"Wann awer déi ënnen opstin, sausen déi uewen erof! Also: opston!"
Léif Kolleginnen a Kollegen,
Bei allem Eescht vun der Situatioun: „Das Wetter wird Ihnen präsentiert von den Finanzexperten der Commerzbank“. Heiandsdo get et nach eppes ze laachen. Ech verloosse mech awer léiwer op eise Max.
Elo awer seriös.
4 Froen wëll ech behandelen, woubäi Iwwerschneidungen mat menge Virriedner net ze vermeide sin, woufir ech mech schons entschëllegen.
1. Konjunkturell Relance oder strukturell Emverdelung?
2. Wat hun eis Steieren mat der Kris ze din?
3. As d’Bankgeheimnis e Mënscherecht?
4. Muss de Lissabonner Vetrag elo esou schnell wéi méiglech ratifizéiert gin?
1.
D’Féiwer as net Uursaach, mais Symptom vun der Krankheet, a wann een och d’Féiwer erofkritt, as d’Krankheet net geheelt, an d’Féiwer kënnt erem. D`Spekulatioun as och net déi eigentlech Uursaach vun der Kris.
Fir eng wiirksam Therapie, bruche mer awer emol fir d‘éischt eng korrekt Diagnos. Dräi Froen sin ze stellen.
Eischtens: firwat as déi Finanzblos geplatzt? Dorop hu mer entretemps eng Reih alliichtend Äntwerten. An d’Schlussfolgerung, datt mer nei Regelen bräichten fir d’Finanzmärt, as sécher och korrekt. Wann een awer gesäit, wéi kontradiktoresch iwert eng nei Reguléierung diskutéiert get, wann ee gesäit, wéi eist Parlament – vun alle kritesche Geeschter verlooss – d`Banken verteidegt – an de Frieden erklärt, d‘Titrisatioun wär eigentlech eng gutt Saach, am Finanzsystem misst nëmmen un e puer Schrauwen gedréit gin - dann as e bësse Skepsis erlaabt.
Déi zweet Fro: wat muss elo gemaach gin fir d’Wirtschaftskris a Grenzen ze halen. Haaptsächlech mussen räichlech Mëttelen fir d‘„Relance“ dohinner fléissen, wou se de soziale Besoins’en entspriechen, a wou se also am wiirksamste sin. Zum Beispill an substantiell Erhéigungen vun der Kaafkraaft, massiv Investitiounen an de soziale Wunnengsbau oder an nei Energien.
Déi drëtt d’Fro as awer déi wichtegst, an awer déi, déi am rarsten gestallt get, nämlech déi no den eigentlechen Uursaachen vun der Krankheet. Wouhier kënnt déi Blos, déi geplatzt as? Wohier staamt deen enormen Räichtum, deen op de Finanzmäert no extremen Rendite sicht?
„Ökonomisch betrachtet ist ein relativ wachsender Finanzsektor eine Konsequenz ungleicher werdender Einkommensverhältnisse. Umgekehrt fördert ein größer werdender Finanzsektor die ungleiche Einkommensverteilung. Richtig ist es wahrscheinlich, wenn man sagt, ungleiche Einkommen und wuchernder Finanzsektor sind zwei Aspekte der gleichen Erscheinung."
Dat as keen Zitat aus dem Marx séngem „Kapital“ an och net vun engem vum Oscar sénge Gesellen. Dat schreift de Finanzjournalist Lucas Zeise vum Frankfurter Börsenblatt a vun der däitscher Financial Times, am Buch: „Das Ende der Party“ .
Dat huet den Tun jo duergelugt: wéi déi Finanzblos op engem drasteschen Emverdelungsprozess berout, a wéi se dann erem mat där verréckter Konkurrenz em d’Renditen deen Emverdelungsprozess verschäerft.
« Le fossé se creuse entre les riches et les pauvres », muss och d’OECD feststellen. Et get wéineg präzis Etuden iwert sozial Ongläichheeten. Dofir hu mer schons e regelmäßegen Ongläichheetsbericht gefrot. Et get awer opschlossräich Analysen aus dem Ausland. Eng Etud aus Frankräich weist, wéi dei héich Revenuen an dene leschte Joren regelrecht explodéiert sin, an zwar emsou méi, je méi een op der Leder eropklëmmt . Déi alleriewescht Revenuen (0,01) sin vun 1998 bis 2005 em iwer 40 % an d‘Luucht gaangen – während an därwelwechter Zäit 9/10 vun den d’Akommes manner wéi 5% gestiege sin. Déi héich Revenuen stamen haaptsächlech aus dem mobile Kapital, aus Aktien, Dividenden etc., berouen leschten Enns op dem Ausenanerdriften vu Léin a Benefisser. „Les revenus de capitaux mobiliers ont en effet cru de 31% entre 1998 et 2005, soit une croissance annuelle moyenne de près de 4% (à comparer à une évolution des salaires en moyenne annuelle de 0,6% par salarié. ») (Landais p. 12) Dat as a Frankräich, awer ähnlech wäert et iwerall sin. Iwer Lëtzebuerg wësse mer, wéi och hei d’Léin wäit hannert dem Wuesstum zréckbleiwen, datt den Undeel vun de Léin um geschafene Räichtum ofhëlt. Datt d’Zuel vun de Leit op oder ënnert der Aarmuttsgranz zouhëlt – mer sin elo bei 14% - an datt hei zu Lëtzebuereg de Mindestloun nach ënnert der Aarmuttsgrenz läit.
Also brauche mer eng systematesch Emverdelungspolitik vun uewen no ënnen: d’Léin erop, d‘öffentlech Servicer ausgebaut, Schluss mat der Promotioun vun de Pensiounsfongen an aanren Privatiséirungen vun der Sécurité sociale – an och endlech Schluss mat dem Steierdumping, deen déi héich Revenuen weider opbléist.
2.
Doran waren eis Regierungen bis elo zimmlech gutt. Méi éierlech wéi den Här Jucker as säi Minister Frieden: hien as fir d’Steier-Konkurrenz well esou eng Harmonisíerung no uewen verhënnert géif. Also gouwen d’Steieren op de Benefisser massiv erofgesat, mer hun elo mat déi niddregst an der aler EU, d‘Verméigenssteier ofgeschaaft, mär hun och haut dee niddregsten Spëtzesteiersaz wäit a breet mat 38% - Fankräich an England: 40%, Belsch: 50%, Holland: 52%... An esou soll et weidergoen. Mat deem neie Steiergesetz get d’Kierpersschaftssteier nach erofgesat vun 22% op 21% (mer waren fréier bei 40%) - eng „éischt Etapp“ bis mer nach op eng global Bestierung vun de Betrieber vun 25% kommen (haut 29%). De Serge huet schons ugedeit, et géif a Richtung goen vun enger sougenannter „flat tax“ fir all Akommes – woumat déi sozial Verdelungsfunktion vun de Steieren definitiv flete wär. Opgrond vun enger propositioun vun der Europäescher Kommissioun get och den „droit d‘apport“ – eng Steier op Kapitalbedelegungen – ofgeschaaft. Esou get an Europa „harmoniséiert“. Grad déi Steierpolitik favoriséiert d‘Akkumulatioun vu Räichtum, dee weder an öffentlech nach a privat Investitiounen fléisst, mais an d’Finanzblos. A mat dem Bankgeheimnis setze mer nach een drop.
3.
Eist hellegt Bankgeheimnis, ewell jo schons vun de Jeunesses socialistes hefteg verteidegt, e Mënscherecht, sot e Bankdirekter! E Mëncherecht op Steierhannerzéiung. Laang Zäit hun déi Leit, déi hir Suen zu Lëtzebuerg placéiert haten, dorop iwwerhaapt keng Steiere bezuelt. An och mat der Quellesteier – géint déi Lëtzebuerg sech am Ufank hefteg gewiert huet – bleiwt nach ëmmer eng partiell Steierflucht. Well wann an der Belsch z.B. de Spëtzesteiersaz bei 50% läit, an ech kommen op enger Bank zu Lëtzebuerg mat maximal 20% retenue à la source dervun, dann as dat nach ëmmer Steierbedruch. Verschidden Verméigensanlagen falen iwwregens iwwerhaapt net ënnert d’Quellesteier.
4.
De Minister Asselborn huet gemengt, elo wär d’Chance méi grouss, datt d’Iren fir den EU-Vertrag géiwe stëmmen. Dat seet alles aus driwwer, wéi eescht eis Politiker et mengen mat enger wiirklech neier Reguléirung vun de Finanzmärt – déi jo mat deem Vertrag net compatibel as, deen all Begrenzung vum fräie Kapitalverkéier verbitt.
Efficass Mesure géint d’Wirtshaftskris, Reguléierung vun de Finanzmäert, e sozial gerechten Steiersystem, eng héich sozial Protektioun, also och: eng signifikativ Emverdelung, mais och eng nei Klima- an Energiepolitik – dat alles verlaangt eng nei Richtung an der Europäescher Unioun.
Wann et wierklech an der EU eng nei sozial Reguléirung vum Moart soll gin an eng nei Verdelung vum Räichtum, da musse ganz Kapitelen vun dem Vetrag nei geschriwwe gin. Dofir musse mer nach ëmmer streiden.
An der „Heiligen Johanna der Schlachthöfe“ vum Brecht vergläicht d’Johanna de System mat enger Schaukel. Déi puer, déi uewe sëtzen, ruffen dene ganz villen, déi ënne sëtzen, se sollten dach erop kommen. Awer dat kënnen se guer net wëllen, well soss jo d’Schaukel kippt.
„… und die oben
Sitzen oben nur, weil jene unten sitzen
Und nur solange jene unten sitzen…
Auch müssens unten mehr als oben sein
Sonst hält die Schaukel nicht. ‚s ist nämlich eine Schaukel.“
Ech erlabe mer ze ergänzen: wann awer déi ënnen opstin, sausen déi uewen erof! Also: opston!
(Ried vum André Hoffmann um 6. déi Lénk-Kongress, Esch-Alzette, 14. Dezember 2008)
Zurück zur ListeNächste Veranstaltungen
-
Stop ACTA : Manifestation ce samedi pour défendre la liberté d'internet
Mehr -
Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940
Mehr -
9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»
Mehr