Konterbont – Ekologie an Ekonomie

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

Elektromobilitéit, Wand- a Solarenergie, Kreeslaafwirtschaft… den Trend zu enger méi nohalteger Entwécklung ass kloer. Wéi kann d‘Politik drop awierke fir dësen Trend zu engem Wirtschaftsstandbeen zu Lëtzebuerg ze maachen?

Soulaang zu Lëtzebuerg weiderhin op schiedlech Nischepolitik gesat gëtt, gesinn déi Lénk eng méi nohalteg wirtschaftlech Entwécklung äusserst skeptesch. Ob et sech em Steieroptimiséierung zugonschte vu grousse Multinationalen handelt, em onmoralesch Aktivitéite wéi de SpaceMining oder em den Tanktourismus: wirtschaftlech Aktivitéiten, déi d’Ongläichheete verschäerfen, natierlech Ressourcen zerstéieren an net zukunftsfäeg sinn, kënnen an eisen Aen keng nohalteg Wirtschaftsstandbeen sinn.

De Staat muss endlech méi Verantwortung iwwerhuelen an d’ekologesch Transitioun ugoen. Dëser Erausfuerderung kann d’Privatwirtschaft net gerecht ginn, wat sech duerch déi feelend Investitiounen an d’Energietransitioun, de Logement oder nach sozial an ekologesch Wirtschaftsberäicher däitlech weist. De Staat an och d’Gemenge sinn hei gefrot a mussen d’Stoussrichtung virginn an d’Zukunft vum Land endlech an d’Hand huelen!

Lëtzebuerg huet ëmmer iwwer den Tanktourismus vill steierlech Recettë gehat. Dat riskéiert sech an Zukunft ze änneren. Wéi kréie mir dëse finanzielle Verloscht ärer Meenung no opgefaangen?

Déi jëtzeg Regierung huet eng Etüd an Optrag gi fir den Impakt vum Tanktourismus erauszefannen. Dorausser ass kloer ervirgaangen, dass d’Gesamtkäschte vum Tanktourismus méi héich leie wéi de Virdeel, dee Lëtzebuerg iwwer d’Recetten dorausser zitt. Dat läit dorunner, dass den Tanktourismus massiv Klima- an Ënweltschied mat sech bréngt, Loftverschmotzung a Kaméidi bedeit an donieft och nach permanent Investitiounen an de Stroossebau néideg mécht.

De Moment mécht d‘Regierung kee Schrëtt a Richtung Ausstig aus dem Tanktourismus. Wa bësse manner Camion’en bei eis tanke kommen, dann huet dat an éischter Linn domadder ze dinn, dass aner Länner hir Taxen – och a Reaktioun op eis ganz déif Taxen – erofgesat hunn an et sech soumat fir vill Camionneuren net méi lount bei eis ze tanken. Dës Form vu Steierdumping weist wéi schiedlech den Tanktourismus ass, net nëmme bei eis, mee och bei eisen Noperen.

Fir déi Lénk ass et evident, dass Lëtzebuerg aus dem Tanktourismus muss erausklammen. Dat kann awer net vun haut op muer passéieren, mee muss mëttelfristeg geschéien, mat engem kloren an transparenten Zäitplang, fir dass jiddereen sech kann drop astellen. Doduerch kéint och d’Baisse bei de Recetten opgefaange ginn, andeem aner Aktivitéiten opgebaut ginn an aner Steieren erhéicht ginn, zum Beispill déi op de Beneficer an op d‘Kapital.

An Däitschland däerf een a verschiddene Stied net méi mat engem Dieselauto fueren. Wat soll Ärer Meenung no an noer Zukunft op de Besëtzer vun engem Diesel zu Lëtzebuerg duerkommen?

Beim Dieselofgas-Skandal handelt et sech em organiséierte Bedruch vu groussen Autoshiersteller, déi de Konsumenten Autoe verkaf hunn, déi vill méi verschmotzen, wéi se dat eigentlech dierften. Aus dem Grond sinn déi Lénk och géint politesch Entscheedungen, déi elo dem Keefer oder der Keeferin vu sou engem Auto de schwaarze Péiter zouspillen. Bei de Fuerverbueter ass dat awer de Fall, besonnesch wann se ouni Virwarnung an Transitiounsphasen agefouert ginn. Bestrooft ginn dann déi Leit, déi sou en Auto kaf hunn a besonnesch déijéineg, déi d’Suen net hunn, fir sech en aneren ze kafen. D’Hiersteller mussen déi betraffen Auto’en op hir eege Käschten norëschten an assuréieren datt se d’Normen erfëllen.

Trotzdeem sinn déi Lénk der Meenung, dass d’Präsenz vun Dieselautoen op der Strooss, déi geféierlech Feinpartikelen ausstoussen, muss reduzéiert ginn. Dofir menge mir, dass d’Besteierung vum Diesel progressiv muss eropgoen, mee och hei esou, dass et fir d’Leit net iwwerraschend kënnt a si sech dorobber astelle kënnen.

Sou Upassunge vun der Taxéierung vum Sprit mussen awer vun enger gesamter Mobilitéitsstrategie encadréiert ginn an déi vermësse mir de Moment. Et muss konsequent op den ëffentlechen Transport an d’douce Mobilitéit gesat ginn, fir sou d’Benotzung vum Privatauto no an no ëmmer méi iwwerflësseg ze maachen. Da spillt och de Präis vum Sprit eng manner wichteg Roll. D’Leit mussen sech ouni Auto kënne beweegen an dat net nëmmen an de Stied oder de Ballungsraim an och net just bis Mëtternuecht. Nieft dem Ausbau vun der Offer vum ëffentlechen Transport, wëlle mir den ëffentlechen Transport och gratis maachen a sou den Accès fir jiddereen garantéieren.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe