SREL: déi Lénk net an der Kontrollkommissioun vertrueden

view video on chd.lu     

Déi gemeinsam Décisioun vun CSV, DP, LSAP an déi Gréng, keng aner politesch Partei an d’Kontrollkommissioun vum SREL zouzeloossen, ass aus enger reng geheimdéngschtlecher Vue eng konsequent Décisioun.

Wourëm geet et beim SREL ?

Laut Instruction de service ginn déi politesch an economesch Prioritéiten vum SREL vun der Regierung festgeluecht.

Dat sinn Informatiounen och um Gebitt vum sougenannten « Extremismus » a « Radikalismus » op politeschem, ideologeschem, konfessionnellen oder philosopheschem Terrain.

Et geet dobäi meeschtens net em konkret Tatbestänn mat penalem Hannergrond.

Neen, de SREL bewegt sech generell um Terrain vun de Meenungen an Tendenzen. E stellt Mutmaassungen un.

De fréiere Premier huet an der Debatt den 10. Juli 2013 vun der « Virtualitéit a Probabilitéit » als 1.Geschäftsweis vum SREL geschwat.

De Problem ass just, dass déi Methode vum SREL selwer guer net virtuell sinn.

Et sin och keng Methoden vun der wëssenschaftlecher Recherche, wéi eng Universitéit se mécht.

Neen, et si Methoden déi bis zur massiver Intrusioun an d’Privatliewe kënne goen.

° Et geet em Beobachtungen – mat oder ouni technesch Mëttelen wéi Kameraen oder Microen– am ëffentlechen oder am zougängleche private Raum, wéi Restauranten oder Caféen z.B.

° Et geet och em Observatiounen a private Wunnraim, och fir do Microen a Kameraen z’installéieren.

° Et geet drem Kommunikatiounen ofzelauschteren. An et geet drëm, technesch Dispositiven op Computeren z’installéieren fir kënnen erauszefannen wat do geschitt.

An Däitschland nennen se dat de “grosser Lauschangriff”.

Et ass net kloer wat elo scho gemeet get vun dene Saachen déi technesch méiglech sinn.

Ech fäerten: Et ass awer virgesin alles dat méiglech ze maachen an ze legaliséiren wann d’Reform vum SREL bis kënnt.

An et wert op déi nei Kontrollkommissioun ukommen, eventuell bedenklech Weiderentwécklungen vu ganz no ënner d’Lupp ze huelen.

Déi nei Hären vum Geheimdéngscht wäerten dat elo eleng maachen, just kontrolléiert vun deenen alen Häre vum Geheimdéngscht!

Och stellt sech d’Fro vun den effektive Kontrollméiglechkeete an Zukunft.

Mer hunn trotz grousse prinzipielle Bedenken, wat de SREL ugeet a seng Kontrolléierbarkeet, d’Proposition de loi an der Enquêtekommissioun ënnerschriwwen, déi d’Kontrollrechter vum Parlament erweidert.

Et war deemols kloer zeréckgewise gin dass sensibilités politiques sech kënnen un der Kontroll bedeelegen. Trotzdem hu mer am Intressi vun der Saach ënnerschriwwen.

Mer hun dat awer als e Ganzt ugesinn. Haut stëmme mer awer net iwwer erweidert Kontrollrechter of, wéinst deene mer ënnerschriwwen hunn, mee iwwer eng Zesummesetzung vun der Kontrollkommissioun déi mer net gutt fannen.

Et bleiwt also villes nach am Onkloren:

° Soll wierklech eng komplett an integral Berichterstattung vum Geheimdéngscht un déi Kommissioun méiglech ginn?

° A wa jo, mécht deen Direkter sech strofbar wann sech erausstelle sollt dass en d’Kommissioun belunn huet?  

° Dat wier nämlech de noutwendege Pendant zur penaler Responsabilitéit – bis zu 5 Joer Prisong – déi jiddwer Deputéierten riskéiert, deen an déi Kontrollkommissioun geet, obschonn e vum Vollek gewielt ass fir d’Regierung ze kontrolléieren; net ze schwätzen vu senger Schweigeflicht déi en huet, esouguer vis-à-vis vu senge Kollegen Deputéierten aus sengem groupe politique, scho guer net ze schwätzen vun engem groupe technique, wat jo ondenkbar wir.

° Wéi wäit kënnen d’Memberen vun deër Kommissioun wéinstens kollektiv no bausse kommunikéiren ?

Alles dat ass nach net geklärt.

D’Gefor ass also grouss dass och dës Kommissioun – wéi déi al – eng Alibikommissioun get, déi riskéiert sech mat Verantwortlech ze maachen fir dat wat geschitt.

Mer waren och deemools – a sinn och haut nach – virun allem der Meenung dass d’Enquêtekommissioun nach laang net an hirer Aarbecht fäerdeg wir a misst erëm mat schaffen ufänken. Well si huet ganz aner Méiglechkeeten, och no baussen, wéi eng Kontrollkommissioun.

Mer kommen dorobber nach an de nächste Wochen zréck wa mer prozedural gesinn – dat ass beim nächste Punkt vun der Dagesuerdnung ze decidéieren – eis Resolutioun kënne mat 2 Ënnerschrëften areechen.

Bei de Voten haut de mëtten stëmme mer:

1. fir dat Gesetz wat der Chamber d’Zesummesetzung vun der Kontrollkommissioun iwwerléisst ;

2.géint dee Virschlag vun der Chambermajoritéit am Chamberreglement,  d’sensibilités politiques, d.h. déi kleng Parteien, aus der Kontrollkommissioun auszeschléissen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe