Dat heescht och, datt en d’Responsabilitéit huet dofir ze suergen, datt d’Wunnen bezuelbar ass. De Staat muss éischten Acteur um Wunnengsmaart sinn an e grousse Wunnengspark ënnerhalen, deen virun allem op d’Locatioun ausgeriicht ass. E muss de private Marché reguléieren, d’Erhéijung an d’Diversifikatioun vun der Offer begleeden an eidel stoend Wunnenge mobiliséieren. Donieft muss en och d’Rechter vun de Locataire stäerken a garantéieren.