Coronavirus – Solidaritéit ass de mot d’ordre.

Mir befannen eis an enger Situatioun vun enger grousser Gravitéit.

Eist alldeeglecht Liewen ass op eng Aart a Weis beschnidden, wéi mer eis dat nach virun e puer Wochen net virstelle konnten. Schoulen a Crèchë sinn zou, grad esou wéi Bistroen a Restaurants, Evenementer ofgesot, an d’Leit sinn opgefuerdert esou vill méi méiglech doheem ze bleiwen.

Kuerz : d’ëffentlech Liewen ass op en absolutte Minimum zeréckgefuer. Eist Land a ganz Europa ass am Grëff vun engem Virus, deen sech zur globaler Pandemie entwéckelt huet, fir deen et nach keen Impfstoff gëtt an dee riskéiert wéi an anere Länner eise Gesondheetssystem un d’Grenze vun der Belaaschtbarkeet ze bréngen.

Demokratie schützen och an dëser Krisesituatioun

D’Regierung hëlt déi Mesuren, déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun proposéiert sinn, fir d’Propagatioun vum Virus anzedämmen an erauszezögeren, fir Zäit ze gewannen. Mir liewen also alleguer an enger Zort Ausnamezoustand – och wann d’Regierung, dee formal net ausgeruff huet. Als Oppositioun an Deel vum Parlament, musse mir dofir suergen, dass no rechtsstaatleche Prinzippie verfuer gëtt an, dass eis Institutiounen an domadder eis Demokratie trotz der Gravitéit vun der Situatioun weiderhi garantéiert sinn.

Wann een sech ëmlauschtert da mierkt een, datt eng grouss Veronsécherung bei de Mënschen ass. Veronsécherung a plazeweis carrement Angscht.

“Angscht ass warscheinlech dat schlëmmste Gefill wat e Mënsch kann hunn. An Angscht mécht irrational. Datt hu mer gesi bei deenen irrationalen Hamsterkeef vum leschte Weekend.”

An dobäi ass e klore Kapp genee dat, wat mer alleguer elo bräichten, fir dëser Situatioun ze begéinen.

Duerfir muss d’Chamber an d’Regierung all déi Mesuren ergräifen, fir nieft der Verbreedung vum Virus, d’Verbreedung vun der Angscht anzedämmen.

D’Regierung muss virsuergen mat sanitären a soziale Precautiounen

Ugefaange bei de schwächste vun de Schwaachen, den Obdachlosen… si si ganz vulnerabel, si kënnen net doheem an a Quarantaine bleiwen an eis Strukture sinn net drop ausgeriicht, hinne ganzdeeglëch en Encadrement unzebidden. Mir brauche ganz dréngend zousätzlech Strukture fir si opzefänken.

De Chômage partielle misst zumindest fir d’Dauer vun den exzeptionelle Mesurë vun 80 op 100% eropgesat ginn. Am Géigesaz zu anere kapitalistesche Kriseperioden, sinn et dës Kéier an alleréischter Linn kléng- a Minientreprisen, déi dovunner gebrauch maache mussen. De ganzen Horesca-Secteur, eleng do : 12.000 Leit sinn direkt betraff.

Den Eenzelhandel, an dat si ganz dacks kéng grouss Chaînen. Dat si Salariéë meeschtens ouni Kollektivvertrag, déi um Mindestloun agestallt sinn. Si brauchen de komplette Lounausgläich, wéi aner Länner dat och schonns ugekënnegt hunn, an net e partiellen. 

Mir wëssen alleguer, datt de Mindestloun zu Lëtzebuerg net duergeet fir dezent ze liewen : 80% vun ze wéineg ass : vill ze wéineg. Déi Leit hunn blank existenziell Ängschten. Hinne musse mer direkt hëllefen.

D’Hëllefe fir kléng a ganz kléng Betriber mussen a séier an onbürokratesch opgestockt an och verdeelt ginn.

“Entreprisen, déi esou gehollef kréien däerfen net entloossen. Dat selwecht muss fir Entreprisë gëllen, déi Beneficer maachen. Si däerfen net aus ekonomesche Grënn entloossen. Ech verweisen do op eng Gesetzespropos vun eis, déi mer virun iwwer 10 Joer deposéiert hunn, déi awer bis elo royalement ignoréiert gouf.”

Mir brauchen dréngend adequat Moossname fir d’Independant ze stëtzen. Hir Aktivitéite si quasi op Null gefuer. A mer wësse lo schonns, datt bei hinnen den Undeel un “Working Poor” am héchsten ass.

Vill Betriber sinn am Chômage technique oder maachen Télétravail. Vill Salariéën a Betriber leeschten awer och iwwerliewenswichteg Servicer wéi z.B. an der Alimentatioun. Hinne musse mer et erméiglechen nieft dem Fleegesecteur op ëffentlech Kannerbetreiung zréckzegräifen.

Mer mussen op europäeschem Plang déi absurd Budgetsreegelen ausser Kraaft setzen.

“Wann industrialiséiert Länner wéi Italien, Spuenien a Frankräich e medezineschen Noutstand hunn, dann huet dat ganz vill domadder ze dinn, datt déi Länner gezwonge goufen, hire Gesondheetssystem futti ze spueren. Elo kréie mer d’Rechnung.”

Ursaache vun där Kris

Mir mussen iwwer d’Ursaache vun där Kris schwätzen: mir mussen eis bewosst ginn:

  • datt eisen ekonomesche System Schold drun ass.
  • datt natierlech Habitater weltwäit zerstéiert ginn, an doduercher ëmmer nei Iwwerdrounge vu Vire bei de Mënsch entstinn.
  • datt d’Massendéierenhaltung weltwäit ënnerbonne muss ginn.
  • datt déi wansinneg Fräihandelspolitik dozou féiert, datt mer an enger geckeger Spiral no ënne sinn, wat Sozial- Ëmwelt- an och sanitär Standard sinn.

“Et ass schonns eng batter Ironie vun der Geschicht, datt duerch de Corona-Virus de Vott vun de Fräihandelsaccord’en mat Kanada a Singapur huet misse verluet ginn.”

Virum Coronavirus ass nom Coronavirus

Mer mussen awer och iwwer eis Aart a Weis diskutéieren, wéi mer produzéieren, well d’Globaliséierung jo och dozou gefouert huet, datt wann an enger Regioun e Problem ass, déi hallef Welt stëll steet, well déi grouss Multien alles delokaliséiert hunn.

Am däitlechste gëtt dat am Pharmaberäich.

Et kann dach net sinn, datt mer driwwer diskutéiere mussen, ob mer nach basesch Medikamenter an Europa hunn, well d’Pharma-Industrie grouss Deeler vun hirer Produktiounsketten ausgelagert hunn.”

Eng grouss Léier aus der Kris muss awer och sinn : mir brauchen als Lëtzebuerger eng sérieux Politik vun der Groussregioun. Spéitstens wann eis Nopere riskéieren hir Grenzen zou ze maachen, wësse mer, datt hei näischt méi leeft. Besonnesch am Gesondheetssecteur. Dat ass déi allergréisste Gefor, déi eisem Land dréit.

Sozial brauche mer keng Distanz, mee mënschlechen Zesummenhalt

déi allergréisste Léier aus dëser Kris ass awer, datt mer staark ëffentlech Servicer brauchen, an un alleréischter Platz: e staarken ëffentleche Gesondheetssystem. An ech ka just hoffen, datt sech an e puer Méint all déi un dës Kris erënneren, déi ënner dem Motto vum ‘Virage ambulatoire’ nach gefuerdert hunn, mer missten d’Gesondheetsservicer privatiséieren a Prestatiounen outsourcen. 

Solidaritéit ass de mot d’ordre. A Respekt ass dat Mannst wat een de Leit kann temoignéieren, déi am Moment all Dag am Asaz si fir eis all déi wesentlech Servicer kënnen ze garantéieren, déi mer brauche fir de Coronavirus an de Grëff ze kréien an eis Gesellschaft um rullen ze halen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe