"Mat de Rentereserve spekuléiert een net"

08/22/2009

  • Marie-Rose (2009-08-22 15:02:19)

    Ons Politiker an och de J-C Junker hun fiirt alleréischt firt Land, a fiir eis ze schaffen dovir sii se gewiehlt gii,
    a net dass se Sozialenofbau sollen dreiwen,
    oder ons Pensionen ze verjupellen ob der Bourse,
    an onse Kanner eng ordentlech Zukunft ze erhalen,
    ons Elteren a Groußelteren hun dovir geschafft a gekämpft.

    @ Julie Weiler,
    Mär haaten eng grouß discution heihéem iwwert den Artikel vum
    J-C Junker (de Spiegel 52/1999)
    An et wor kée Frouh iwwert des Aussou vum Premier
    mär huen eis all gefrot mecht hien dann de Géeck mat eis
    an sii Sie amgangen ons Ländche ze bradéieren.
    An et werd nach schlemmer kommen de kompleten Ausverkauf.

    A mär alleguerten kucken alles no, an zu Bréissel gett décidéiert ,an eis Regierung exécutéiert.

    Ons Zukunft an déi vun onse Kanner darf dach net esou ausgesinn (dass d'Arbecht kée Wert mée hätt an önnerbezuehlt
    sollt ginn.)
    Ech kréien emmer mee de Verdacht daß Sie mat onsen démokrateschen Rechter net mée vill um Hut hun , an ons eranléen égal wéen um Pouvoir ass.
    Nujé lossen mär nach ee weneg vun dem schéinen Week-End
    profitéieren.
    Bis dann.

     

  • Julie Weiler (2009-08-22 11:15:03)

    Tjo, ech wees seit 1999 wou ech drun sinn.

    Wir beschließen etwas, stellen das dann in den Raum und warten einige Zeit ab, was passiert.Wenn es dann kein großes Geschrei gibt und keine Aufstände, weil die meisten gar nicht begreifen, was da beschlossen wurde, dann machen wir weiter - Schritt für Schritt, bis es kein Zurück mehr gibt."
    Jean-Claude Juncker (DER SPIEGEL 52/1999 )
     

     

  • Claude 4you (2009-08-21 22:56:00)

    Ouni Debat mat den Letzebuerger, esou gravéierent Décisiounen ze huelen vun prinzipiellem Karakter, as eng Verachtung vun eiser Natioun am Allgemengem an um Letzebuerger deen séin Liewen laang geschafft huet am besonechen !!

    Mais, mettlerweilen huet Politik (zu Recht ??) erkannt daat een eis Letzebuerger, alles obdöschen kann zum Préis vun enger relativ DÄMLECHER POLIT-RETHORIK (vun eenzelner vun eisen Provenz Politiker, déi jo un der Muecht peschen wéi den Mued am Speck, hun och nie an hierem Liewen eppes aanescht "gemeet" wéi "Politik". Eng aaner Réalitéit kennen se vielléicht just nach aus hierer Kandheet oder vum héieren soen).
    Den Flair vun enger Autokratie schwieft zéinter enger gewesser Zéit iwer Letzebuerg (esou kennt et méi wéi Engem vier hei Heem).
    Op daat eng gesond Astellung, zu enger demokratescher Gesellschaftsorganisatioun bedeit, woen ech mol ze bezweifelen.

    Ween mukst och schons op, oder traut sech öffentlech eng aaner Meenung ze vertrieden wéi den Exécutif.? Gett Een net vun desem Pouvoir an sengen Sympathisanten an null komma null nix discréditéiert an "Mundtot" gemaach.?

    Wou as déi kritesch Press déi Enquêten mecht ?
    Eng reng Maulkorbpresse ouni Bass ?? Mier brauchen méi déer Marc Thomaen an Nico Graafen an Jai Schilzen (opdecken vun der Bommenléeraffaire)déi sech em méi sujets bekemmeren an eis opklären doen !!!!.

    Mais, esou laang den Wieler schléift as den Pouvoir drun bekemmert sech selwer als Mued an Parasite am Speck anzenäschten, op Käschten vun déer ugestriewter 2 Klassengesellschaft (onemgänglech an déer neier globaliséierter Welt vum Profit), wou eng Minoritéit (Kapital + Pouvoir Politique) alles wéerd hunn, an eng Majoritéit (déi schaffen ginn) baal néicht méi wéert hunn (Leit wéi du an ech huelen ech un).

    Des Politiker déi légitiméiert sinn emmzesetzen waat ze Bréissel décidéiert ginn as, probéieren selbstverständlech dem Grousskapital gefällech ze sinn. Derrecht huet sech mat den Grimmelen ze begnügen (du an ech erem eng kéier, huelen ech un).

    D'Pensiounsfongen bis zu 50% an Aktien ze stiechen, autoriséiert duerch een Règlement Grand Ducal, deen se sech selwer geschriwen hun. As daat net eng Veruechtung vun eis Letzebuerger an eisen elementaren Rechter ?? Wién gett hinnen dest Recht !!?? Ech net ! Du och net, wién dann ?

    Mier liewen wierklech hei an enger kompletter Gromperenmonarchie, wou den Pouvoir Exécutif mat sengen Wieler empsprengt wéi mat rengen Delpesen. An mier Delpesen oder Läppecher (+/- daat selwecht) lossen eis daat gefaalen, well mer angenéipt sinn oder ze träge ginn sinn vier ze verstoen em waat et hei geht ??

    Och wann mier et nach net richtech spieren oder ze spieren kréien, eis Kannskanner kréien daat eng kéier voll auszedrenken, mais secherlech net Kanner aus der classe politique, do kennt der Geft drop huelen !!

    Wou as den gesonden Menschenverstand vum Letzebuerger henken bliwen.? Hun mer eisen Politiker, ounie Garantien ze froen, eist komplett Vertrauen verschenkt.??

    Liest dach eemol waat déi lescht 10 Ioer versprach, an am selwechten Otemzuch gebrach gin as, vun desen selwechten Politiker. Daat huet néicht méi mat deem Letzebuerch ze dinn waat eis Grousselteren am Schweess opgebaut hun.

    Dat as Selbstgeffällechkeet héich 10 vun enger Politescher Kaste déi sech net regénéréieren konnt an deenen leschten Joerzengten (déiselwecht Konstellatioun praktesch iwer 70, Joer daat as Geft vier all Demokratie).

    An mier faalen voll drop eran, op daat dommt manipulativt Geschwätz vun hinnen. An, natierlech guer keen huet eppes gesinn kommen, wann et schlussendlech ze spéit as.

    Schued vier eis Kanner soen ech nemmen.!!

     

     

  • Cami (2009-08-21 18:52:00)

    Et get eng Zeitchen driwer discuteiert an dann geschitt trotzdem neicht...oder et kennt eng beis Pandemie iwer dei mer discuteiren...
     

     

  • claude (2009-08-21 18:20:18)

    Ech fanne datt sech zevill freiheet matt de Gelder vum Steierzueler geholl get. Och matt denen vunn de Pensiouns ann annere Gelder.
    Waat z.B. mecht eng Assurance op der Bourse.
    Watt mecht eng Pensiounskees op der Bourse.
    Waat mecht eng Staatlech Institutioun op der Bourse?
    Daat ass dach egal waat.
    NEICHT BEIGELEIERT??? wi et schengt....
    Ann beim nechsten Boursecrash gi mer erem geschrubbt dass d'Fatze fleien.
    Ann die Haeren JCJ a Kompani hunn dann erem grond fir ze jeimeren a kraischen.
    Dei Gelder kinnten och gewennbrengend ann aaner Sachen investeiert ginn. Mee daat geet net seier genuch. Jidderen well jo daat grousst Geld maan, oder daat schnellt Geld.
    a BEE JOO

     

     

  • AM Hoffmann (2009-08-21 16:04:56)

    @ Michel
    Dir erönnert mech un dei tragesch Figur aus Teutonien, an zwar den "deutsche Michel". Den huet nie gejeimert, emmer jo gesot. Fir 2 Weltkricher huet hen den Arsch duergehalen, den dealen Untertan.
    Dir dreift mer Angscht an well mat der Majoritéet dei CSV huet kréien ech d'Gefill dass den "deitsche Michel" op Letzeburg geplönert ass.Am Krich an nom Krich wan eis eppes
    net gepasst huet hu mer am Süden gesoot "moie Mich treppel"
    Elo anscheinend hun Zeiten sech geännert.
    Durfir moie Michel awer fir Demokratie.

     

  • Marie-Rose (2009-08-21 15:12:59)

    Jo awer firwat spielen sie da mat de Pensionsgelder ?
    Sin déi Milionen dann elo ob Risoko uegelueget ?
    Sie wärten sech Privat zusätzlech versechert hun,also können se
    mat der Bevölkerung hierem Pensionskapital an de Casino goen.
    A waa mir dann elo am Hierscht eng zwéet Bloos als Turbotsunamie erliewen (dée erem aus Amerika soll kommen)waat dann ?
    Dat mat eise Politiker aus haut esou,
    Virun de Wahlen verspriechen se vill ,
    an derno leiden se un Alzheimer -können sech net mee errenneren- wat se gesot hatten verschiedener vun hienen.
    Haaptsaach mir setzen um Krautmaart, a machen elo Politik a wann et mam Kneppel muß sinn.

    Och wann de Juncker gesot hat hie gäng eis d'Wouerecht soen
    virun de Wahlen
    vun de Pensionsgelder fiir domaden ze spékuléiern hat hien näischt gesot.

    Gudd dass ech deene Léenken och e puer Stemmen ginn hu,elo déet et mir Léid dass ech hienen der net mée ginn hu.

    Et wär net schlecht wa mir et och émol gudd fatzeg an der
    Broutgass géingen Rabele loßen (Krautmaart)
    Ech sinn och net domaden averstannen fiirt Pensionsgelder zur Fenster eraus ze puchen.

    @Salut Stéphanie Heintz

    Merci , an ee schéinen Dag, a mat beschten Gréiss.

     

  • Jemp Schroeder (2009-08-21 14:08:27)

    @Michel,

    ech sin frou dass Déi Lénk déi Sach do endlech publik gemach hun. Vill Leit hätten näischt vun där Mauschelerei do gewosst. Ech hoffen, dass an Zukunft eis Oppositiouns-Partei'en nach anert Gemauschels publik machen. D'Leit sollen wëssen wéi së gelinkt gin.

    Opportunisten hin oder hir, (all Politiker ass ën Opportunist, egal vun wëlchem Bord) d'Haaptsach ass, dass d'Leit gewuër ginn wat hei an deem Land leeft.

    Ech sinn nämlech absolut nët domat averstaanen, dass mat MENGEN Suën, déi fir d'Pensiounen sollen sin, gespillt gëtt.

    Ët geet schon duër, dass egal wat mat eisen Steiersuën gemach gëtt, mee elo un den Pensiounsfonds ze goën ass den Clou!

    Dat hei ass keen Gejéimers. An aneren Länner wär den Minister forcéiert gin esou ë Reglement rëckgängeg ze machen, an dann an d'Chamber komm. Och wann hei d'Regierung eng confortabel Majoritéit an der Chamber huet, well d'Lëtzebuerger dat esou wollten, géing vleich awer deen een oder aneren CSV oder LSAP Députéierten géint esou eng Moossnahm stëmmen.

     

  • Michel (2009-08-21 12:38:52)

    @ Jemp Schroeder

    Sidd dër mol éierlëch --> Op si elo domatt spekuléiren oder op di Suen fir soss ë Schrott dropgin an dass nu wierklëch ganz egal. Ech wees, an ëch fannen mëch och domatt of, dass ëch bis 70 waert schaffe goën.

    An dir Här Schroeder waert mir jo lo nët wëlle verklickeren dass eng Lënk oder eng DP oder ën ADR iergend eppes besser gemeet haetten. Déi Opportunisten di soën jo och just waat dir Här Schroeder wëllt héiren.

    Also --> Ën Appel un eis all: " Komm mir haalen op matt deem gejéimers."

     

  • Jemp Schroeder (2009-08-21 09:48:17)

    @Arthur Feyder,

    "Mä et gëtt e legale Volet bei dëser Affär: D'Beiträg si perséinlech, d'Eegentum vum Cotisant, an därf do e Minister, eng Regiirung an eng gefügeg Chamber einfach esou iwwert déi Sue verfügen ouni d'Titularen em hieren Accord ze froen ?."

    An mengen Aën därfen sie dat nët, mee wahrscheinlech gëtt ët ë Gesetz dat hinnen dat erlaabt.

    Déi virëcht Regierung huët dach schon Pensiounsgelder verspillt. Deemols konnten dë (mengen ech, wees net méi richteg) 5% vun den Reserven an Aktien investéieren, wat sie och gemach hun. Dobei sin ë puër Honnertdausender fleeten gangen.

    Laut der Regierungserklärung, wëllt den JCJ den Ministeren nach méi Pouvoir ginn, sou dass Ministeriell Beschlëss kënnen ouni Problem ëmgesaat gin.

    Wou bleiwt d'Demokratie?

     

  • Arthur Feyder (2009-08-21 09:03:35)

    D'Banken an anerer, z.B. Arcelor-Mittal, brauche Suen, de Staat huet der net méi vill, a well de Staat mat de Banken an de Kapitalisten allgemeng méi frou ass wéi mam Bierger, investéiert en dem Bierger seng Beiträg vlaït an Aktien.

    Mä et gëtt e legale Volet bei dëser Affär: D'Beiträg si perséinlech, d'Eegentum vum Cotisant, an därf do e Minister, eng Regiirung an eng gefügeg Chamber einfach esou iwwert déi Sue verfügen ouni d'Titularen em hieren Accord ze froen ?.

    Mais vu datt eis Mächteg an Dichteg(sic) maache wat se wëllen, recommnandéieren ech, sollt dat mat den Aktie gemeet ginn, an engem Atemzug eng Bad Bank ze schaafen, fir do méiglech Schrottpabeieren ze parken.

    Iwwregens: An der Legislatur 1999-2004 wollten di Blo dat schons maachen,d.h. mat Pensiounsgelder spekuléieren,awer deemols hun d'Sozien an och di Schwuarz an d'Plomme geklappt.

    Viru Méint huet sech d'Regirung nach op d'Schëller geluewt, datt se mat de Pensiounsfongen net spekuléiert hat.

    Vill Politiker si blann: Amplaz aus de Kris ze léieren an anzegesinn, datt d'onendlecht Wuesstem eng Chimère ass, datt de System ergo muss komplett nei organiséiert ginn a Bescheidenheet "Tromp" ass, wëll se erëm de status quo ante.

    Tjo, vill vun eis hun am Juni eis Zukunft - Slogan CSV " Dir wielt Är Zukunft "- a "Mär paaken et un" - Slogan LSAP- gewielt. Wéi ass et mam Mea Culpa ?

    Sollt dëst Aktienaktioun geschéien a schief goen, da kënnen di jonk Salariéen deenen Alen awer net méi reprochéieren, datt déi hir zukünfteg(sic) Pensiounen verjubbelt hätten.

     

     

  • Stéphanie Heintz (2009-08-21 08:14:30)

    Salut @Marie-Rose,

    jo, ët huët net all Mënsch Zeit fir den Mémorial ze liësen. Ech muss ën liësen, wéinest menger Arbecht.

    Ët kommen nach schéin Zeiten op eis duër. D'Regierung huët eng konfortabel Majoritéit an kritt ALLES duerch wat sie wëllt.

    Eis Pensiouns-Reserve bedréit 9 Milliarden. Wann do 4,5 Milliarden an Aktien ungeluecht ginn, dann lacht déi eng oder aner Bank.

    Den JCJ wärt eis geschwënn verklickeren, dass dat alles zu eisem Wuël geschitt. Ëmmerhin ënnerstëtzt hien domat d'Banken an gleichzeiteg brauchen d'Direkteren vun deenen Banken sëch kéng Suergen méi ëm hir horrent Paiën an Boniën méi ze machen. Wéi hiën dat verpaakt wärten mir jo dann gesinn.

     

  • Jemp Schroeder (2009-08-21 08:07:07)

    @Michel,

    ech froën mech op dir och nach laacht, wann dir keng Pensioun méi kritt.

    Een deen iwert esou eng Schwëngerei, déi mat eisen Pensiounen gemach gëtt laacht, deem ass net ze hëllefen. Do sinn nach ganz aner Sachen am Bësch!

    Dir wärt d'Quittung no dëser Legislaturperiod kréien! Mee leider kréien och déi d'Quittung, déi dës Regierung NET gewiëlt hun an dat ass schlëmm.

     

  • jay (2009-08-21 01:54:47)

    Majoriteit huet dei do Regierung gewielt....
    Da musst der lo och matt hinnen liewen.

     

  • Jang. P. (2009-08-20 22:17:36)

    Fir wien hält deen "Journalist" vun Diddelleng sech.
    Déi éicht Periode wou en Minister war huet en schon NäISCHT op D"Rei bruecht, Elo fiert hien monter virun.
    Wé laang léisst D"Letzebuurger Vollek sech daat nach gefaalen, dee Mensch do ass wierklech net ganz bei Trouscht. Et ass wéi den Här G.Vogel soot "Letzebuurg geet lues awer secher an den A....!" Mat esou Leit ganz schnell.

     

  • Pir (2009-08-20 21:27:12)

    Maacht weider sou Dir Schwengsbeidelen aus der Regierung. Dir kënnt jo matt eise Suën maachen waat Dir wëllt. Et ass gudd datt déi Lenk um Krautmaart sin fir mol op verschidde Sauereien opmerksam ze maachen. Ech versti jhust net firwaat daat saudommt Letzebuerger Vollek emmer erem schwaarz a roud wielt ?? Aer Rechnung krëtt Dir a braucht Eech net ze bekloën.

    Eis dommen idioten gin eis Aën nach eng Kéier op wéi Schmatz Maates sénger blanner Geess...
     

     

  • Dengler Pit (2009-08-20 20:42:43)

    Mat den Rentenreserven spekuleiert en nöt.

     

  • MIchel (2009-08-20 19:53:38)

    Soss war ët dën ADR elo sin ët di Lënk.

    Egal. Haaptsaach mir hun eppes fir zë laachen.

     

  • Ender (2009-08-20 18:57:13)

    Irgendwéi ,muss en den Sozialstaat jo futtigemeet,an de Kapitalismus gerett kréien.

     

  • Jemp Schroeder (2009-08-20 18:51:08)

    Weider esou Déi Lénk! Bleiwt um Ball!

    Keng aner Partei aus der Oppositioun krut den Mond op.

    @Jacqueline,

    ech hätt nach gär meng Pensioun, dir därft dann op är verzichten!

    @A.M. Hoffmann,

    jo ech hun dem JCJ sein Gespruddels am Rheinischer Merkur geliës. Iwregens schreiwt hiën jo do ëmmer Gespruddels, schliesslech ass hiën een vun den "Herausgeber" vun deem Blaat.

     

  • A.M. Hoffmann (2009-08-20 17:28:45)

    Liest emol em Junker sei Gespruddels vum 13.08.am Rheinischer Merkur wou hëen braddelt hien kennt net iwer 2010 eweg gesinn, an troztdém lauschtert hien em DR. Folamour Président aus der Finanzkommission no dén versprecht dass de Bankenkak erem um laafen ass.De Game must go on. Parteigewerkschaften akzeptéeren de Statusquo vum
    Kollektiefvertrag fir dass Dealerbonzen hier Kommission
    kréen op Pensionsgelder dei de Junkerstaat hinnen geléint oder geschenkt huet?
    Bonne Chance fir dei Lenk.

     

  • Michel Trierweiler (2009-08-20 16:55:24)

    Yes dei lenk hun recht drop hinzeweisen , wirun drei wochen hut den US president Obama eng declaration gemacht an dei war , sin hun necht aus der backenkriss geleert , sie machen weider wei widrun

     

  • Charel D. (2009-08-20 16:38:03)

    Wiesou Gespruddels??? Mee elo wessen mir daat endlech och, ween liesst schon den Memorial?
    gudd gemaat,

     

  • Marie-Rose (2009-08-20 16:28:21)

    50 % vum Kapital vun de Pensionsreserven an Aktien ugeluegt,sinn dée da Verréeckt ,soll et eis da goen wée de Pensionnäiren an Amerika
    dass alles op der Bourse verjubelt gett ,an ons aal Léit a krank Léit mißten dann sech eng schaff sichen a wéi soll dat da goen?
    Bei onser Regierung kéint een awer sangen dat Lied vum Curd Jürgens 60Jahre und kein bischen Weise,
    ,,zurück gewählt und aus der alten Dumhéit nichts gelernt,,
    Déi därfen dach net égal wat machen mat eise Pensionen.
    @Stéphanie Heintz,
    ech woußt dat net ,do gii engem d'Aen awer op wée Ginzeschécken.

     

  • Cami (2009-08-20 16:24:42)

    @Jacqueline
    Weisou Gespruddels?

     

  • Jacqueline (2009-08-20 16:17:44)

    T'ass gut dass die Lénk do sin fir mat hirem Gespruddels d'Summerlach ze fëllen.....

     

  • Stéphanie Heintz (2009-08-20 15:46:30)

    Aha!

    Spéit miërken së ët, mee si miërken ët op d'mannst.

    Deen Réglement Grand-Ducal gouf den 22.Juli ënnerschriwen. Ass och schon ë bësschen am Mémorial.

    Duerch d'Chamber ginn jo esou Sachen net. Do gëtt ë Réglement vun engem Minister, hei dem Här Mars Di Bartolomeo, erausginn, an domat ass ët gedoën.

    @Déi Lénk,
    liëst d'Memorialen emol all duerch, déi seit der Neier-Aaler Regierung erauskomm sin.

 

Zurück zur Liste
 

Nächste Veranstaltungen

  • Stop ACTA : Manifestation ce samedi pour défendre la liberté d'internet

    Mehr
  • Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940

    Mehr
  • 9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»

    Mehr
 
 

Agenda

M D M D F S S
 
 
1
 
2
 
3
 
4
 
5
 
6
 
7
 
8
 
9
 
10
 
11
 
12
 
13
 
14
 
15
 
16
 
17
 
18
 
19
 
20
 
21
 
22
 
23
 
24
 
25
 
26
 
27
 
28
 
29
 
 
 
 
 
 

Mitglied werden

Spenden

GOOSCH.LU

déi Lénk on twitter

 

Suche


Erweiterte Suche