Villméi muss d’Wirtschaftspolitik Kompetenzpolen entwéckelen déi och laangfristeg eng Perspektive bidden a konsequent op Diversifikatioun setzen. D’Méiglechkeeten déi d’Land an d’Groussregioun bidde fir eng positiv ekonomesch Transitioun sinn net ze ënnerschätzen. Sie mussen Deel si vun enger méi breeder Diskussioun iwwert onse Gesellschaftsmodell, déi och d’Fro vum zukünftege Wuesstem thematiséiert.