Sie muss am Alldag an op alle Niveaue gelieft ginn : op de Stroossen, an de Schoulen, op der Aarbecht an an den Associatiounen. Déi demokratesch Erneierung vun ënne muss ugestouss a begleet ginn. Si baut op um demokrateschen Engagement vun de Biergerinnen a Bierger a muss duerch e fréit Erléiere vun den demokratesche Praktike gefërdert ginn. D’Institutioune mussen den demokratesche Wëlle vollstänneg erëmspigelen.