PdL 6892 – Reform vun der Parteiefinanzéierung a Glaichbezuelung bei gläicher Aarbécht vu Fraen a Männer

Thursday, 24 November 2016

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt? Dofir! Jo! De Prinzip “gläiche Loun fir gläich Aarbecht » gëtt endlech am Gesetz festgehalen. Jo ! All Partei muss mindestens 40% Kandidate vun all Geschlecht op senge Lëschten hunn. Plus d'informations >

PdL 6831 – Sociétés d’impact sociétal (SIS)

Wednesday, 23 November 2016

Dofir! déi Lénk sinn ëmmer fir eng Stäerkung vun der économie sociale et solidaire agetrueden, wëll et sech hei em Acteuren handelt, déi hir Aktivitéiten net nom Prinzip vun der Profitmaximéierung ausriichten, mee e positiven, gesellschaftlechen a sozialen Impakt als Zil hunn. Plus d'informations >

PdL 6935 – Reform vum congé parental

Wednesday, 12 October 2016

Dëse Projet bréngt wesentlech Verbesserungen am Interêt vum Salarié. Trotzdeem muss ee kritiséieren, datt déi nei, flexibel Modeller ëmmer vum Accord vum Patron ofhänken. Si stellen also kee wierklecht Recht duer. Dat eenzegt Recht dat bestoe bleift ass de Congé parental vu 4 resp. 6 Méint. D'Regierung ass also leider um hallwe Wee stoe bliwwen. Dofir hu mer eng Motioun gestëmmt, déi d'Regierung opfuerdert an 3 Joer eng Evaluatioun vun der Reform duerchzeféieren. Plus d'informations >

PdL 6929 – Fonds d’Investissement Alternatif Réservé (FIAR)

Friday, 15 July 2016

Dogéint! No der Finanzkris 2008-2009, déi ganz Europa destabiliséiert a Millioune Leit an d'Aarmut gedriwwen huet, hunn d'Politiker grouss Riede gehalen iwwert d'Necessitéit, d'Finanzwelt vill méi streng ze reguléieren. Déi Sonndesrieden si laang passé, elo geet et erëm an déi ëmgedréite Richtung: D'Reguléierung gëtt erëm iwwerall zréck gefuer. Wann et dann déi nächste Kéier kraacht am internationale Finanzsystem – an dat ass just eng Fro vun der Zäit - da wäerten dës FIAR déi éischt sinn, déi Problemer maachen. Plus d'informations >

PdL 6869 – 6874 – Reform vun der Finanzéierung vun de Kulten

Thursday, 14 July 2016

Enthalung! Als Lénk begréisse mer, datt d’Regierung op de Wee geet vun der Trennung vu Kierch a Staat geet. Haaptproblem ass och net d’Tatsaach, datt reliéis Communautéiten eng finanziell Ënnerstëtzung kréien (obwuel eis d’Zommen awer zolidd erschéngen), mee éischter datt déi aktuell Verfassung, déi mam Artikel 106 eng Obligatioun vum Staat virgesäit, fir d’Paschtouer-Paien ze bezuelen, net em- an ofgeännert gëtt. Ouni dës wichteg Ännerung bleift Trennung vu Kierch a Staat Wonschdenken. Plus d'informations >

PdL 6777 – Aféierung vun der Sàrl-simplifiée (1 Euro – Gesellschaft)

Wednesday, 13 July 2016

Dogéint! Mir gesinn d’Noutwendegkeet vun dësem Gesetz net a sinn der Meenung, dass sech hannert dësem neie Statut ganz vill Gefore verstoppen. Plus d'informations >