De politesche Stamminee – KONTERBONT – Thema „Mindestloun zu Lëtzebuerg“

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

(-) Ass eisen aktuelle Mindestloun iwwerhaapt nach un d’Liewensëmstänn hei am Land ugepasst?

Definitiv net! Trotz enorme Wuesstemszuele geet d’Schéier tëschent aarm a räich ëmmer méi wäit auserneen, an ëmmer méi Leit sinn dem Aarmutsrisiko ausgesat – an Zuelen ausgedréckt schwätze mer vu bal 20% resp. wäit iwwert 110.000 Leit déi hei zu Lëtzebuerg wunnen. Am meeschten dovunner betraff sinn alengerzéiend Familljen a Jonker.

Eng Vollzäitaarbecht schützt zu Lëtzebuerg net méi virun Aarmut. Vun deem sougenannte Phänomen vun de working poor si mëttlerweil ronn 12% vun den AarbechterInnen betraff, wat ee vun den héchsten Taux’en a ganz Europa ass. Ursaachen dovunner sinn den ze déiwe Mindestloun dee mat 1998€ Brutto ënnert der Aarmutsgrenz läit, an d’Indexmanipulatiounen an der vergaangener Legislaturperiod, wouduerch d’Kafkraaft enorm zréck gaang ass. Net nëmmen beim Akommes mee och bei den Ausgaben gesäit et bei ville Leit ëmmer méi schlecht aus. Den déckste Budgetsposten bei de meeschte Leit ass d’Wunnen, a bei Präisser déi all Joers an der Moyenne ëm 5% klammen ass schnell erkläert wisou den aktuelle Mindestloun vill ze niddreg ass fir gutt zu Lëtzebuerg liewen ze kënnen.

déi Lénk hu vill Initiativen an de Beräicher Aarbecht a Logement déi lescht Joren an d’Parlament an an d’Gemengeréit abruecht, a sëtzen sech weider dofir an fir deem onnéidege Misär een Enn ze setzen. Konkret fuerdere mer datt de Mindestloun an zwou Etappen op 60% vum Medianakommes erhéicht gëtt (dat mécht haut 2.380 Brutto aus). Duerch dës Ehéijung géing de Mindestloun endlech iwwert deem Montant leien deen een dem STATEC no brauch fir zu Lëtzebuerg en dezent Liewen féieren ze kënnen. Och wier Lëtzebuerg nees konform mat der europäescher Sozial-Charta, wou Lëtzebuerg sech duerch d’Ratifizéierung vun dëser Charta verflicht huet dofir ze suergen datt de Mindestloun héich genuch ass fir dovunner liewen ze kënnen.

(-) Schued eng Erhéijung vum Mindestloun net eiser Kompetitivitéit?

Mier hunn hei zu Lëtzebuerg déi héchsten Aarbechtsproduktivitéit pro Kapp vun den EU-15 Länner. Donieft hunn d’Betriber zu Lëtzebuerg déi déifste reell Steierlaascht an Europa: néierens sinn d’Steieren an d’Cotisations sociales sou niddereg wéi zu Lëtzebuerg. Et ass also nach vill Loft no uewen fir de Mindestloun konsequent ze erhéijen. Et sief drun erënnert datt déi aktuell Regierung d’Betribsbesteierung vun 21% op 18% erof gesat huet am Kader vun der Steierreform vun 2017.Laut enger Analyse vun der Europäescher Kommissiounen hunn déi héich Akommesklassen an d’Entreprisen am meeschtens vun dëser Steierreform profitéiert. Och kommen haut 2/3 vun de Steierrecettë  vum Salariat a just 1/3 vun den Entreprisen – 1980 war dës Verdeelung genau ëmgedréint. All dës Entwécklungen hunn dozou bäigedroen datt de Staat haut ënnerfinanzéiert ass, an datt Suen feele fir an den ëffentleche Wunnengsbau, den ëffentlechen Transport an an erneierbar Energiequellen z’investéieren. Dëse Retard bei den Investitioune behënnert d’ekonomesch Entwécklung zu Lëtzebuerg. Donieft muss een drop hiweisen, dass Secteur’en, déi Wueren a Servicer exportéieren an déi soumat a Konkurrenz zu anere Länner stinn, an der Reegel souwisou méi héich Léin bezuelen a soumat vun enger Erhéijung vum Mindestloun  net direkt betraff wieren.

(-) Zu Lëtzebuerg gëtt et de Mindestloun fir qualifizéiert an deen fir onqualifizéiert Aarbechter. No 10 Joer Beruffserfarung an engem bestëmmte Beräich kann een onqualifizéierten Aarbechter och de qualifizéierte Mindestloun kréien. Allerdéngs schéngt déi Regelung net ëmmer ganz kloer. Wéi misst dat Gesetz Ärer Meenung no geännert ginn?

Dës Reegelung gräift effektiv net systematesch, ganz zum Nodeel vun de Betraffene wou oft am Niddreglounsecteur schaffen. Och gëtt d’Reegelung a Beräicher wou se kloer definéiert ass trotzdeem oft vun de Patron’en ëmgaangen andeems behaapt gëtt déi betraffe Persoun kéint déi néideg Erfarung a Kompetenzen no 10 Joer am Beruff schaffen nach ëmmer net opweisen.

De Betraffene bleift dann näischt anescht iwwreg wéi sech dat Recht anzekloen – e Wee deen déi mannsten sech trauen anzeschloen aus Angscht ëm hier Aarbechtsplaz. Dowéinst setzen déi Lénk sech dofir an datt legal Mindestnormen déi d’Qualifikatioun, d’Erfarung an d’Formatioun reegelen an allen ekonomesche Beräicher agefouert ginn, an datt dorop opbauend d’Urecht op de qualifizéierte Mindestloun no 10 Joer an engem Beruff muss garantéiert ginn.

déi Lénk

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe