Stonnen ( an net méi 20).

– et kann ee méi Aarbechtsverträg kumuléieren, allerdéngs ginn et hei leider Aschränkunge wat déi nei flexibel Modeller vum congé parental ugeet

– generell ginn d’Konditioune fir de congé parental ze froe vereinfacht.

– fir déi nei méi flexibel Modeller brauch de Salarié awer ëmmer den Accord vum Patron.

3. Flexibilitéit

– et ginn nei flexibel Modeller agefouert: 4 oder 6 Méint ganz, 8 oder 12 Méint hallef, 20% manner schaffen an der Woch während 20 Méint, 4 mol 1 Méint während 20 Méint.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dofir! Dëse Projet bréngt wesentlech Verbesserungen am Interêt vum Salarié.

Trotzdeem muss ee kritiséieren, datt déi nei, flexibel Modeller ëmmer vum Accord vum Patron ofhänken. Si stellen also kee wierklecht Recht duer. Dat eenzegt Recht dat bestoe bleift ass de Congé parental vu 4 resp. 6 Méint.

D’Regierung ass also leider um hallwe Wee stoe bliwwen. Dofir hu mer eng Motioun gestëmmt, déi d’Regierung opfuerdert an 3 Joer eng Evaluatioun vun der Reform duerchzeféieren.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 37 Jo-Stëmmen – dovun zwou vun déi Lénk – bei 23 Enthalungen ugeholl. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6929 – Fonds d’Investissement Alternatif Réservé (FIAR)

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Mat deem Gesetz gëtt eng nei Form vun Investmentfong fir professionell Investisseuren an d’Liewe geruff: de Fonds d’Investissement Alternativ Réservé (FIAR). Dës nei Zort vu Fongen huet 2 Haaptcharakteristiken: E Minimum u Contrainten an e Minimum u Kontroll.

De FIAR wäert dee Vehikel hei zu Lëtzebuerg sinn, deen déi gréisste Flexibilitéit opweist, wann et ëm d’Strukturéierung geet, dat heescht datt et deen ass, mat deem am mannste Contraintë verbonne sinn. Donieft ginn d’FIAR net méi direkt vun der lëtzebuerger Commission de Surveillance du Secteur Financier (CSSF) kontrolléiert. D’CSSF huet bis elo souwuel d’Manager vun de Fongen, am Kader vun der europäescher Direktiv GFIA, wéi och d’Fonge selwer, am Kader vun der nationaler Gesetzgebung kontrolléiert. Déi nei FIAR, déi mat dësem Gesetz geschafe ginn, sollen elo net méi direkt kontrolléiert ginn, mä just nach d’Manager.

Wat ass wichteg?

Datt d’Acteure vun der Finanzplaz sech hir eege Gesetzer schreiwen, ass jo kee Geheimnis. An deem heite Fall ass et awer besonnesch flagrant, well en Affekotebüro an enger Newsletter schonn Detailer aus dem avant-projet de loi bekannt ginn huet, är datt en iwwerhaapt vum Regierungsrot decidéiert gouf.

D’Flexibilitéit an der Strukturéierung vun engem FIAR, déi als grouss Errungenschaft verkaf gëtt, bréngt virun allem Intransparenz mat sech. Doduercher ginn déi nei FIAR zu engem formidabelen Instrument fir Steiervermeidung a fir aner Magouillen. Dat och virun allem fir US-Investisseuren, well déi nei FIAR opgrond vun hirer Flexibilitéit an der Strukturéierung sech perfekt dozou eegnen, amerikanesch Steiernischen auszenotzen.

Donieft ginn déi nei FIAR net méi direkt kontrolléiert ginn, mä just nach d’Manager. Déi Manager setzen awer net ëmmer hei zu Lëtzebuerg, bei den alternative Fonge setzen déi esouguer meeschtens am Ausland. An deem Fall huet Lëtzebuerg also iwwerhaapt keng Kontroll méi, well dann d’CSSF weder vis-à-vis vum Investmentfong, nach vis-à-vis vum Manager kompetent ass.

Mir mussen dann hoffen, datt an deem Land, wou de Manager ugemellt ass, tatsächlech esou kontrolléiert gëtt, wéi dat virgesinn ass. A mir mussen drop hoffen, datt d’Depositairen hei zu Lëtzebuerg just mat vertrauensvolle Leit zesumme schaffen. Dat sinn awer zwou ganz riskéiert Hypotheesen, wéi een dat an der Vergaangenheet schonn huet misse feststellen.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! No der Finanzkris 2008-2009, déi ganz Europa destabiliséiert a Millioune Leit an d’Aarmut gedriwwen huet, hunn d’Politiker grouss Riede gehalen iwwert d’Necessitéit, d’Finanzwelt vill méi streng ze reguléieren. Déi Sonndesrieden si laang passé, elo geet et erëm an déi ëmgedréite Richtung: D’Reguléierung gëtt erëm iwwerall zréck gefuer. Wann et dann déi nächste Kéier kraacht am internationale Finanzsystem – an dat ass just eng Fro vun der Zäit – da wäerten dës FIAR déi éischt sinn, déi Problemer maachen.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 58 Jo-Stëmme géint 2 Nee-Stëmme vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6869 – 6874 – Reform vun der Finanzéierung vun de Kulten

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Bei dëse 6 Gesetzprojete geet et ëm d’Regelung vun de finanzielle Relatioune vum Staat mat den unerkannte Kierchen : der kathoulescher, anglikanescher, protestantescher, orthodoxer Kierch, der israelitescher a musulmanescher Communautéit.

Wat ass wichteg ?

Déi reliéis Communautéite kréie folgend alljährlech Beträg gesetzlech assuréiert :

–       Kathoulesch Kierch :            6.750.000 €

–       Anglikanesch Kierch :            125.000 €

–       Protestantesch Kierch :             450.000 €

–       Orthodox Kierch :                  285.000 €

–       Musulmanesch Communautéit.:       450.000 €

–       Israelitesch Communautéit.:       315.000 €

Bei der kathoulescher Kierch kënnt derbäi, datt se d’Beträg vun den aktuelle Paschtéier weider kritt (aktuell : iwwer 22 mio€), mee datt all nei Astellung net méi bezuelt gëtt bis de Montant vu 6,75 mio.€ erreecht ass.

D’Kierche mussen elo och hir Konte vun engem Reviseur iwwerpréiwe loossen an e Bilan presentéieren.

Déi reliéis Communautéite kréien des weideren Exemptioune vun Taxen a Steiere beim Kaf vu Gebailechkeeten an och am Aarbechtsrecht (Sonndesaarbecht).

Am Géigenzuch verflichten sech d’reliéis Gemeinschaften zum Anhale vu Mënscherechter a Gesetzer.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt ?

Enthalung! Als Lénk begréisse mer, datt d’Regierung op de Wee geet vun der Trennung vu Kierch a Staat geet. Haaptproblem ass och net d’Tatsaach, datt reliéis Communautéiten eng finanziell Ënnerstëtzung kréien (obwuel eis d’Zommen awer zolidd erschéngen), mee éischter datt déi aktuell Verfassung, déi mam Artikel 106 eng Obligatioun vum Staat virgesäit, fir d’Paschtouer-Paien ze bezuelen, net em- an ofgeännert gëtt. Ouni dës wichteg Ännerung bleift Trennung vu Kierch a Staat Wonschdenken.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 32 Jo-Stëmme géint 26 Nee-Stëmmen, bei zwou Enthalunge vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6777 – Aféierung vun der Sàrl-simplifiée (1 Euro – Gesellschaft)

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Mat dësem Gesetz gëtt en neie Statut vun der société à responsabilité limitée (Sàrl) agefouert, déi sougenannten Sàrl-simplifiée. Fir des Entreprise gëllen déi selwecht Bestëmmunge wéi bei der gängeger Sàrl, mat e puer Ausnahmen. D’Regierungsparteie wéi och d’CSV haten dëse Projet am Koalitiounsaccord respektiv an de Wahlprogrammer als Mesure ugekënnegt, fir méi Firmegrënnunge vu jonke Leit ze favoriséieren a sou fir d’Schafung vun Aarbechtsplazen a méi Innovatioun ze suergen.

Wat ass wichteg?

Par rapport zur Sàrl gëlle bei der Sàrl-simplifiée e puer aner Bestëmmungen, besonnesch bei der Grënnung. Déi muss net per acte notarié, mee kann och sous seing privé erfollegen. D’Startkapital muss och net 12.000€ wéi bei der d’Sàrl bedroen, mee kann theoretesch just aus engem Euro bestoen. Eng Sàrl-simplifiée ka just vu personnes physiques gegrënnt ginn a se ass och just fir Aktivitéite méiglech, déi eng autorisation d’établissement erfuerderen, zougelooss.

déi Lénk hu grondleeënd Bedenke bei dësem neie Statut:

1)     Transparenz a Kontroll: Doduerch dass den Notaire net méi intervenéiert, ginn d’ëffentlech Autoritéite Kontrollméiglechkeeten op. Dat selwecht trëfft bei der Kontroll vun der origine vun de fonds zou, déi bei Montant’en ënner 10.000€ net opgeluecht muss ginn.

2)     Verantwortung vum Entrepreneur:Eng Entreprise muss seng Fournisseur’en a Creancier’en bezuelen, e muss Steieren un de Staat oder d’Gemeng bezuelen a virun allem stellt se Salarié’en, déi bezuelt musse ginn. Dëser Verantwortung kann eng Entreprise eiser Meenung no just nokommen, wann e substantiellt Kapital do ass. Hei gëtt de Risiko vum Entrepreneur op d’Allgemengheet an d’Salarié’en verluecht.

3)     Fauxindépendants: Associé’en vun enger Sàrl-simplifiée ënnerleien net dem Code du travail. Si kréien also kee Mindestloun, sinn net vu Reglementer iwwer Iwwerstonnen oder soss Aarbechtsbedingunge betraff. Et besteet also duerchaus d’Gefor vun der deloyaler Konkurrenz, sou dass Betriber kënne verféiert ginn, firmenintern Servicer a Plazen ofzebauen, fir se extern un eng sàrl-simplifiée ze verginn. D’Konsequenz ass eng Prekariséierung vun der Aarbecht an de Verloscht vun anstännegen Aarbechtsplazen.

Allgemeng ass zur Begrënnung vun der Regierung fir d’Aféierung vun dësem Statut ze soen, dass Aarbechtsplazen an Innovatioun ustriewenswäert, mee sécherlech besser z’erreeche wieren, wann z.B. déi jonk Leit autonom a finanziell ofgeséchert en Universitéitsstudium oder eng Beruffsausbildung kéinte maachen. D’Regierung kierzt awer d’Studiebourssen a léisst sech bei der Reform vun der desastréiser Beruffsausbildung gutt Zäit.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! Mir gesinn d’Noutwendegkeet vun dësem Gesetz net a sinn der Meenung, dass sech hannert dësem neie Statut ganz vill Gefore verstoppen.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 55 Jo-Stëmme géint 5 Nee-Stëmmen, dovun zwou vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen. D’Motioun fir an 3 Joer en Tëschebilan iwwer d’Sàrl-simplifiée ze maachen hu mir awer matgestëmmt.

PdL 6949 – Accord Renegade mat der Belsch an Holland

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Mat dësem Gesetz ratifizéiert Lëtzebuerg en Accord mat der Belsch an Holland iwwer de Schutz vum lëtzebuergesche Loftraum géint net-militäresch Menacen aus der Loft, z.B. terroristesch Ugrëffer. Am Fall vu souenger Menace sollen zukünfteg de Loftraum an d’Loftraumsécherheet vun den 3 Länner matenee verschmëlzen. D’Prozedure fir d’Ofwier vu souenger Menace ginn och festgeluecht.

Wat ass wichteg?

Am Fall wou eng Menace identifizéiert gëtt sollen déi belsch an hollännesch Loftwaffe fir d’Ofsécherung suergen. Et ass eng Prozedur a 4 Stufe virgesinn, déi vun der Kontaktopnahm iwwer d’Ofdrängen oder Erzwénge vun der Landung vum Objet (z.B. engem Passagéierfliger), iwwer Warnschëss bis hin zum Ofschoss ka goen. Iwwer lëtzebuergeschem Territoire dierf awer keen Ofschoss stattfannen.

Fir déi Lénk ginn et awer eng Rei grondsätzlech Problemer bei dësem Accord:

1)     D’Entscheedungs- a Kontrollprozedure sinn eis net bekannt, wëll déi an engem techneschen Accord festgehale ginn, den net ëffentlech ass. Dowéinst bleiwen eng Rei Froen onbeäntwert: Wéi kann een zweifelsfrai feststellen, ob e Fliger tatsächlech eng Menace duerstellt? Wéien Ausmooss kann déi Menace hunn? Wéi soll déi Instanz, déi a souengem Fall eng Entscheedung muss huelen (-> de Verdeedegungsminister) a sou kuerzer Zäit, déi richteg Entscheedung treffen? Wéi kënnen d’Ëffentlechkeet an d’Chamber iwwerpréiwen, ob eng Interventioun berechtegt war?

2)     An der proposéierter Revisioun vun der lëtzebuergescher Verfassung steet am Artikel 11 La dignité humaine est inviolable. Dat däitscht Verfassungsgeriicht huet op Basis vum Artikelen an der däitscher Verfassung, déi d’Recht op Liewen an de Schutz vun der mënschlecher Dignitéit virgesinn, den Ofschoss vun net-militäresche Flugobjet’en als net verfassungskonform erkläert.

3)    Lëtzebuerg stëmmt mat dësem Accord dem Prinzip vum Ofschoss zou, och wann en iwwer lëtzebuergeschem Territoire net erlaabt ass. Et stellt sech och d’Fro wéi den Ofschossverbuet iwwer Lëtzebuerg am Eeschtfall wäert gehandhaabt ginn.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Enthalung! D’Regierung huet bei dësem Accord ähnlech Bedenke gehat wéi déi Lénk, wat den Ofschoss an den Doud vu potentiell onschëllege Mënschen a soumat de Schutz vum Recht op d’Dignitéit ugeet. Dofir ass den Ofschoss iwwer Lëtzebuerg och ausgeschloss. Fir eis ass de Prinzip vu souengem Accord awer ëmmer nach bedenklech, besonnesch, wëll d’Detailer net bekannt sinn.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 55 Jo-Stëmme géint 3 Nee-Stëmmen (den ADR huet dogéint gestëmmt, wëll hinnen d’Gesetz net wäit genuch geet – sie hätten der Méiglechkeet vun Ofschëss iwwer Lëtzebuerg zougestëmmt), bei zwou Enthalunge vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6862 – Finanzéierung vun de Rettungsdéngschter

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëst Gesetz féiert eng nei Steier fir d’Finanzéierung vun de Rettungsdéngschter an, déi – zumindest theoretesch – vun den Assurancë bezuelt soll ginn. Zukünfteg soll all Assureur 3% vum gesamte Montant, deen e mat Assurancen am Beräich vun der responsabilité civile véhiules terrestres automoteurs verdéngt, un de Staat ofginn a sech sou um Finanzement vun de Rettungsdéngschter bedeelegen.

Wat ass wichteg?

Bei dëser neier Steier handelt et sech em eng indirekt Steier, déi op den Ëmsaz vu Versécherungsentreprisë berechent gëtt. Wéi bei indirekte Steieren awer üblech, wäert och des Steier wuel gréisstendeels op de Konsument, an dësem Fall also den Assuré, ofgewälzt ginn. Am Gesetz steet näischt, wat dat verhënnere kéint.

D’Rettungswiesen ass an eisen Aen och e wichtege service public a mir sinn der Meenung, dass des wichteg Servicer integral aus dem Staatsbudget solle bezuelt ginn. Dëse gëtt nämlech aus progressive Steieren a Steieren op Beneficer finanzéiert an huet domat eng ëmverdeelend Wierkung. Mam Virschlag vun der Regierung d’Rettungsdéngschter mat enger indirekter Steier ze finanzéieren, gëtt si déi op Solidaritéit baséierend Iddi vum service public op a féiert eng Aart utilisateur-payeur-Prinzip an.

D’Regierung huet mat der Steierreform, déi 2017 a Kraaft triede soll och eng Reduktioun vun 3% vun der Steier op de Beneficer vun Entreprisen decidéiert. Doduerch bezuelen och Assurancen an Zukunft manner Steieren an d’Staatskeess, Suen also, déi fehle fir ëffentlech Servicer wéi z.B. d’Rettungswiesen, ze finanzéieren.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! Wéi beschriwwe sinn déi Lénk der Meenung, dass de Prinzip vum service public beim Rettungswiese mat dësem Gesetz ausgehielegt gëtt an hei eng zousätzlech ongerecht Belaaschtung vun de Konsumente lauert.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 32 Jo-Stëmme géint 28 Nee-Stëmmen, dovun zwou vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6868 – Publikatioun vun net-finanziellen Informatioune vu verschiddene groussen Entreprisen.

Em wat geet et am Gesetzprojet?

Dëst Gesetz regelt d’Ëmsetzung vun enger europäescher Direktiv, déi virgesäit, datt grouss Entreprise all Joer mussen Informatioune publizéieren zu hirer Strategie a Saache sozial an ökologesch Responsabilitéit, souwéi a Saache Mënscherechter, Korruptiounsbekämpfung an Diversifikatioun vum Verwaltungsrot.

Wat ass wichteg?

Am éischten Abléck schéngt dat eng fortschrëttlech Iddi ze sinn, mä déi Direktiv geet net wäit genuch a huet ze vill Lücken. Éischtens emol zielt déi Obligatioun nëmme fir quotéiert Entreprise, Banken an Assurance mat engem chiffre d’affaires vun iwwer 35 Milliounen Euro, dat heescht nëmme fir ronn 6000 Firmen an der EU. Zweetens gëtt den Entreprisen eng grouss Fräiheet gelooss, wéi dee Rapport soll ausgesinn an drëttens gëtt et den Entreprisen extrem liicht gemaach, iwwerhaapt dolaanscht ze kommen. Wann eng Firm zum Beispill keng Strategie a Saache Responsabilité sociétale des entreprises (RSE) huet, da brauchen se just eng motivéiert Explikatioun ze ginn, firwat datt se keng huet.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! D’Regierung hätt d’Méiglechkeet gehat, déi Direktiv vill méi restriktiv ze interpretéieren. Si hätt zum Beispill kéinten en nationalen Aktiounsplang a Saachen RSE entwéckelen (Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der EU, dat nach keen huet). Et hätt een eng generell Obligatioun fir all Entreprise ab 200-300 Mataarbechter kéinten aféieren, fir esou e jäerleche Rapport ze maachen. Dat heescht, datt all Entreprise ab enger gewësser Gréisst sech muss e puer Gedanken iwwert nohalteg Entwécklung an hire sozialen Impakt maachen. Et hätt ee kéinten en eenheetleche Format virschreiwen, sou datt een déi eenzel Rapporte ka vergläichen an och fir eng gewëssen extern Kontroll suergen. Dat wär zumindest en Ufank vun enger fortschrëttlecher Politik gewiescht.

Mä natierlech huet d’lëtzebuerger Regierung näischt an déi Richtung gemaach. Si transposéiert mat dësem Gesetz nëmmen de strikte Minimum vun där Direktiv a notzt all d’Lücken an Ausnahme bis zum leschte Paragraf aus, fir datt esou wéineg wéi méiglech Obligatioune fir d’Entreprisen zu Lëtzebuerg iwwreg bleiwen. Alt erëm eng Kéier ginn all sozial- an ëmweltpolitesch Iwwerleeungen um Altoer vun der Kompetitivitéit geopfert.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 58 Jo-Stëmme géint zwou Nee-Stëmme vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

PdL 6975 – Reform vun de Studiebourssen

1) Em wat geet et am Gesetzprojet?

Mat dësem Gesetz gëtt d’Gesetz vun 2014 iwwer d’Studieboursse modifiéiert. Di nei LSAP-DP-gréng Regierung hat d’Studiebourssen direkt am Ufank vun der Legislaturperiod mat der Reform vun 2014 drastesch reduzéiert an domadder eng massiv Mobiliséierung vu Schüler a Studenten op de Plang geruff, déi de 25. Abrëll 2014 op enger grousser Maniff mat 17.000 Participant’en hiren Héichpunkt fonnt hat.

2) Wat ass wichteg ?

D’Ännerungen déi elo a Kraaft trieden, stinn net um Buedem vun den Tatsaachen. Et gouf keng Etude gemaach iwwer déi reell finanziell Bedürfnisser vun de Studenten.

D’Sozial- an d’Mobilitéitsbourse ginn erhéicht, allerdéngs ouni, dass kloer gëtt, firwat grad déi zwou erhéicht ginn an d’Basisbourse z.B. net. D’Erhéijung vun dëser Bourse hätte mir besser fonnt, wëll all Student se krit a sou d’Autonomie vun ALL Student hätt kënne gestäerkt ginn. D’Mobilitéitsbourse dogéint schléisst déi meescht Kanner vu Frontalier’en aus.

Positiv ervirzehiewen ass engersäits, dass d’Bourssen elo indexéiert ginn an anerersäits, dass Studente mat Behënnerung d’Bourssen zukünfteg méi laang kënnen ufroen.

3) Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Enthalung! Mir begréissen zwar d’Ännerungen déi mat dësem Gesetz a Kraaft trieden, wieren awer gär méi wäit gaang. Besonnesch déi ze déif Basisbourse gesi mir ganz kritesch, wëll et nämlech déi Bourse ass déi d’Autonomie (par rapport du den Elteren an och de Banken) assuréiert. Donieft bedauere mir och, dass d’Studiebourssen ënnert der aktueller Regierung virun allem als eng budgetär Laascht ugesi ginn an deementspriechend säit 2014 drastesch gekierzt goufen. Déi partiell Erhéijunge bleiwen och wäit ënnert dem, wat d’Regierung sech als finanzielle Spillraum ginn hat.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 34 Jo-Stëmme géint 21 Nee-Stëmmen, bei zwou Enthalunge vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe