"Haut gi massiv Ungrëff op déi sozial Rechter vun de Lounofhängige gestart, eng Well no der anerer"
Virun 2 Méint hat déi Lénk hir Pressekonferenz zur Finanzkriis wou si eng déifgeënd Reorientéirung vun der Politik verlaangt huet.
Déi Richtungsännerung stung bei denen 2 Précampagnen „Liewe kënnen“ a « Recht op Wunnen » am Mëttelpunkt, déi eng Besserstellung vum Salariat zum Inhalt hun.
Zënterhir erliewe mer e «retour aux affaires comme sie rien ne s’était passé» (Arbechterkummer zum Budget). Nët nëmmen op der Bourse, och an der Politik.
Angeblich gët nächst Woch en „antizyklesche Budget“ verabschied.
A Wierklechkeet ass et deen ale Budget virun der Kriis dee bäibehale gët, trotz der Kriis.
E Budget, deen déi Politik verdéift a weiderféiert, déi zur Kriis gefouert huet.
Et ass virun allem e Budget deen op 736 Mio Steiereinnahme verzicht.
Dovun 342 Mio op der Loun- a Gehaltssteier. Dat ass eng verspéiten an onkomplett Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun, keng Emverdeelung vu geschafenem Räichtum. Tëschent 2003 an 2008 huet de Staat 16,4 % Lounsteieren zevill agezun. Dovun gët en 2008 6% an elo 9%, 15% am ganzen erëm - virun de Walen.
Et däerf een dobäi net vergiessen dass et an de leschte Joren ëmmer méi d’Loun- a Gehaltssteier ass, déi de Staatsbudget finanzéiert huet, während d’Betribssteiere gläichzäiteg proportional zréckgange sin. Dat ass déi richteg Emverdeelung, déi nach soll verdéift gin.
De Staat verzicht och erëm fir 2009 op 276 weider Milliounen Steieren fir d’Betriber. An dat ass net nëmmen d’Fortsetzung vun enger aler Politik, mee och den Ufank vun enger neier Politik vu systematischem Steierdumping a Richtung vun enger "flat tax", vun enger flaacher Steier fir d’Betriber, wéi d’Staatsbeamtekummer festgestallt huet. Et kann een dervun ausgoen dass déi um Enn vun dem Prozess bei 18% wert leien + e puer Prozent fir de Fonds Emploi + Gewerbesteier fir d’Gemengen, an da si mer bei dene 25% maximaler Betribsbesteierung déi de Juncker bei senger Ried vun der Lag vun der Natioun am Fréijoer ugekënnigt huet .
Mer werten also no de Walen mat enger komplett verännerter Einnahmesituatioun beim Staat ze din hun bei deër d'Loun- a Gehaltsempfänger an d’Bezueler vu Konsumsteieren an –taxen, d.h. wäitgehend déi selwecht, de Gros vun de Staatseinnahme bezuele werten.
D’Kapitalbesëtzer, d'Kapitaliste, bezuelen da net méi vill an hu méi Suen zur Verfügung fir domat Aarbecht ze kaafen an auszebeuten. Déi Suen zirkuléiren groussendeels iwer d’Boursen an tendéiren zu méiglechst grousse Profiterwardungen. An domadder gët déi nächst Kriis erfirgeruff.
De rezessiven Cercle vicieux an dem de Kapitalismus ukomm ass, baséiert net méi op gesellschaftlechem Fortschrëtt, mee op sozialem Réckschrëtt, op Valoriséirung vun de Geldbesëtzer a vun denen déi no hirer Päif danzen. Dat stellt seng Legitimitéit wéi ni virdrun a Fro, och elo zu Lëtzebuerg dat sech selwer ëmmer e bëssen – dacks zu Onrecht - als e Paradis fir Lounofhängeger duergestallt huet.
Haut gi massiv Ungrëff op déi sozial Rechter vun de Lounofhängige gestart, eng Well no der anerer. Am Viséier stin all déi kollektiv sozial Sécherungssystemer wéi Index, Kollektivléin, Arbechtszäitregelungen, Sécurité Sociale.
Pêle mêle aus de Fuederungen vun de Patronatskummeren zitéiert:
-
Weiderféirung vun der Indexmanipulatioun ; Index nëmme nach bis 1,5mol de Mindestloun; well dat - sou soe si - wir jo an enger Linn mat soziale Krediter déi de Staat der „population à faible revenu“ elo giff gin;
-
d’Lounkäschten engem „monitoring“ – enger enker Iwerwaachung – ënnerwerfen;
-
deen Deel vu Léin den un d’Benefisser gekoppelt ass, steierléch begënschtigen;
-
de Staat soll méi investéiren an a selektiv sozial Hëlleffen stiechen a manner a Léin a sozial Transferten; d’Ausgaben vun de Krankekeesen an de Pensiounskeesen musse strikt kontrolléiert gin (awer d’Pensiounsreserve sollen ausgedehnt an an d’Bourse gestach gin)
-
de Rentenalter erop an d’Pensiounen erofsetzen; well: „la sécurité sociale: une dette cachée hautement dangereuse dans le contexte actuel d’augmentation de la dette publique“ (wéinst dem prêt un d’Banken!).
-
Asw asf ...
Als "Géigeleeschtung" sin dann am Budget 98 Mio fir déi sougenannt Steierkrediter firgesin, d’Häerzstéck vun enger neier „selektiver Sozialpolitik“, déi CSV an LSAP unisono ukënnijen.
Wee nach mengt, hei giff et a Richtung vu méi sozialem Fortschrëtt goen, soll emol noliesen wéi an hiren Avisën zu dene Moossnamen sech d’Handelskummer an d’Handwierkskummer vu Begeeschterung iwer den "Duerchbroch" iwerschloen.
Hei geet et also offensichtlech em eppes wichteges.
Déi sozial Krediter sollen Steierabattementer ersetzen:
-
d’Kannerkrediter an der Steiertabell.
-
De Salarié a Rentnerfräibetrag
-
Den Abattement fir en alengerzéienden Elterendeel.
Déi Abattementen hu wuel méi Steiere gespuert bei Leit déi méi verdingt hun. Si sin duefir kritiséiert gin.
Mä si waren d’Géigeleeschtung zur Progressivitéit vun de Steieren. Deër Progressivitéit, déi schon am kommunistesche Manifest als wiirksam Emverdeelungsmesür gefuedert gin ass, an déi Ufank vum 20.Jorhonnert bei der Lounsteier agefouert an zënterhir als wiirksamt Emverdeelungsinstrument développéiert gin ass.
Eischten a wichtegen Effet vun deër Politik ass also dass déi Abattementen bei de Steiere feelen, dass also méi Steiere musse bezuelt gin.
Mer kréien elo e Steiersystem dee just nach progressiv bei den Désavantagen ass, beim Bezuelen vun der Steier, net méi bei de Vergënschejungen, bei den Abattementën.
Dat wert den Drock immens vergréisseren, d’Progressivitéit bei der Loun- a Gehaltssteier weider ze senken oder ganz ofzeschaafen. Dat desolidariséiert d'Salariat ënnert sech.
Et däerf een dee Faktor kengesfalls ënnerschätzen, emsou méi wann ee weess dass jo eng Regirungsetude fir eng "flat tax" bei de Kapital- a Betribssteiere, mä och bei den Zousatzpensioune a bei den Bauzënse virläit. Si schreckt zwar nach zréck, d’flat taxe op all Lounakommessen auszedenen, well se als „Cadeau aux riches“ kéint bezeechent gin, mee betount an dem Zesummenhang d'Noutwendigkeet vun der Aféirung vu soziale Krediter.
Ween also d’Steierabattementer a d'Steierkrediter, an domat all Käschtenaspekt aus der Steiertabell eraushëllt, deen mécht ideologesch a politesch den Einstig an d’flat tax.
Ech mengen dass dat de But vun der ganzer Operatioun ass: dat historescht Zréckrullen vun der progressiver Lounsteier an hirt Ersetzen duerch onsozial Konsumsteieren déi vun alle Leit bezuelt gin a virun allem déi mat klenge Revenuën treffen (déi dann als Géigeleeschtung "sozial Krediter" kréien).
Déi „kontributiv Kapazitéit“ vun denen Besserverdingenden, déi fräigestallt gët, well se da manner direkt Steiere bezuelen, gët dirigéiert a Richtung Selbstversuergung ausserhalb vum Staatsbudget, a Richtung privat Assurancen a Fräizäitugebueter, och Crêchen, Kliniken asw.
A fir déi di manner gudd verdingen, well hir Patronën näischt wëlle fir d’Arbecht bezuelen, bleiwe minimal staatlech Servicer bestoen.
Irgendwann gin déi sougenannt sozial Krediter dann zesummegeschloen an da si mer bei de neoliberale Spillarten vun „Birgergeld“ oder „allocation universelle“, déi irgendwann dann d’sécurité sociale am klassische Sënn ersetze sollen.
Entweder sollen déi Allocatiounen dann jiddferengem eng minimal gesellschaftléch Ofsécherung garantéiren – an domadder hellt d’gesellschaftléch Verpflichtung op. Oder awer si gi no soziale Kriteren ausbezuelt – an da net méi u jiddfereen wéi elo nach - mat deër dozougehéirender gesellschaftlécher Iwerwaachung an Drockausübung. A watfir eng Richtung déi Krediter vun der Regirung ginn läit nach net fest.
Dat si keng lénk Phantastereien, dat ass hart Realitéit. Dat ass och nozeliesen – wéi mer gesin hun - an den Avisen vun den Patronatskummeren zu all dene Gesetzer.
Fir sech selwer awer sin d’Patronen guer net selektiv.
Niewent manner Steieren fir d’Banken an d’Betriber verlangen se méi öffentléch Investissementer a Subventiounen fir séch selwer – hei gët net mat der Strenz verdeelt, wéi si der Sozialpolitik virwerfen, mee mam Schlauch.
Oder wéi selektiv waren dann déi 3 Milliarden –– déi der Dexia an der Fortis ouni irgend eng Oplag an ouni Kontroll eragestach gi sin?! Esouvill wéi d’ganz Loun- an d’ganz Betribssteieren während engem Joer, esouvill wéi 10000 Wunnéngen ausmaachen.
Wat de Moment zu Lëtzebuer geschitt, dat ass d’Fortsetzung vun der Politik déi schon ugefange gin ass, z.B. mam Gesetz 5611 dat déi Arbechtslos op Trapp brénge soll an d’Léin brieche soll. Z.B. mat der Dereguléirung vun der Arbechtszäit. Oder mat der verstärkter Aussetzung vun de Kranken ënnert den Drock vun de Betriber. Oder mat der Favoriséirung vun den Iwerstonnen aplaatz den Arbechtszäitverkierzungen.
Et läit ganz an der Ligne vun dem wat d’0ECD an d’EU wëllen, nämlech d’Loungefäll erofsetzen an dem vun der Groussregioun upassen.
Dobäi huet d’Privatbeamtekummer ganz kloer an hirem Avis nogewisen, dass d’gesamt Lounkäschten hei net méi héich wéi an de Nopeschlänner leien, mee den Ënnerscheed an de Nettoléin hirkënnt 1. aus niddrige Soziallaaschten, an 2. aus de Zoulage fir Famillen - an an déi Richtungen gi jo och d'"Reform"virschléi.
Si huet och bewisen, dass d’Ausbeutungsrat zu Lëtzebuerg méi héich ass wéi an de Nopeschlänner.
2007 si bei engem geschafene Räichtum vun 100, 48% un d’Salarieë gaangen, 52% un d’Betriber. A Frankräich sin 57%, an der Belsch 59% an esouguer an Däitschland 55% un d’Salarieë gaangen.
D’Rentabilitéi vun de Betriber ass „de loin supérieure“, seet d'Privatbeamtekummer, zu de Nopeschlänner. Iwrijens ausser der Finanzplaatz och an dene meeschten anere Wirtschaftsberäicher. Z.B. ass am commerce den "excédent brut d’exploitation", de Profit, pro Arbechtsplaatz bei 40700 Euro, an der Belsch bei 26100 Euro, a Frankräich bei 15000 Euro, an Däitschland bei 11300 Euro.
An zurecht seet d'Chambre des Employés Privés: „le seul indicateur de „compétitivité“ qui vaille est „combien les entreprises gagnent“ et „quelle part de ces gains revient aux salariés“.
Hue dir héieren ee sozialisteschen Deputéierten déi wichteg Aussoen opgräifen?
Et ass un eis fir déi Arbecht ze maachen!
(Ried vum Serge Urbany um 6. Kongress vun déi Lénk, Esch/Alzette, 14.12.2008)
Zurück zur ListeNächste Veranstaltungen
-
Stop ACTA : Manifestation ce samedi pour défendre la liberté d'internet
Mehr -
Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940
Mehr -
9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»
Mehr