Pressekonferenz: CSV-LSAP Halbzeit-Bilan

01/30/2007
Wat kascht eis dës Regierung? Fir dës Fro direkt ze beäntweren, ouni et an Euroën auszedrécken –dat ass scho genuch gemach gin- mus ee soën: Op jidder Fall dee leschte Nerv! Mir stelle fest: eise Premier gët ëmmer méi nervös. Dat ass dat éischt Zeechen, dass eise Staatsapparat sech an eng Situatioun eramanövréiert huët, aus där en Auswee ëmmer méi onméiglech schéngt.

Mee amplaz Feeler zouzegin an d’Steier erëmzerappen inszenéiert eise Premier op der nationaler Bühn, fräi nom Handke, eng Aart  „Publikumsbeschimpfung“:

wann hei zu Lëtzebuerg ausser den Dokteren emol erëm een de Courage huët ze streiken, an dësem Fall d’Schüler, gin se ofgekanzelt mat der Aussoo, sie hätte besser no der Schoul sech direkt eng Aarbecht ze sichen amplaz Vakanz ze man, an aaneren „Hotel Mamma“-Topechkeeten, wann d’Spekulanten, trotz Steierbelounungen a naiven Opfuërderungen hir Bauterrainë méi bëlleg ze verkaafen, monter weiderfuëren sech gëlle Nuëse wëllen ze verdéngen, braust eise Premier am nexte Briefing op an iërgert sech iwwert déi „déi am Geld schwammen a soss näischt am Kapp hu  wéi nach ëmmer méi Geld zesummenzeraafen“.

A genee do muss e jo awer dann anhaaken a sech d’Fro stellen, wien dann eigentlech verantwortlech ass fir déi Politik, déi elo schon iwwer Joren hir Friichten dréit an doranner besteet di Räich  méi räich an di Aarm méi aarm ze man? A prinzipiell muss een sech froë wat fir een Afloss d’Regierung iwwerhaapt nach huët.

Wann ee gesäit wéi keck entretemps Patronats- an Industrielleveräiner optriëden mat Aussoë wéi „am soziale Beräich ass nach vill Spillraum dran“ oder mat Aktioune wéi déi vun der ABBL, déi elo ebeemol d’Aarbechtsgeriicht brauch fir sech de Kollektivvertraag erklären ze loossen, ouni dass do vun der Regierung eng Reaktioun kënnt.

D’Regierung geet mat wichtege Froë nët an d’Chamber mee an d’Tripartite fir hanner zouënen Diiren d’Gewerkschafte kënnen an den Eck ze drécken. D’Tripartite, déi während der Stolkris secher eng wichteg Fonktioun erfëllt huët, gët haut aawer mëssbraucht fir di neoliberal Ausrichtung vun eisem ekonomeschen Apparat ze festegën. Nët fir näischt kritt d’Chamber d’Décisioune vun der Tripartite am Kader vum Budget’srapport vun engem Vertriëder vun der ABBL erklärt a schmackhaft gemaach.

D’Aussiichten dass sech an der nexter Zukunft eppes kéint ännere si gläich NULL! Wa mer dem Premier säi Neioschinterview richteg nogëlauschert hun war „Lëtzebuerg an der OECD am Spëtzepeloton wat d’Besteierung vun de Betrieber ubelaangt an ass elo amgaang an d’Mëttelfeld ofzerutschen......“ Wann dann och nach de Laurent Mosar vun der CSV der staunender Oeffentlechkeet mattdeelt dass „80% vun de Betriiber keng Gewerbesteier méi zu Lëtzebuerg bezuëlen“ wësse mer genee, wat op eis zoukënnt:

Lëtzebuerg fiirt monter weider mam fiskalen Dumping,

Ausgerechent déi, déi bei der katastrophaler Steierreform eiddel ausgaange si, gin elo mat 5611 an aaneren Tricken derzou verdonnert de Staatsbudget an den Equiliber ze bréngen, wéi wann di aktuell 13% vun der Populatioun, déi ënnert d’Aarmutsgrenz gerutscht si, keng Hëllef verdéngt hätten,

D’Gemengefinanzéierung gët och an Zukunft nët verbessert, sou dass weider mat Taxenerhéijungen ze rechnen ass an ëmmer méi Gemengeservisser käschtendeckend musse fonktionnéieren.

An di eenzeg Mesür, déi Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch hätt kënnen an d’21. Jorhonnert erabrénge, nämlech den aarbechtsrechtlech propperen Eenheets-Statut, gët ausgehillegt an zerriëd.

Wéi zynesch kléngt et an dësem Kontext wa mer an auslänneschen Zeitungen, wéi an der tageszeitung vum 30. Dezember 2006, en Interview mat eisem Premier „...ein Politiker, den seine Landsleute für seine soziale Haltung loben...“ folgend Sätz liësen:

„ Wir sehen untätig zu, wie sich die Arbeitnehmer von der Europäischen Union abwenden. Daher brauchen wir nicht nur eine Währungs-, sondern auch eine Sozialunion.“

oder

„Wir brauchen zum Beispiel Mindestregeln beim Kündigungsschutz“

oder

„Mich ärgert zunehmend, dass man denkt, der typische Arbeitsvertrag wäre ein befristeter. (...) Das hire and fire-System schränkt das Recht der Arbeitnehmer auf Grundsicherheit massiv ein.“

Dorausser hätt een eigentlech en zolitte „Séchere Wee-Walprogramm“ bastele kënnen.

Dass déi Lénk mat hirer Analyse nët eleng dostin ass spéitstens zanter dem Referendum iwwert den europäeschen Verfassungstext kloër, wou sech ëmmerhin 43% vun deenen, déi hun därfe mattofstëmmen, nët vun der Regierung awéckele gelooss hun. Déi Lénk wärt och an Zukunft nët midd gin di geféierlech Ausriichtung vun der Regierungspolitik ze thematiséieren an all fortschrëttlech Kräften, ob Gewerkschaften oder Beweegungen aus der Zivilgesellschaft, mat all eise Méiglechkeeten z’ënnerstezen fir een aanert Lëtzebuerg méiglech ze man.
 

(Exposé Guy W. Stoos)

Zurück zur Liste
 

Nächste Veranstaltungen

  • Stop ACTA : Manifestation ce samedi pour défendre la liberté d'internet

    Mehr
  • Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940

    Mehr
  • 9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»

    Mehr
 
 

Agenda

M D M D F S S
 
 
1
 
2
 
3
 
4
 
5
 
6
 
7
 
8
 
9
 
10
 
11
 
12
 
13
 
14
 
15
 
16
 
17
 
18
 
19
 
20
 
21
 
22
 
23
 
24
 
25
 
26
 
27
 
28
 
29
 
 
 
 
 
 

Mitglied werden

Spenden

GOOSCH.LU

déi Lénk on twitter

 

Suche


Erweiterte Suche