E puer Iwwerleeungen zur Finanzkris …

12/14/2008

Ech sinn dëser Deeg op en Text vum Karl Marx gestouss, deen en 1848 zum Thema „Klassenkämpfe in Frankreich“ geschriwwen huet. E seet dat hei:

„Indem die Finanzaristokratie die Gesetze gab, die Staatsverwaltung leitete, über sämtliche organisierte öffentliche Gewalten verfügte, die öffentliche Meinung durch die Tatsachen und durch die Presse beherrschte, wiederholte sich in allen Sphären, … dieselbe Prostitution, derselbe schamlose Betrug, dieselbe Sucht, sich zu bereichern, nicht durch die Produktion, sondern durch die Eskamotage schon vorhandenen fremden Reichtums, brach namentlich an den Spitzen der bürgerlichen Gesellschaft die schrankenlose, mit den bürgerlichen Gesetzen selbst … kollidierende Geltendmachung der … Gelüste aus, worin der aus dem Spiele entspringende Reichtum naturgemäß seine Befriedigung sucht, … wo Geld, Schmutz und Blut zusammenfließen.“
(Klassenkämpfe in Frankreich 1848 bis 1850 - Die Juniniederlage 1848)
 

Deen Text ass haut, 160 Joër méi spéit, immens aktuell !
 

Bis virun dräi Méint ware quasi all Parteien, quasi déi ganz Presse drop ageschwuer, dass de Maart an dat ganzt Casino-Spill mat Honnerte Milliarden, déi hinn an hier geschubst ginn, alles géing regelen, an dass d’Bankierën d’Interesse vun hire Clientë scho géingen éierlech a gutt vertrieden.
 

Dat huet gedauert bis den Oktober vun dësem Joër, wou déi ganz Ligegeschichten a sech zesumme gefall sinn. Do op eemol hunn déi selwecht Bankierën an Expertën vu KPMG, PwC a Cie, déi virdrun gefuerdert haten, de Staat soll sech aus der Wirtschaft zeréck zéien, no deem selwechte Staat geruff, fir de Kollaps vum System ze verhënneren an hir Milliardeverloschter ze decken.
 

Eng Partie Leit stellen elo sougenannt onéierlech Bankierën a Spekulanten un de Pranger, dobäi hunn déi eigentlech d’Fräiraim ausgenotzt, déi eis neoliberal Politiker hinnen an de Parlamenter gestëmmt hunn !
 

Eise Premier geet nach méi wäit: hie seet, d’Lëtzebuerger Banken hätte sech näischt zu Schëlde komme gelooss; dobäi hu se grad esou matgemëscht am Finanz-Casino ewéi déi aner och !
 

D’Finanzplaz Lëtzebuerg huet esouguer eng besonnesch einträglech Roll an dem Ganze gespillt, ass sie dach déi zweetgréisst a Saache Fonds de placement, an zwar op der Basis vu besonnesche Steiergesetzer a Reglementatiounen, déi et erlaben, all méiglech Finanzmontagen ze maachen, fir sech laanscht d’Bezuele vu Steieren ze drécken.
 

Mais dat gëtt hei zu Lëtzebuerg kee Politiker zou ! Den Här Frieden huet ufanks November virum „Finanzmarkt-Forum“ vun der „Deutsche Bank“ deklaréiert: „Es gibt keine Steueroasen in der EU“.
 

Déi ganz Lëtzebuerger Presse ass Stuurm gelaf géint de Journalist Poujadas, wéi deeen op der franséischer Televisioun den Här Juncker a Saache Finanzplaz a Bedrängnis bruecht huet.
 

Do war keen Argument ze schued, wéi dat z.B., Lëtzebuerg géing – am Géigendeel zu Frankräich - keng Waffe verkafen. Dobäi lafe sécher esou Geschäfter iwwert „eis“ Finanzplaz an et ginn also och hei zu Lëtzebuerg Souë mat Waffe verdingt.
En anert Argument war dat, déi aner Länner hätten och hir Steierparadiser (Jersey fir Groussbritannien, Monaco fir Frankräich), an d’Belsch oder Éisterräich hätten och hiirt Bankgeheimnis. Dat stëmmt ! Allerdéngs rechtfertegt dat net, dass hei bei eis am grousse Stil Steierhannerzéiung praktizéiert gëtt a Lëtzebuerg eng grouss Responsabilitéit um Steierdumping an der EU dréit.
 

Ech si mer es bewosst, wéi ofhängeg mer mëttlerweil hei zu Lëtzebuerg vum Finanzsektor sinn:
 

1/3 vum PIB a vum Steieropkommes; 41.000 Aarbechtsplazen; dat erkläert jo och, wéi erpressbar eise Staat ass. Mais et däerf dofir net tabu sinn, dat a Fro ze stellen, wat hei geschitt an dorënner ganz besonnesch d’Bankgeheimnis. Net nëmmen aus moralesche Grënn, mais am Sënn vun enger neier Politik, déi d’Heft un déi zeréck gëtt, déi schaffen, enger Politik, déi a Richtung vu méi Solidaritéit a vu manner Egoïsmus an Individualismus geet. Fir esou eng Politik ze erméiglechen, brauchen d’Staate méi Steiereinnahmen, an zwar vun deenen, déi d’Finanzen hunn.
 

Ech woën ze bezweifelen, ob d’Projetën vun deene politesche Responsablen, déi elo soën, et misst Remedur geschafe ginn, wierklech fundamental eppes ännere wëllen !
 

Déi Politiker maachen, ewéi wa si näischt mat deem ze dinn hätten, wat elo geschitt; dobäi ware si et, déi duerch d’Dereglementéierung deen Desaster méiglech gemat hunn. Si dinn elo just en anere Mäntelchen un an hoffen, dass de Sturm sech leet, fir dass et dono erëm weider ka goën ewéi bis elo.
 

Den Här Frieden schwätzt dovun, un e puer Schrauwen ze dréien, fir dass alles erëm an d’Lot kënnt .
 

D’Resultater vum G20 Enn November sinn extrem begrenzt a setzen z.B. weiderhinn op d’Eegendisziplinn vun den Hedge- an de Private-equity-Fongen, amplaz se ze regelen oder carrément ze verbidden. An der selwechter Logik ginn och d’Fuerderunge vun de Gewerkschaften ignoréiert, ewéi d’Besteierung vun de Finanzdingschtleeschtungen, d’Kontroll vun der Spekulatioun, d’Ofsécherung vun de Rentesystemer oder d’Rechenschaftsplicht vun den Zentralbanken.
 

Esou eng Astellung, déi d’Kontroll vun de Banken a vun de Kapitalbewegungen refuséiert, gëtt vun deene nämmlechte Leit vertrueden, déi an deene leschte 25 Joër an déi falsch Richtung gestéiert hunn; déi et erlabt hunn, dass d’Unheefen vun onermiesslechem Räichtum an den Hänn vun e puer Wéinegen als Géigepol d’Eropkommen vun déifster Aarmut hat, souwuel an der Drëtter Welt wéi och bei eis.
 

D’Wirtschaftskris, déi schonn amgaang ass, riskéiert benotzt ze ginn, fir déi Leit déi schaffen, emol méi bezuelen ze loossen. E Beispill ass Arcelor-Mittal, e Betrieb, deen am leschte Joër 4 Milliarden Euro Boni gemaach huet an dee sech net genéiert, elo Honnerte vun Aarbechtsplazen ofzebauen, dorënner och 400 zu Lëtzebuerg.
 

Dës Kris brengt villes un d’Liicht a mëcht nei Weeër op. Si wäert ville Bierger bewosst maachen, dass d’Ideologie vum „jidderee fir sech“ a vum Profit als primärt Zil an eng Sakgaas féiert.
 

Dës Kris stellt déi blouss , déi d’Dereguléierung an d’Maartmechanisme gepriedegt hunn; mir erliewen de Moment d’Hëlleflosegkeet vun eise Politiker, déi sech an deene leschte Joëren selwer entmuecht hunn an déi keng aner Perspektiv gesinn, ewéi de Fuerderunge vun de Banken an de grousse multinationale Betrieber nozeginn – Fuerderunge no Subventiounen a manner Steieren a Soziallaaschten - fir esou d’Faillite oder d’Ofwanderen vun deene Betrieber an domat eng Massenaarbechtslosegkeet ze verhënneren.
 

Dat wëllt net soën , dass Banken, déi Schwieregkeeten hunn, fale gelooss sollte ginn oder dass keng Konjunkturprogrammer sollte lancéiert ginn. Mais d’Géigeleeschtung muss sinn: Bedeelegung un den Entscheedungen an un de Resultater, Investitiounen an d’Zukunft, z.B. an déi öffentlech Infrastrukturen, an d’Ausbildung vun eise Kanner, an Zukunftstechnologien, déi d’Ëmwelt schützen an de Klimawandel ofschwächen !
 

Et geet drëm, déi Kräften ze stärken, déi d’Rad vun der neoliberaler Politik wëllen zereckdréien. Et geet ëm d’Erhalen vun den öffentlechen Dingschtleeschtungen an de Stop vun der Privatiséierung vum Waasser, vum elektresche Strom, vum öffentlechen Transport oder vum Postservice.
 

E Corollaire vun deenen Iwwerleeungen ass deen, eng nei Europäësch Verfassung ze schreiwen, e kuerzen Text, dee fir jidderee verständlech ass an deen de soziale Rechter de Viirrang gëtt virun der Konkurrenz an der fräier Zirkulatioun vum Kapital.
 

(Beitrag vum Guy Foetz um 6. Kongress vun déi Lénk, Esch/Alzette, 14.12.2008)
 

Zurück zur Liste
 

Nächste Veranstaltungen

  • Stop ACTA : Manifestation ce samedi pour défendre la liberté d'internet

    Mehr
  • Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940

    Mehr
  • 9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»

    Mehr
 
 

Agenda

M D M D F S S
 
 
1
 
2
 
3
 
4
 
5
 
6
 
7
 
8
 
9
 
10
 
11
 
12
 
13
 
14
 
15
 
16
 
17
 
18
 
19
 
20
 
21
 
22
 
23
 
24
 
25
 
26
 
27
 
28
 
29
 
 
 
 
 
 

Mitglied werden

Spenden

GOOSCH.LU

déi Lénk on twitter

 

Suche


Erweiterte Suche