WAHLEN
'18

NEWS

09 Oct 2018
D’Locataire stäerken. D’Gesetz iwwer de bail à loyer grondleeënd reforméieren.
déi Lénk wëllen déifgräifend Verännerungen an der Logementspolitik an dat och zu Gonschte vun de Locatairen. Nieft de Virschléi fir méi ëffentlech a gënschteg ze bauen, wëlle mir d’Gesetz iwwer de bail à loyer komplett reforméieren. Zu dem Zweck hu mir an de leschten 18 Méint och zwee Gesetzer an der Chamber deposéiert. Bis elo gi se awer vun den anere Parteien ignoréiert. Plus d'informations
09 Oct 2018
Noch immer kein neues Denkmalschutzgesetz.
Kultur wurde unter DP-Führung zu einem schmucken Anhängsel von finanzkräftigen Lobbyisten degradiert. Unser Land und die Menschen, die in ihm leben, haben mehr verdient. Luxemburg hat ein enormes kulturelles Potenzial. Wir müssen es nutzen und zu einer Kraft machen, die allen Menschen zugänglich ist. Kultur könnte in der Tat zu einer strategischen Ressource des Landes werden. Plus d'informations
08 Oct 2018
Allocation d’autonomie vu 400€ de Mount – Ausbildung a Studium erméiglechen. Perspektiven fir Jonker opmaachen.
déi Lénk wëlle jonke Leit méi Autonomie a finanziell Sécherheet wärend der Ausbildung an dem Studium ginn. Mir wëllen eng Allocation d’autonomie an Héicht vu 400€ de Mount aféieren. Déi soll automatesch un all StudentInnen oder Leit an Ausbildung bezuelt ginn. Vum Prinzip hir soll des Allocation d’Kannergeld erëm aféieren, mee et soll gehéicht an direkt un déi betraffe Persoun fléissen. Op dëser Allocation soll de Staat och an d’Pensiounskees cotiséieren, sou dass jonk Leit no hirer voller Beruffskarriär och d’Recht op eng voll Rent hunn. Plus d'informations
08 Oct 2018
Recommandations du GIEC : le programme de déi Lénk est le plus crédible.
Le Groupe d’experts intergouvernemental sur l’évolution du climat (GIEC) vient de rendre public sa première étude sur les effets d’un réchauffement de 1,5° C de la température moyenne mondiale. Ce réchauffement correspond à l’objectif fixé lors de la COP21 à Paris en 2015. Tout en notant que même un réchauffement limité de 1,5° C aura un certain nombre d’effets catastrophiques (notamment une possible désertification de l’Europe du Sud), le GIEC souligne qu’il ne peut être atteint qu’au moyen de politiques publiques extrêmement volontaristes. Plus d'informations
06 Oct 2018
Keen entweder/oder: Méi Zäit fir d’Kanner. Kannerbetreiung ass kee Business.
déi Lénk wëllen dofir d‘Aarbechtszäit reduzéieren an de Congé parental verduebelen. D’Kannerbetreiung soll ganz an ëffentlecher Hand bleiwen a grad ewéi d’ëffentlech Schoul fir jidderee gratis sinn. De System vun de Chèques services d’accueil soll domat och endgülteg als Iwwergangssystem ofgeschaaft ginn. Se kaschte 4 mol méi ewéi d’Ausgabe fir d‘Entwécklung vun ëffentleche Kannerbetreiungsstrukturen a baséieren op enger falscher sozialer Selektivitéit. Eng allgemeng Gratuitéit vun der Kannerbetreiung finanzéiert iwwer eng progressiv Besteierung vun den héije Revenu’en, wier méi effikass a méi gerecht. Plus d'informations
05 Oct 2018
Eng Schoul fir jiddereen : inklusiv, breetgefächert, gerecht
déi Lénk wëllen eng Schoul fir jiddereen a net fir jiddereen eng Schoul. Mir wëllen en inklusive Schoulsystem, den op Stäerkten opbaut an net opgrond vu soziale Schwächten ausschléisst. Mir wëllen all Fach an all Ausbildung dee selwechte Stellewäert zouschreiwen, a keng Hierarchien opstellen tëscht secondaire général (technique), secondaire classique, a formation professionnelle. Plus d'informations

Vidéo actuelle

Aktioun: Fir gënschtege Wunnraum – Géint knaschteg Steiernischen.

Am décke Verkéier an am Stëbs hunn déi Lénk op dëser trouschtloser Plaz op déi komplett Fehlplanung vu ganze Quartier Ban de Gaasperech opmierksam gemaach bei dem de Staat seng Handlungsfräiheet reegelrecht décke private Promoteuren ënnerworf huet.

Toutes nos vidéos

Lénk

VIDEO: Wunnengspolitik – Verantwortung iwwerhuelen

Toutes les émissions

Photos

Toutes nos photos