De Co-Spriecher vun déi Lénk Gary Diderich huet a sénger Ried ënnerstrach wéi wichteg et ass, en Zukunftsprojet fir Lëtzebuerg z'entwéckelen, den d'Wuel vun de Mënschen, déi bei eis liewen a schaffen, iwwer d'Interesse vu Superräichen, décke Promoteuren a mächtege Konzerner ze stellen. déi Lénk hu säit Joren konkret Elementer vu souengem Zukunftsprojet ausgeschafft, sief et mat eiser alternativer Verfassung (
2014), déi d'Demokratie an d'sozial Rechter fir d'Leit stäerkt, eisem Programm fir d'Logementsproblematik (
2015) wierklech unzepaken oder eise Virschléi am Beräich Aarbecht (
2010 an
2017) fir d'Bedingunge vun de Leit op hirer Schaff ze verbesseren. Fir d'Wahlen am Oktober wäerten déi Lénk weider un dësem Zukunftspojet schaffen an de Leit eng staark Visioun fir e reellen politeschen a gesellschaftleche Wandel presentéieren.
Plus d'informations >