Participatioun, Transparenz a Rechenschaftspflicht sinn zentral Konzepter vun enger gudder Gemengepolitik. Déi participativ Demokratie muss gestäerkt ginn duerch ëffentlech Consultatiounen an Elementer vun direkter Demokratie. gläichzäiteg hunn d’Gemengen eng eminent wichteg Roll ze spillen bei dem Erhalt vun der sozialer Kohesioun an der Liewensqualitéit, sou wéi beim Ëmweltschutz.