D’Locataire stäerken. D’Gesetz iwwer de bail à loyer grondleeënd reforméieren.

“Stell der vir du hues 25 Joer, bass fäerdeg mat Schoul a Studium. Du hues eng Aarbecht fonnt a engem Architektebüro, mee déi éischt puer Joer verdéngs du net ganz vill. Du hues nach zwee Méint doheem gewunnt, mee dat huet dech ze vill genervt, et gëtt elo Zäit fir eng eege kleng Wunneng ze lounen. Du sichs a sichs, mee eng gënschteg Wunneng ass net ze fannen, scho guer net an der Stad oder an der Ëmgéigend. D’Loyer’en géife locker iwwer en Drëttel vun denger Paie friessen, och mat der Subvention Loyer vum Staat. An da wëll och nach d’Immobilienagence ee ganze Loyer an de Propriétaire wa méiglech 3 Méint Kautioun. Déi Suen hues du net einfach mol sou um Konto. Dat eenzegt wat’s du do hues ass en décke fette roude Minus. Dat ass de Studenteprêt, deen’s du rembourséiere muss.”

Zu Lëtzebuerg läit den duerchschnëttleche Loyer fir eng Wunneng aktuell bei circa 1400€. Dee Montant gëtt just eng Moyenne erëm a berécksiichtegt net d’Gréisst oder den Zoustand vun enger Wunneng, mee e weist, wéi verréckt d’Präisser zu Lëtzebuerg sinn. Fir de Verglach: de Mindestloun läit de Moment bei 2048€ Brutto.

D’Deierecht bei de Loyere klëmmt och rasant. Tëscht 2005 an 2017 sinn déi annoncéiert Loyer’en (eng richteg a verlässlech Erhiewung gëtt et net) fir Haiser em 33%, fir Appartementer souguer em 46% geklommen. D’Lounentwécklung zu Lëtzebuerg hält do bei wäitem net méi mat.

D’Präisser um Wunnengsmaart gi just nach duerch d’Ongläichgewiicht tëscht Offer an Nofro an duerch Spekulatiounsgeschäfter bestëmmt. Mat de reelle Liewenskäschten hunn se näischt méi ze dinn, se klammen em e Villfacht méi séier wéi déi.

Ëffentlech Wunnenge ginn et bei wäitem net genuch. Dat weisen eleng schonn d’Waardelëschten: wärend beim Fonds du Logement 2.500 Persounen op eng Wunneng waarden, sinn et der bei der AIS 1.300 déi op e Relogement waarden.

Déi allermeeschte Leit, déi op Wunnengssich sinn a sech näischt kafe kënnen oder wëllen, mussen also um private Marché lounen. Hei gi se mat Immobilienagence konfrontéiert, déi an 99% vun de Fäll am Optrag vum Propriétaire schaffen, mee dem Locataire dann awer e Mount Loyer Provisioun verrechnen. Derbäi kënnt d’Kautioun, déi de Locataire berappe muss, oftmools 3 Méint Loyer. Rechent een dat zesummen, sti fir vill Locatairen direkt Dausenden Euro’en zu Buch, just fir mol e Schlëssel vun der Wunneng ze kréien.

D’Regierung huet e puer Hëllefen agefouert fir Locatairen. Mee dat si just e puer Drëpsen op de waarme Steen. Sou ass d’Subvention Loyer bis elo en Echec op ganzer Linn an eng Fehlkonstruktioun. Nëmme wéineg Leit froen se a bei deejéinegen, déi se kréien, geet et hannen an vir net duer, d’Loyer’en klammen sou séier, dass d’Subventioun no 2-3 Joer opgefriess ass. Bei der Subvention Loyer handelt et sech am Endeffekt em eng Subventioun vun der Verdeierung zugonschte vu Propriétairen. De strukturelle Problem um Wunnengsmaart gëtt domat verschäerft.

déi Lénk wëllen déifgräifend Verännerungen an der Logementspolitik an dat och zu Gonschte vun de Locatairen. Nieft de Virschléi fir méi ëffentlech a gënschteg ze bauen, wëlle mir d’Gesetz iwwer de bail à loyer komplett reforméieren. Zu dem Zweck hu mir an de leschten 18 Méint och zwee Gesetzer an der Chamber deposéiert. Bis elo gi se awer vun den anere Parteien ignoréiert.

Wat wëlle mir mat deene Gesetzer veränneren?

Mir wëlle Locatairen den Accès zu enger Wunneng erliichteren.

(-) D’Frais d’agence sollen an Zukunft vum Opdraggeber bezuelt ginn, net méi vum Locataire.

(-) De Montant vun der Kautioun soll op 1 Mount begrenzt ginn an net wéi haut nach op 3 Méint.

Mir wëllen d’Entwécklung vun de Loyere wierksam encadréieren.

(-) An Zukunft soll de Wäert vun enger Wunneng anescht gerechent ginn. D’Deierecht, déi duerch Spekulatioun an de massive Manktem u Wunnengen entseet, soll bei der Berechnung vum Wäert erausgerechent ginn. Sou géif och de Loyer, dee maximal dierf gefrot ginn, däitlech erofgoen.

(-) D’Rechter vun de Locataire soll gestäerkt ginn. Et soll fir si méi einfach ginn eng Reevaluatioun vum Loyer z’erwierken.

Weider Erklärungen iwwer dëse Gesetzesvirschlag fannt dir HEI.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe