Pressekonferenz vun déi Lénk: Kritik um Ëmgank mat de Pensiounsreserven
"Et ass net richteg wéi mat de Pensiounsreserve verfuer gëtt", dat hunn d'Vertrieder vun déi Lénk haut op enger Pressekonferenz kritiséiert. An hiren Aen ass et ganz geféierlech, datt déi Reserven, ënner Ëmstänn, bis zur Halschent kënnen an Aktien ugeluecht ginn, a fuerderen dofir, datt Demi-Tour gemaach gëtt, zeréck bei méi traditionell Placementsmodeller.
D'Politik huet aus der Siicht vun déi Lénk, wat d'Investissioune vun deene Reserve vu ronn 9 Milliarden Euro ugeet, dem Drock vun der Finanzplaz noginn. D'Finanzkris hätt awer gewise wéi séier Aktien u Wäert kënne verléieren. Déi kostbar Pensiounsreserven dierfte kee Spillball op den Internationale Bourse sinn, mä déi Sue sollte verstäerkt fir déi sozial a wirtschaftlech Entwécklung vum Land a vun der Groussregioun, placéiert ginn, seet de Vertrieder vun déi Lénk an der Chamber, André Hoffmann.
Am Réckbléck op den Ufank vun der Finanzkris d'lescht Joer, hunn déi Lénk drun erënnert, datt de Rendement vun der Reserve bei 2,9% loung, wougéint 2002, wéi déi Reserven nach net zum Deel op den Aktiemäert investéiert goufen, ee Rendement vun 3,6% verbucht gouf.
Mä iwwer d'Fro vun de Reserven eraus, muss och ee serieuxen Debat iwwer d'Ofsécherung vum Pensiounswiese gefouert ginn, sou den André Hoffmann.
déi Lénk si fest gewëllt dëse Sujet net rouen ze loossen, an hunn eng Rei Initiativen ugekënnegt, iwwer déi et e Méindeg awer keng Präzisioune gouf.
Zurück zur ListeNächste Veranstaltungen
-
Roter Freitag; Frauenarbeit und gewerkschaftliches Engagement in Luxemburg vor 1940
Mehr -
9e Congrès ordinaire de déi Lénk: «Pour une croissance durable»
Mehr