L’intervention de notre député Serge Urbany dans le débat sur les projets commerciaux de Livange et Wickrange

Le 13 juin 2012 a eu lieu à la Chambre des Députés le débat sur les projets commerciaux de Livange et de Wickrange. Voici l’intervention du député de déi Lénk, Serge Urbany:

view video on chd.lu

Den Avis juridique vu Me Florence Turk werft bei deser Debatt eng ganz Partie vu wichtege Froen op a get Äntwerten drop, déi fir d’Regirung onbequem sin.

An dem Sënn ass d’DP ze félicitéiren, den Avis an Optrag gin ze hun.

Den Avis juridique zitéiert ugangs en Auteur iwer d’ »montages contractuels complexes » tëschent Staat a privaten ékonomeschen Akteuren:

« Il ne fait aucun doute que dans de nombreuses hypothèses la décision d’avoir recours à un montage complexe procède de la volonté délibérée des parties contractantes d’esquiver, d’échapper à certaines règles », z.B. déi Gesetzer , déi méi Transparenz am Emgank mat den öffentléche Mëttele verlaangen, a mengt esouguer :

« En ce sens, montage complexe pourrait sous-entendre opacité et personnalisation des rapports contractuels. »

Déi Wiirkung gesäit een hei däitlech.

An do si mer beim Kär vum Problem, den desen Avis juridique fräileet:

De Bau vun engem nationale Fussballstadion, dee jo sans aucun doute am intérêt public geschitt, ass

– entweder als e service public unzegesin deen un e privaten Akteur delegéiert get;

-oder als e PPP (Public-Privat-Partnership) wou sech Staat a private Promoteur d’Käschten deelen.

A béide Fäll hätt d’Regirung d’Obligatioun gehat, wéi den Avis noweist, esouwuel vis-à-vis vun der Öffentléchkeet, wéi vun der Chamber, wéi – wann ee wëll an der Logik Privat-Staat bleiwen – vis-à-vis vun anere potentiellen Ubidder transparent an offen ze handelen.

Déi Informatiounspflicht betrëfft iwrijens och – muss een derbäi soen – déi spéider Notzungsbedingungen vum private Stadion fir Sportveräiner.

Domat get d’Argumentatioun vun der Regirung widderluecht, dass et sech beim Projet em e reng privat finanzéierte Projet handelt, deen d’Regirung fräi wir fir z’ënnerstëtzen, ouni irgend engem Rechenschaft ofzeleën an ouni öffentléch an transparent firzegoen.

Ech wëll méch net hei mat dem Anektotenhaften am Dossier Léiwéng befaassen.

Ech ka méch och net mat der Logik u séch vun esou engem Projet vu private Promoteuren befaassen, dee jo – wéi hei gesot gin ass – aus engem Gromperestéck eng Goldmine mécht. Den Här Fayot verweist op auslännesch Beispiller, ech weess net watfir Oligarchen en domat mengt … dee vu Charkiw?

Mee wat mir als déi Lénk op jidde Fall verlaangen, dat ass en Inventaire an eng Veröffentléchung vun allen Accorden déi d’Regirung mat private Promoteure getraff huet an aner Piècen déi de prêt ou de loin den Intérêt public betreffen.

Mer ënnerstëtzen dobäi och d’Asetzung vun enger Commission d’enquête déi als eenzeg kann der Chamber, als eigentléche Souverän hei am Land, d’Moyene gin, déi Texter ze kréien an och méiglech Zeien ënner Eed ze héiren.

Et handelt sech hei offensichtléch net em eng Regirungskris, mee em eng demokratesch Kris vis-à-vis vun der Exekutivgewalt.

Ech maachen hei keng Virwërf déi de penalen Aspekt behandelen, ech hu keng Beweiser.

Déi penal Fro get hei bewosst dramatiséiert.

Penal Plainten a Géigeplainten huelen awer der Chamber d’Souveränitéit ewech.

Wann et dozou kënnt, hun déi d’Verantwortung déi di Commission d’enquête ofleenen.

(Eleng dat geschwatent Wuert gëlt)

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe