Logementskris: Schluss mam Gepiddels, de Problem un der Wuerzel paken!

déi Lénk hunn am Kader vun der Logementsdebatt een neit Gesetz deposéiert, fir d’Loyer’en erof ze drécken an d’Rechter vun de Lokatären ze stäerken. Donieft hu mir 4 Motiounen eraginn, déi d’Haaptproblemer vum Logement zu Lëtzebuerg thematiséieren. déi Lénk hu bei dëser Debatt eng sérieux Strategie presentéiert, wéi een d’Logementskris iwwerwanne an endlech genuch bezuelbare Wunnraum schafe kann.

1 Gesetz

All Infos dozou fannt Dir HEI

4 Motiounen

1) Gemenge finanziell stäerken. Bei der Ëmklasséierung vu Bauterrain’en vervillfacht sech de Wäert vum Terrain. D’Gemengen hunn awer guer näischt dovunner. Et profitéieren an der  Reegel déck Promoteuren a Spekulanten, während d’Gemeng Infrastrukture muss finanzéieren, déi duerch de Wuesstem vun der Gemeng entstinn. Dofir proposéiere mir d’Aféierung vun enger Besteierung vum Mehrwert, dee bei der Ëmklasséierung vum Terrain entsteet. An der Schwäiz gëtt dat scho laang praktizéiert. Motion 1

2) Eegentum verpflicht. 92% vun de Bauterrain’en befannen sech a Privatbesëtz. Bei grousse Bauprojet’en spekuléiere grouss Terrainsbesëtzer oft op nach méi héich Präisser a wëllen net verkafen. Domat blockéiere se wichteg Wunnengsbauprojet’en. déi Lénk mengen, dass een iwwer dëse Problem diskutéiere a Léisunge siche muss, fir de Wunnengsbau ze beschleunegen. Motion 2

3) Bezuelbare Wunnraum schafen. Zu Lëtzebuerg ginn all Joer 4000-5000 Wunnengen ze mann gebaut. Déi komme bei den historesch agesammelte Retard derbäi, wouduerch et risege Manktem u Wunnenge gëtt. Doduerch klammen d’Präisser, bei der grousser Demande no Wunnraum ëmmer méi. Dëse Problem kann an eisen Aen nëmme vun der ëffentlecher Hand behuewe ginn. Besonnesch d’Gemenge brauchen awer Planungssécherheet a finanziell Mëttele fir Wunnraum kënnen ze schafen. Kleng Gemenge brauchen och Hëllef bei der Gestioun vun hire Projet’en. Dofir wëlle mer en ëffentlechen Acteur am Logement schafen, den déi Aufgaben assuréiert. Motion 3

4) 3% TVA fir den net-profitorientéierte Wunnengsbau. Zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Rëtsch Organisatiounen (ONG’en, ASBL’en, Wunnkooperativen, etc.) déi aktiv bezuelbare resp. soziale Wunnraum schafe fir Leit déi immens Schwieregkeeten hunn eppes um fräie Marché ze fannen. Dës Organisatioune ginn allerdéngs behandelt wéi all normale profitorientéierte Promoteur zu Lëtzebuerg. Doduerch  mussen se 17% TVA op d’Baukäschte bezuelen, woubäi Privatleit vun engem super gënschtegen Taux vun 3% profitéieren.
Dofir hu mer eng Motioun agereecht déi d’Regierung opfuerdert d’Gesetz ze ännere fir datt all Acteuren déi zu Lëtzebuerg bezuelbare resp. soziale Wunnraum schafen och an de Genoss komme vun 3% TVA op de Baukäschten.Dës Motioun koum net zum Vote an der Chamber, mee gouf un déi zoustänneg Chamberkommissioune weidergereecht fir datt se dës Fuerderung am Detail studéiere kënnen. Motion 4

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe