PdL 6940 – Bedeelegung um Kaf vun engem Militär-Tankfliger

1) Em wat geet et am Gesetzprojet?

Mat dësem Gesetz gëtt d’Bedeelegung vu Lëtzebuerg um Kaf vun engem Militär-Tankfliger an Héicht vun 172 Milliounen € beschloss. Um Nato-Sommet 2014 a Wales hat Lëtzebuerg enger Erhéijung vu senge Verdeedegungsausgaben em 50% zougestëmmt. De Kaf vum Tankfliger ass am Kader vun dem Accord ze gesinn.

2) Wat ass wichteg ?

Prinzipiell ass festzestellen, dass d’militäresch Interventioune vun der Nato an de leschte Joren de Leit a Länner wéi Libyen oder Afghanistan immens vill Misère bruecht hunn, ouni dass och nëmmen ee Problem geléist gouf, am Géigendeel. D’Sécherheetslag an deene Länner ass haut méi schlëmm wéi nach virun den Nato-Interventiounen an de Fundamentalismus ass méi staark wéi jeemools virdrun.

U finanzielle Moyen’en a Waffe fehlt et der Nato sécher net: wäit iwwer 50% vun de Verteidegungsausgabe ginn haut vun Nato-Staate gemaach.

Lëtzebuerg bedeelegt sech un dëser verfeelter Rüstungspolitik an investéiert ëmmer méi grouss an d’Verteidegung während gläichzäiteg sozialen Ofbau bedriwwe gëtt.

Des Entwécklung wäert dozou féieren, dass 2020 an absoluten Zuele Verdeedegungsausgabe méi héich wäerte si wéi d’Ausgabe fir Entwécklung a Coopératioun.

3) Wéi hunn déi Lénk gestëmmt?

Dogéint! Lëtzebuerg bedeelegt sech mat dëser Investitioun un der Rüstungsspiral, déi d’Nato bedreift. Mir sinn der Meenung, dass d’Oprüstung keng Léisung ka sinn a just zu weidere Konflikter an Eskalatioune wäert féieren.

D’Gesetz gouf ugeholl mat 55 Jo-Stëmme an 3 Enhalunge géint zwou Nee-Stëmme vun déi Lénk. All d’Dokumenter iwwer dëst Gesetz sinn HEI ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe