Sie muss dofir och dee Stellewäert kréien, deen se verdéngt. All Mënsch muss kënnen un der Aarbecht Deel huelen an huet e Recht op eng sécher Aarbecht, eng korrekt Bezuelung, déi et engem erlaabt uerdentlech ze liewen, a respektvoll Aarbechtskonditiounen. Mir hu kollektiv d’Méiglechkeet dofir ze suergen, datt jidderee vum geschaafene Räichtum ka profitéieren duerch eng gerecht Verdeelung vun de geschaafene Wäerter an enger méi solidarescher Verdeelung vun der Aarbecht.