Regierungsmotioun verhënnert CETA net.

mercredi, 08 juin 2016

„De CETA ass keen einfachen Handelsaccord wou just Tariffer oder technesch Normen ugepasst ginn, genau sou wéineg wéi den TTIP oder déi aner Fraïhandelsverträg vun der neier Generatioun. Déi zwee Accord’en kann a muss een an engem Otemzuch nennen, well se der selwechter Philosophie entsprangen an vergläichbar Dispositiounen hunn. Et sinn ëmfangräich Vertragswierker, déi sämtlech ökonomesch Beräicher erfaassen an dorobber ofzilen, eng ultraliberal Uerdnung a Steen ze meesselen.“ Plus d'informations >

PdL 6948 – Readmissiounsaccord mam Kasachstan

mercredi, 08 juin 2016

Dogéint! Réckféierungsofkommesse si generell kontestéiert, well se Deel si vun enger Strategie sinn, déi d’Verantwortung fir d’Asyl- a Wirtschaftsmigratioun op aner Länner dréckt, dat heescht op eng Externalisatioun vun der Migratiounspolitik ofzielt. Besonnesch problematesch sinn se awer, wann se mat Länner ofgeschloss ginn, déi d’Mënscherechter oder d’Genfer Flüchtlingskonventioun net respektéieren. Am Fall Kasachstan schwätzen d’UN-Berichter do eng kloer Sprooch. Donieft sinn an dësem Ofkommes och am Detail keng Garantien a Saache Mënscherechter virgesinn, wéi se a vergläichbaren Accorde mëttlerweil Standard sinn. Plus d'informations >

PdL 6857: Loi agraire/PDR

jeudi, 12 mai 2016

Contre ! Même si la politique agricole luxembourgeoise est grandement déterminée par le cadre européen, le Gouvernement dispose néanmoins, à travers le PDR, de la possibilité de diriger le développement de l’agriculture dans un certain sens. Pour cela, il est nécessaire de disposer d’une analyse claire sur les forces et faiblesses de la politique agricole actuelle sur la base de laquelle il serait possible de formuler une stratégie avec des objectifs clairs. Mais ce n’est pas ce que fait le Gouvernement avec ce PDR. . Plus d'informations >

PdL 6917 – Creatioun vun enger réserve de marché am Kader vum europäeschen Emissiounshandel

mercredi, 11 mai 2016

Dogéint! Engersäits gëtt mat der Creatioun vun der Reserve de Problem net geléist an éischter an d’Zukunft verlagert. Den Europäeschen Emissiounshandel bleift wierkungslos, d’Äerderwäermung gëtt esou net gebremst ginn. Anerersäits stelle mir d’Wierksamkeet vu Maartinstrumenter beim Kampf géint de Klimawandel grondsätzlech a Fro. Duerch sou Instrumenter gëtt de Klimaschutz ofhängeg vu mächtegen Entreprisen a Spekulanten, d’Klima gëtt zur Wuer, mat där ee vill Geld ka verdéngen. Plus d'informations >

PdL 6877 – Reglementatioun fir den Ofbau vu besonnesch schiedlechen Zäregasen

mercredi, 11 mai 2016

Dofir! Am Géigesaz zum Europäeschen Emissiounshandel gëtt hei kee Maart opgebaut, mee kloer Ziler, Regelen a Verbueder festgeluecht. D’Reduktiounsziler hätte méi ambitiéis kënne sinn, mee dëse Projet stellt fir eis awer e Schrëtt an déi gutt Richtung duer. Plus d'informations >

PdL 6792 – Modifikatioune vum Code du travail

mercredi, 11 mai 2016

Dofir! Well et eng Verbesserung am Interessi vun de Beschäftegten ass. Mee mer hunn awer och bedauert, datt vill Problemer weider bestinn (Diskriminatioun vun Trans'/Intersexuelle Mënschen oder beim Ausbezuele vum Chômagegeld, Indemniséierung vu Salariéen am Fall vun enger Faillite) an insistéiert, datt d'Regierung dës Chantieren elo séier misst ugoen. Plus d'informations >