Reform vum Immigratiounsgesetz (Projet de loi 6992)

Wednesday, 08 February 2017

Dogéint! Abschiebehaft fir déi Aarm, de rouden Teppech fir déi Ultraräich: Dës selektiv Immigratiounspolitik ass einfach degoûtant an verstéisst géint all Wäerter, déi mer jo angeblech verteidegen. Plus d'informations >

PdL 7050: Budget fir d’Joer 2017

Wednesday, 21 December 2016

Och wann déi Lénk eng Rei positiv Elementer an dësem Budget gesinn an et kee Spuerbudget méi ass, si mir weiderhin der Meenung, dass dat staarkt Wuesstem vum Land duerch zolidd Investitiounen an d’ëffentlech Infrastruktur muss begleet a gesteiert ginn. Wëll nëmmen sou kënnen déi negativ Konsequenze vun dësem Wuesstem absorbéiert an d’Liewensqualitéit vun den Awunner an de Grenzpendler ofgeséchert ginn. D’Budgetsvirlag vun der Regierung kann déi Aufgaben net erfëllen. Plus d'informations >

PdL 7020 – Steierreform: eng tournée générale aus reng elektorale Grënn!

Wednesday, 14 December 2016

Dës Steierreform ännert näischt un der struktureller Ongerechtegkeete vum lëtzebuerger Steiersystem, setzt keng strukturell Akzenter Richtung nohalteg Entwécklung a bréngt eng zousätzlech Entlaaschtung vun de Räichen an den Entreprisen, déi schonn elo vill ze wéineg zum Staatsbudget bäidroen. Et ass – net méi a net manner – eng tournée générale aus reng elektorale Grënn, déi mir onméiglech kënne matdroen. Plus d'informations >

PdL 7031 – Déclaration «pays-par-pays»

Tuesday, 13 December 2016

Dofir! Obwuel déi europäesch Direktiv eng Rei Lacunen huet, ass et trotzdem e Fortschrëtt um Wee fir méi Transparenz a méi Steiergerechtegkeet. Plus d'informations >

Motioun vun déi Lénk – Fir eng substantiell Erhéijung vum Mindestloun

Wednesday, 07 December 2016

Den aktuelle Mindestloun geet fir ëmmer méi Leit net méi duer fir gutt kënnen ze liewen. Dofir hunn déi Lénk des Woch an der Chamber mat enger Motioun d'Regierung opgefuedert, de Mindestloun méi substanziell erhéijen. Plus d'informations >

PdL 7036 – Reform vun de Gemengefinanzen

Tuesday, 06 December 2016

Dofir! Obwuel des Reform just den Ufank vun enger méi fundamentaler Reform vun de Gemengefinanze ka sinn, si mir der Meenung, dass se an déi richteg Richtung geet, wëll se d’Steierkompetitioun tëscht de Gemengen ofschwächt an de Gemengen, déi eng aktiv Sozial- a Wunnengspolitik maache respektiv mat méi sozialen Erausfuerderungen, méi Mëttelen zur Verfügung stellt. Plus d'informations >