PdL 6875 – Organisation du Conseil d’Etat

Ëm wat geet et am Gesetz?

Et geet ëm eng Modifikatioun vu verschiddenen Dispositiounen déi d’Kompositioun an de Fonctionnement vum Staatsrot betreffen. Déi Institutioun kontrolléiert jo déi juristesch Stëchhaltegkeet vun de Gesetzestexter a wann se grondsätzlech juristesch Problemer fënnt, kann se de legislative Prozess temporär blockéieren.

Dëst neit Gesetz setzt d’Mandatsdauer vu 15 op 12 Joer erof. Donieft soll elo all Partei, déi bei 2 konsekutive Walen op mannst 3 Députéierte kritt huet, am Staatsrot vertriede sinn an all Geschlecht muss an Zukunft op mannst 1/3 vun de Membere stellen.

Eng aner Ännerung betrëfft d’Publikatioun vum Stëmmverhalen. Bis elo war dat net ëffentlech, an Zukunft musst awer op mannst kommunizéiert ginn, wéi vill Membere vum Staatsrot beim Vote zu engem Avis dofir a wéi vill dogéint gestëmmt hunn.

Déi restlech Ännerunge sinn éischter formaler Natur an hunn als Ziel, de Gesetzestext der aktueller Praxis unzepassen.

Wat ass wichteg?

De Staatsrot gouf 1856 vum deemolege Kinnek-Grand-Duc geschaf fir d’Parlament ze kontrolléieren, fir quasi opzepassen, datt d’Volleksvertrieder keng Dommheete maachen. Et ass eng Institutioun déi an eisen Aen net méi an dat demokratescht Verständnis vum 21 Jorhonnert erapasst an dofir misst grondleeënd reforméiert ginn. Eng reell Reform hätt dofir misste mat der Fro ufänken, ob mer iwwerhaapt e Staatsrot brauchen a wa jo, firwat an ënnert wéi enger Form.

Fir déi Lénk besteet zum Beispill een vun den Haaptproblemer doranner, datt de Staatsrot der Regierung ënnerstallt ass a net dem Parlament. Am Moment ass et jo sou, datt d’Chamber net emol de President vum Staatsrot däerf an eng Kommissioun convoquéieren.

Nieft dem Mangel un Transparenz ass de Nominatiounsprozess en anere grousse Problem fir ons. D’Membere gi jo der Rei no eng Kéier vun der Regierung, da vun der Chamber an da vum Staatsrot selwer ernannt. Dat féiert zu enger Kompositioun, där et un enger wierklecher demokratescher Legitimatioun fehlt. Dës Prozedur bleift mat dësem Gesetz weiderhi bestoen.

Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Och wa mer elo net strikt géint déi verschidden Elementer sinn, sou iwwerweit dach d’Enttäuschung vun der verluerener Chance an dat Gefill, datt d’Regierung hei just pro forma e puer Ännerunge mëscht, fir de Status Quo besser oprecht erhalen ze kënnen. Et gi just e puer nei Plooschteren op e Patient gepecht, deen dréngend misst op Häerz a Niren iwwerpréift ginn.

An aus deene Grënn hunn d’Députéierte vun déi Lénk sech bei der Ofstëmmung enthalen.

De Gesetzesprojet gouf mat den 32 Stëmme vun der Majoritéit votéiert. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn hei ze fannen.

 

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe