Motioun vun déi Lénk – Fir eng substantiell Erhéijung vum Mindestloun

Em wat geet et an eiser Motioun?

An der Chamber gouf de 7. Dezember eng kleng Erhéijung vum Mindestloun gestëmmt, 26€ de Mount méi fir den net-qualifizéierten an 32€ de Mount méi fir de qualifizéierte Mindestloun. Sou Erhéijunge gi routineméisseg all zwee Joer gemaach, fir de Mindestloun sou un d’Augmentatioun vum Duerchschnëttsloun unzepassen.

déi Lénk hunn des Erhéijung ënnerstëtzt, mee sinn awer der Meenung, dass och dee liicht erhéichte Mindestloun bei wäitem net duergeet, fir de Leit mat Salairen am Beräich vum Mindestloun e gutt Liewen z’erméiglechen. Dofir hu mir eis laangjäreg Fuerderung no enger substanzieller Erhéijung vum Mindestloun mat enger Motioun an der Chamber widderholl.

Wat ass wichteg ?

Zu Lëtzebuerg verdénge ronn 50.000 Leit de Mindestloun, wouvun circa 60% den onqualifizéierte Mindestloun kréien, also 1922€ de Mount (1949€ ab Januar 2017). Berechnunge vun der OECD an dem Europarot no kréien déi Leit e Salaire, dee mol net 50% vum lëtzebuergeschen Duerchschnëttsloun entsprécht. D’Kafkraaft vum Mindestloun (a vun alle Léin) huet och säit 2006 opgrond vun den Indexmodulatioune vun dëser an de Virgängerregierunge massiv gelidden. Dëse Verloscht bei de Léin allgemeng an den ze déiwe Montant vum Mindestloun hunn dozou gefouert, dass ëmmer méi Leit net méi mat hirem Revenu iwwer d’Ronne kommen. A kengem anere Land vun den EU-15 ass den Taux vun de working poor sou héich wéi zu Lëtzebuerg: 10,8% vun de Stéit zu Lëtzebuerg kënnen also net oder nëmme schlecht mat hirem Aarbéchtsloun liewen.

Dat kritiséiert och den Europarot opgrond vun der Europäescher Sozialcharta, déi Lëtzebuerg och ënnerschriwwen an am Parlament ugeholl huet. Lëtzebuerg verstéisst mat dem ze déiwe Mindestloun nämlech géint déi Charta, wëll den Europarot seet, dass nëmmen e Salaire, dee 60% vum Duerchschnëttsloun erreecht, e gutt Liewen erméiglecht. déi Lénk fannen dat och an hunn dowéinst d’Regierung opgefuerdert de Mindestloun deementspriechend méi substanziell eropzesetzen (also ongeféier 300€ beim Netto). Donieft hu mir d’Regierung gefrot en Aktiounsplang géint de Phänomen vun de working poor z’entwéckelen. Hei spillt nämlech net just d’Héicht vum Mindestloun eng Roll, mee och den héije Logementspräis oder d’Flexibiliséierung um Aarbechtsmaart.

Wéi gouf ofgestëmmt?

LSAP, DP, déi gréng an den ADR hu géint eis Motioun gestëmmt, d’CSV huet sech enthalen. D’Motioun gouf also mat 35 Nee-Stëmmen, 22 Enthalungen an 3 Stëmmen dofir (2x déi Lénk, 1x CSV) verworf.

Eis Motioun ass HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe