Serge Urbany als Deputierter vereidigt

Här President, dir Dammen an dir Hären,

De Bericht vum Här Ausseminister fängt zurecht un mat dem « arabésche Fréijoer » 2011, als Ausdrock vum universelle Bestriewen no Fräiheet an Demokrati.
Dono geet en op den Zoustand des Säit vum Mëttelmier an.
Et fällt awer op, dass dobäi déi Wierder Fräheet an Demokrati net méi falen, vu Gläicheet scho net ze schwätzen, Dobäi hun déi Froen awer eng grouss Aktualitéit och an Europa kritt. Net nëmme bei der Gestioun vun der Kris, mee och scho beim Ufank vun der Kris, nämlech der ongläicher Verdeelung vum Räichtum.

Déi Ongläichheet kënnt fir d’éischt elo duerch eng Politik, déi de Räichtum ëmmer manner besteiert. Doduerch si massenhaft Suen den öffentléche Finanzen entzun an de Finanzmäert zougefouert gin. Déi, bei denen de Räichtum konzentréiert ass, déi bezuelen haut – fir et e bësse vereinfacht auszedrécken – keng Steiere méi, mee si verléinen dat esou gespuertent Geld un d’Staaten géint d’Zënsen.

Den aktuelle Finanzkapitalismus baséiert zu engem groussen Deel op der Verschëldung. Dozou kënnt en Deel Casinokapitalismus derbäi. Et get z.B. dervun ausgaangen, dass d’Spekulatioun op de Scholden duerch sougenannt Kreditausfall-Zertifikater dat 3-4facht vun den eigentléche Scholdschäner ausmaachen. Et ass duefir net esou dass 2008 d’Banke schëlleg waren an 2011 d’Staaten. Erfirgeruff sind déi zwou Krisen, déi vun der geplatzter Immobilieblos an déi vun der Scholdeblos, duerch déi selwecht Ursaach : Dereguléirung an domat Verselbstständigung vu private Profitintressen.

Och de permanente Réckgank vun de Léin par rapport zu de Profiter, duerch Flexibiliséirung a Privatiséirung, dréit derzou bäi, grouss Geldmassen op d’Finanzmärt ze bréngen an do d’Spekulatioun unzeheizen.
Dat verbessert awer d’wirtschaftléch Situatioun net, ganz am Géigendeel. Dat féiert zu enger Rezessioun an domadder zu manner Steiereinnahmen an zu méi Verschëldung.

Här President, Europa leit net ënner ze wéineg Geld, méi ënner zevill Geld wat schlecht ugeluecht ass. An Europa leit drënner dass iwer dat Geld net méi demokratesch gewielte Parlamenter entscheeden, méi d’Geldbesëtzer selwer. Dat gesäit een och bei der Aart a Weis wéi den europäische Krisemechanismus funktionéiert. Och hei sëtzen déi mat um Hiewel, déi des Kris verursaacht hun. D’Banke kënne quasi onbegrenzt Sue léinen bei der öffentlécher Zentralbank fir en erofgesaten Zënssaatz vun 1%. Fir se da weider ze verléinen fir deiert Geld, 7 Prozent fir italienesch Obligatiounen, vill méi nach fir griechescher.

Den Här Draghi, neien EZB-President, dee virdrun vermutlech selwer bei Goldmann Sachs der griichescher Regirung déi héich Scholden opgeschwat hat, huet viru kuerzem all Interventioun vun der Zentralbank fir eng Senkung vun dene Wucherzënsen ofgeleent.
Fir de Risiko awer stin déi europäisch Steierzueler an. Prêten am Kader vum soug. Europ. Solidaritéitsfong, vun denen d’Banke profitéiren, gin zousätzlech « gehiewelt », d.h. et gin allerhand Derivatproduiten drugehangen, esou wéi scho bei der amerikanescher Subprime-Kris.

« Dat wert et erlaben weider Ressourcen ze fannen fir d’Prêten auszedenen, fir d’Banken ze rekapitaliséiren a fir Obligatiounen op de primären an sekondäre Marcheën ze kaafen », heescht et an der Erklärung um Euro-Sommet vum 26.Oktober. Domat get awer och dee privaten Deel vum Finanzement vun dem Fong, fir den d’Staate jo riicht stoe mussen, laanscht d’Parlamenter geschleist.

D’Léiere sin also nach ëmmer net gezu gin. Et geet monter weider, och zu Lëtzebeuerg natirlech, wou ëmmer nei Finanzproduiten entwickelt gin, an Zukunft gin sougenannt dematerialiséiert Titeren agefouert (PL Nr. 6327).

Här President, Et geet net duer, wéi den Här Asselborn dat mécht, d’Notatiounsagencen ze kritiséiren an ze soen si dierften net méi no politesche Kritäre jugéiren.
Dee ganzen europäische System, dee ganzen, neien System vu gouvernance économique, déi ganz Conditiounen déi z.B. Griichenland operluecht gin, mat enger Troika aus Kommissioun, Zentralbank an Internationale Währungsfonds, ass den Ausdrock vun enger Diktatur vun de Finanzmärt.

De Soziolog Alain Joxe, dee rappeléiert, dass déi griechesch Demokratie virun 2600 Joer mat engem Verbued vun der Scholdversklavung vun de griichesche BIerger ugefang huet, schreift :
« La commission de surveillance de l’Union Européenne s’imagine déjà jouant le Résident Général d’un nouveau système d’asservissement : une mise en esclavage pour dette du peuple grec. »

An de Komponist Mikis Theodorakis an den Held vun der Resistenz Manolis Glezos, deen 1941 de Nazi-Fändel vun der Akropolis geholl huet, hun eng däitlech Warnung ausgeschwat :
« D’Hoffnung vu verschiddenen europäische Länner, selwer dervun ze kommen, beweist dass déi europäisch Leaderen vis-à-vis vun dem neie « finanzielle Faschismus » – tëschent Guillemets – et net besser maachen wéi déi virun hinnen, déi der Menace vum Hitler tëscht de béide Weltkricher ausgesat waren. »

Ech hu keng Zäit hei Alternativen opzezielen, déi Lénk huet dat op anere Plaatze gemeet. Si féiren op jidde Fall iwer méi Europa an iwer méi Kooperatioun an Europa.
Nach e Wuert zum Schluss zum arabesche Fréijoer.

Ech soe Merci fir d’Unerkennung vu Palästina an der UNESCO duerch Lëtzebuerg, mee wëll virun engem verstärten Afloss vun esou Länner wéi Saudiarabien oder Qatar an der Regioun warnen. Well déi hu mam arabesche Fréijoer näischt um Hutt.
Libyen léisst e battere Nogeschmaach an ech wëll virun enger neier Well vu militäresche Interventiounenr am Mëttleren Osten warnen, z.B. a Syrien an am Iran, och well ech 2003 hei an der Chamber d’Entwicklung vun der konstruéierter Kris em den Irak leider hu mussen hautno materliewen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe