PdL 6675 – Reform vum SREL

1) Em waat geet et am Gesetzesprojet?

Nom Geheimdéngschtskandal ronderëm illegal Ecouten, d’Kreatioun vu kommerzielle Societéiten an d’Schafung vun enger regelrechter Geheimpolice innerhalb vum SREL – en Skandal, deen zu Neiwale gefouert huet -, soll de Geheimdéngscht elo eng nei gesetzlech Basis kréien.

2) Wat ass wichteg ?

Positiv ass, datt d’Kontroll iwwer de Geheimdéngscht verschäerft gëtt:

(-) sinn ab elo dräi Ministere mam Geheimdéngscht befaasst,

(-) de Premier designéiert en Delegéierten, deen him rapportéiert,

(-) eng Kommissioun vun 3 Riichtere muss am Virfeld intrusiv Mesuren autoriséieren,

(-) d’Kontrollméiglechkeete vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun gi liicht verbessert.

Negativ ass, datt d’Operatiounsfeld vum Geheimdéngscht elo esou breet ausgewäit, datt en quasi alles iwwerwaache kann an dat opgrond vu ganz schwammege Begrëffer ewéi „Extremismus“ oder „intérêts économiques de l’Etat“, déi alles an näischt heeschen.

3) Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! Geheimdéngschter sinn e Friemkierper an der Demokratie, well

(-) Hire champ d’action ass esou breet opgestallt an ënnersicht “gesellschaftlech Entwécklungen”, “Tendenzen”, “Meenungen”. Also genee dat wat eigentlech d’Wiese vun der Demokratie ausmécht.

(-) Déi Moyene, déi se hunn sinn intrusiv, d.h. si verletze per Definitioun d’Privatsphär – och vun deene Leit, déi net Ziel vu geheimdéngschtlëchen Enquêtë sinn;

(-) Geheimdéngschter hunn duerch hir international Ramifikatiounen eng Tendenz zur Autonomiséierung, si entwéckelen Eegendynamiken. An si kënnen

(-) duerfir och net wierklech an net zefriddestellend vum Parlament kontrolléiert ginn.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 55 Stëmmen dofir a 5 dogéint, dovun zwou vun déi Lénk. De ganzen Dossier ass HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe