Bei diesem Ping-Pong-Spiel machen wir nicht mit.

Der Abgeordnete Serge Urbany (déi Lénk) zur Sondersitzung „Wickreng-Léiweng”.

Virun engem Mount hun CSV an LSAP eng Enquêtekommissioun an der Chamber ofgeleent.

Gläichzäiteg huet Regirung eng Enquête préliminaire duerch de Parquet veranlasst.

Si ass den 13.Juni hei vum Premier annoncéiert gin.

Si ass dee selwechten Daag vum Parquet ugefaange gin.

Si ass a Rekordzäit gemeet gin.

A si léist Froen opstoen. Et kann een dat ganzt net op d’Behaptung reduzéiren, hei ging « Ausso géint Ausso » stoen. Et get Indizien am Dossier dass eng Drohkuliss bestanen huet. Hei ass net weider recherchéiert gin. Et gouf keng Konfrontatioun vun Aussoen oder vun Zeien. Zeien hu net ënner Eed ausgesot.

Dat hei ass en zimlech iwwelt Pingpongs-Spill:

-D’Regirung schéckt de Ball bei de Parquet obschon se weess dass an enger enquête préliminaire alles op fräiwëlliger Basis an ouni Eed geschitt.

-An da kënnt de Ball zréck, well de Parquet e Minister net ukloe kann. D’Chamber déi all Moyenen geholl kritt huet, selwer eng politesch Enquête ze maachen, soll elo eng penal Enquête ratifizéiren, déi iwwer de Knéi gebrach ass.

Dat Spill maache mär net hei mat.

D’Chamber léisst sech dobäi an hirer Presidentekonferenz, an deër déi Lénk net vertratt ass, exklusiv vum Parquet beroden, wat jo en Organ vun der Justiz ass deen awer och e gewësse Lien mat der Regirung huet.

Den institutionnelle Problem läit hei bei der iwerméisseger Roll vun der Regirung vis-à-vis vun der Justiz (iwer de Parquet) a vis-à-vis vun der Chamber (andeems se hir eng commission d’enquête refuséiert huet).

Den institutionelle Problem läit net dodran dass d’Chamber e Minister ukloe kann. D’Chamber ass souverän a kontrolléiert d’Regirung. Dofir huet se och d’Enquête-Recht. Do läit déi Resolutioun falsch.

Et kann een sech berechtigterweis froen: Wéi wire mer dann anescht hei eraus komm?
Mee ebe just well d’Chamber en Enquête-Recht huet, wat eléischt virun engem Joer moderniséiert gin ass, hätt se d’Méiglechkeet gehat hei direkt selwer eng Enquête ze maachen.

Esou eng Kommissioun ermëttelt à charge et à décharge. Si ermëttelt kontradiktoresch nom Code d‘Instruction criminelle, sou wéi en Untersuchungsriichter. Si huet domat d’Recht och Ministeren ënner Eed ze verhéiren a Perquisitiounen a Saisien ze maachen, och an de Regirungsbüroen.

Ech wëll emol ganz naiv d’Fro stellen:

Hätten déi implizéiert Ministeren net esouguer Intérêt drun, vun esou enger Kommissioun wäissgewäsch ze gin? A net no deër heiter entwürdigener Prozedur, virun allem fir d’Parlament entwürdigener Prozedur.

Elo werte wuel d’Virwërf trotz der Resolutioun bestoe bleiwen. Op dat am Intressi vun denen implizéierte Ministeren ass, weess ech net.

Ech war virun engem Mount däitlech géint eng penal Untersuchung, well déi sech just op déi angeblech Menacen vun engem Minister bezitt, wou et effektiv ganz schwéier ass, dat nozeweisen.

déi Lénk geet et em aner, vill méi wesentlech Froen:

Wou sin d’Grenzen a Konfliktlinnen wann de Staat engersäits als Vertrieder vum allgemengen Intressi, als Gardien vun de Legislatiounen iwer Emweltschutz a Landesplanung handele muss, an anerersäIts sech als exklusive Partner vun eesäitege Privatintressen behëllt?

Wann den Här Rollinger zum Här Juncker seet, seng Gespréicher mam Här Krecké wire wéi ënner Geschaftsleit verlaf, da werft dat dach Froen op.

Am Avis juridique vu Me Turk get en Auteur zitéiert, dee seet dass déi nei Form vu Kollaboratioun vum Staat mat private Promoteuren, fir eigentléch öffentléch Aufgaben ze erfëllen, wéi e Fussballstadium, noutgedrongenerweis zu Opacitéit, d.h. Verdunkelung, a Personaliséirung féiren.

Et ass op deem Hannergronn wou déi Lénk den dossier Wickréng-Léiweng gesin.
Do ka nëmmen eng Enquête-Kommissioun Opschloss gin, déi och politesch kann enquêtéiren a net nëmme strikt penal. Wann op deem Hannergronn e Minister och nach géint de Code pénal soll verstouss hun, an sech dat am Verlaf vun enger enquête parlementaire sollt ergin, déi mer weider fuederen, dann ass dat eng Décisioun fir méi spéit ze huelen.

Ech huelen aus Protest géint déi Aart a Weis wéi hei d’Parlament violéiert get net Deel um Vote vun deër Resolutioun vun der Majoritéit an engem gudden Deel vun der Opposition – ausser esou eng Enquête-Kommissioun get elo direkt agesat.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe