Annexe: Budget 2018

Bei de Recettë ginn den RTS (29%), d’TVA (22%) d’Solidaritéitssteier (3%), d’Hallschent vum IRPP (2,5%) vun de Stéit bäigesteiert. Donieft komme weider indirekt Steieren, wéi zum Beispill d’Accisen um Sprit, déi och deelweis vun de Stéit bezuelt ginn.

Bei den direkte Steiere fält op, dass 49% vun der Besteierung vun de Léin kommen a just 22% vun de Steieren op de Beneficer vu Betriber. Des Tendenz verstäerkt sech vu Joer zu Joer. Dobäi kënnt d’Hallschent vum IRPP an d’Solidaritéitssteier. Et kann een also dovun ausgoen, dass graff 2/3 vun den direkte Steieren op der Aarbecht opgehuewe ginn a just circa 1/3 um Kapital.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe