Fräi Tribün RTL - Serge Urbany: Sin eis Renten nach an 20 Joer ze bezuelen ?
(Zu Gast bei RTL, 5. Oktober 2009)
Serge Urbany - CSV an LSAP soe Neen a gesin fir déi nächst 5 Joer Verschlechterunge fir.
Si follechen domat der Daachorganisatioun vun de Patronen, déi z.B. fuedert: Eng Kierzung vun de Renten mat wuessendem Rentenalter. Jo, dir hutt gudd héieren: wann der méi al gitt get äer Rent méi kleng.
Weider Wënsch vun de Patronen: Ofschafung vum Rentenajustement. Indexupassung vun de Renten nëmme méi bis anerhallefmol de Mindestloun. Keng Unerkennung méi vun de Stagezäiten fir Studien a Kannererzéiung.
Déi di dat fuedere sin déi selwecht déi d’Gewënner vun den Aktionären an d’Bonie vun de Finanzjongleure net untaaschte wëllen.
Dobäi komme mer schon der Fro méi no: Sin eis Rente wierkléch net ze bezuelen? Oder ass et net vläit éischter eng Fro vu Verdeelung vun de Räichtümer a vu néideger Emverdeelung?
D’Fuederunge vun de Patronatsorganisatiounen lafen drop eraus, e private Versécherungssystem opzebauen.
An engem Arbéchtspabeier vun der Regirung steet geschriwwen, dass d’Rente nëmme méi dene niddrege Léin entsprieche kéinten - an doriwwer eraus d’Leit séch privat verséchere sollen.
An engem Bericht huet och d’Organisatioun vun de Spekulanten zu Letzebuerg, d’ALFI, kierzléch gefuedert, das jiddfereen misst duerch e Gesetz an Zukunft gezwonge gin, en Deel vu sengem Loun an hir Produiten z’investéiren.
Déi öffentléch Rentereserv get jo haut scho bal ganz vun engem Investmentfong, enger SICAV, verwalt an a Bankproduiten, dorënner bis zu 50% an Aktien, investéiert. Dat sin 9 Milliarden, 25% vum PIB, e Véirel vum Räichtum vum Land also.
Mer wësse nach ze gudd zu watfir enger Finanzkris esou Spekulatiounen virun engem Joer gefouert hun.
Och eng privat Finanzéirung vun de Renten ass un déi zukünfteg wirtschaftléch Entwicklung gebonnen. Och do mussen an 20 Joer Aktie verkaaft gin fir d’Renten ze bezuelen. A wann da grat Finanzkris ass?
Mä da bestëmme mer net méi iwer d’Rentefinanzéirung. Da bezuele mer keng Kotisatioune méi, déi öffentléch festgeluecht gin, mee Zënsen u Banken. Déi an d’Luut gesat gin fir d’Profiter ze steigeren, net fir d’Rente méi sécher ze maachen.
Mär gin also vu Juncker, Di Bartolomeo a Co ganz schéi bei d’Lisette gelooss.
Duefir: D’Hänn ewech vun eisem öffentléche Rentesystem! Looss mer an d’Arbéchtsplaatzen, a besser Léin, an d’Wunnénge vun dene Jonken investéiren, dat ass déi eenzeg Garanti fir eis Renten.
déi Lénk schloe fir, virrangeg dofir d’Rentereserv vu 9 Milliarden anzesetzen!
(Zu Gast bei RTL, 5. Oktober 2009)
Zurück zur ListeNächste Veranstaltungen
-
Stop ACTA : Manifestation ce samedi pour défendre la liberté d'internet
Mehr -
Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940
Mehr -
9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»
Mehr