De politesche Stamminee – KONTERBONT – Thema „Télétravail – Homeoffice“

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

(-) D’Schaffe vun doheem gëtt en ëmmer méi wichtegt Thema. Wéi steet Är Partei zum Télétravail?

D’Schaffe vun doheem ass en zweeschneidegt Schwäert:

Engersäits kann et eng positiv Flexibiliséierung am Interessi vum Salarié sinn, deen den (ëmmer méi laangen) Trajet op d’Aarbecht spuert, respektiv et him generell besser erméiglecht Aarbecht a Privatliewen openeen ofzestëmmen.

Op där anerer Säit kann dës Flexibiliséierung jee no Handhabung awer och zu sengen Ongonschten ausgeluecht ginn an zu enger gréisserer Aarbechtsbelaaschtung féieren, andeems z.B. net déi geschafften Aarbechtszäit gekuckt an ugerechent gëtt, mee réng d’Resultat vun der Aarbecht. Eng weider Gefor läit am Verloscht vum soziale Lien mat den Aarbechtskollegen an de méigleche Schwieregkeete fir Salariéë fir sech kollektiv gewerkschaftlech ze organiséieren.

Nawell ass den Télétravail mëttlerweil eng Realitéit an duerch en interprofessionellen Accord tëscht Gewerkschaften a Patronat vun 2006 och rechtlech garantéiert. Als déi Lénk si mer duerfir, dat d’Reglementatioun vum Télétravail iwwerschafft gëtt a Richtung vun enger Vereinfachung am Interessi vum Salarié.

(-) Kann d’Politik den Télétravail fërderen a wat wieren déi konkret Mesuren?

Den Télétravail spillt sech an engem Kader of, deen d‘Politik maassgeeblech mat definéiert. Net nëmmen de Code du Travail spillt hei eng Roll, mee och europäesch Texter zur Sozialversécherung a bilateral Ofkommesse mat eisen Nopeschlänner am Beräich vun de  Steieren. Besonnesch bei Frontaliere – déi ëmmerhi bal d’Halschent vun de Salariéen hei am Land ausmaachen – ginn et am Moment eng ganz Rëtsch Restriktiounen: esou däerf e Grenzgänger no europäeschem Reglement net méi wéi 25% vu senger Aarbechtszäit a sengem Residenzland schaffen, soss fält hien ënner d’Sozialgesetzgebung vun deem Land a verléiert domadder sozial Rechter zu Lëtzebuerg. Och bei der Fiskalitéit ginn et Reegelen, déi d’Zuel vun den Deeg begrenzen, déi en Grenzgänger doheem schaffen däerf, ouni an deem Land Akommessteiere bezuelen ze mussen.

Wann een zu Lëtzebuerg vun “Télétravail fërderen” schwätzt, da geet et meeschtens ëm en vereinfachten Zougang zum Télétravail an engem komplizéierten europäeschen Ëmfeld.

(-) Wéi muss den Télétravail duerch de „Code de travail” reglementéiert ginn oder ass dat, ärer Meenung no, net néideg?

Als déi Lénk menge mer, datt den Télétravail éischter duerch Kollektivverträg soll gereegelt ginn. Mee et brauch eiser Meenung no awer och en méi kloren gesetzleche Kader am Code du Travail. Dëst gëllt besonnesch wat d’Recht op Onereechbarkeet ugeet. Dëst ass net nëmme mee besonnesch fir Leit, déi vun doheem aus schaffe wichteg, well d’Recht op Deconnectioun eigentlech eréischt d’Grondlag ass, fir d’Recht op Privatliewen och an der Realitéit ëmzesetzen

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe