Aarbecht anstänneg bezuelen: 2381€ Mindestloun.

„Stell dir vir du schaffs säit Joren 40 Stonnen d’Woch als Chauffeur-Livreur a verdéngs de Mindestloun. D’Aarbecht ass ustrengend, stresseg. Du stees permanent ënner Stroum, hänks all Dag am décken Trafic, kriss gemault vun Automobilisten, déi’s du noutgedronge bei de Livraisoune mol behënners. Owes bass du um Enn, kënns net zur Rou. Trotz all dem, kanns du finanziell keng grouss Spréng maachen, um Enn vum Mount gëtt d’Loft dënn. E puer Su gespuert, hues du scho laang net méi. An d’Vakanz fueren? Dat kanns du vergiessen. Da geet et net méi eraus mam Loyer.”

Zu Lëtzebuerg gëtt et déi do Geschicht an zéngdausende verschiddene Versiounen, wëll 45204 Leit[1] (Zuele vun 2016) verdéngen de Mindestloun. Vill anerer verdéngen net vill méi wéi dat. 

Den onqualifizéierte Mindestloun läit säit dem 1. August bei 2048€. Fir eng Persoun ouni Partner an ouni Kanner bedeit dat en Nettoloun vun 1764€. De STATEC huet 2016 e Budget de référence gerechent, am Optrag vun der Regierung. Dobäi gouf e finanzielle Bedarf vun iwwer 1900€ fir eng Persoun ouni Partner an ouni Kanner pro Mount festgehalen. Eng Persoun brauch zu Lëtzebuerg also knapp iwwer 1900€ de Mount fir net an Aarmut liewen ze mussen. Soumat schützt de Mindestloun aktuell net virun Aarmut.

Lëtzebuerg huet en Undeel vun 12% working poor. 12 vun 100 Leit sinn hei zu Lëtzebuerg aarm, obwuel se voll schaffen. An dat an engem vun de räichste Länner op er Äerd. Déi meescht, déi vun dëser Aarmut betraff sinn, verdéngen de Mindestloun oder liicht méi.

Fir déi betraffe Leit, géif eng substanziell Mindestlounerhéijung direkt hëllefen. De Mindestloun muss sou héich sinn, dass all Salarié.e anstänneg vun senger Aarbecht liewe kann.

déi Lénk wëllen dat zur Realitéit maachen. Dofir fuerdere mir eng substanziell Erhéijung vum Mindestloun op 2381€. 

Firwat grad dee Montant? Mir iwwerhuelen eng Fuerderung vum Europäesche Gewerkschaftsbond. Dee fuerdert nämlech, dass de Mindestloun 60% vum Mediansalaire entsprieche soll. Dee läit zu Lëtzebuerg de Moment bei 3968€ de Mount. Mir wëllen de Mindestloun och iwwer Gesetz un déi 60% vum Mediansalaire koppelen, sou dass en a reegelméissegen Ofstänn ëmmer erëm ugepasst gëtt a mat der Lounentwécklung Schrëtt hält. Op dem Wee verhënnere mir gär, dass d’Lounschéier ëmmer weider ausernee geet, wëll déi iewescht Léin meeschtens méi séier klammen, an déi déif Léin stagnéieren.

Eng substanziell a strukturell Erhéijung vum Mindestloun. Op 2381€. Dat ass eng vun de ganz wichtege Fuerderungen an eisem Wahlprogramm. http://2018.dei-lenk.lu/

An der Lounpolitik fuerdere mir donieft och, dass:

(-) D’Recht op de qualifizéierte Mindestloun (aktuell 2458€) no 10 Joer an engem Beruff fir all Salarié.e unerkannt gëtt;

(-) D’Indexéierung vun de Salairë bäibehalen a weiderentwéckelt gëtt, e.a duerch eng Erëmaféierung vun der Virschossindextranche;

(-) Betriber mat iwwer 10 Employé.e.s verflicht ginn, sech un de Prinzip „gläiche Loun fir gläich Aarbecht“ ze halen.

[1] Chambre des Salariés 2018 : Panorama Social, page 25

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe