Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg

Konterbont

(journal électronique en luxembourgeois – projet de Autisme Luxembourg asbl)

1. D‘Präisser vun de Wunnengen an Terrainen zu Lëtzebuerg klamme weider a weider. Datselwecht gëllt och fir d’Loyeren. De Problem ass schonn laang bekannt a sécherlech gëtt et net déi eng Zaubermossnam, fir dësem Trend entgéint ze wierken. Nennt eis 3 konkret Moossnamen, déi Är Partei ëmsetzen géif, wann si an der nächster Legislaturperiod an der Regierung wier.

déi Lénk proposéiere folgend 3 konkret Moossname fir der Wunnengkris zu Lëtzebuerg entgéint ze wierken:

1) Bestand mobiliséieren – zu Lëtzebuerg gëtt de Bestand vun eidelstoende Wunnengen op 10.000 – 20.000 geschat, mee offiziell Zuele ginn et dozou net.

Do sollt d’ëffentlech Hand op d’Proprietären duergoe fir mol erauszefanne wisou se Wunnraum oder Bauterrain’en zréckhalen. An engem nächste Schrëtt soll dem Proprietär Hëllef ugebuede gi fir säi Logement ze verlounen oder ze verkafen – z.B. iwwert eng gratis ëffentlech Immobilienagence – resp. déi Wunneng ze renovéieren, woubäi e neien ëffentleche Bauträger dës Aufgaben iwwerhuele kéint. Sollt et kee valabele Grond gi firwat eng Wunneng eidel steet oder en Terrain net bebaut gëtt, sollte progressiv steigend Taxen erhuewe ginn.

2) D’Rechter vun de Locataire stäerken – ëmmer méi Leit lounen zu Lëtzebuerg, vill dovunner well se sech keng eege Wunneng kënne leeschten. Vu datt d’Offer am Locatiounsberäich zimlech begrenzt ass, sollt een d’Locataire besser iwwert hier Rechter opklären, wéi z.B. datt de Loyer vum Gesetz hier gedeckelt ass.

Des weidere soll och d’Präisdeierecht vun de Loyer’en just nach un d’Entwécklung vun de Liewenskäschte gebonne ginn, an net méi un d‘Präisser vun der Immobiliëspekulatioun. déi Lénk hunn am Mäerz dëst Joer en entspriechende Gesetzvirschlag an der Chamber deponéiert. E weidere Gesetzesvirschlag vun eis, dee schonn am November 2016 deponéiert gouf (a bis haut nach net zum Vote an der Chamber komm ass), huet zum Zil, d‘Kautioun op 1 Mount Loyer ze begrenzen, an d’Käschte vun der Immobilienagence vum Opdraggeber (meeschtens de Proprietär) iwwerhuelen ze loossen.

3) Den ëffentleche Wunnengsbau massiv ausbauen – Et feelt massiv un ëffentlechem an adaptéiertem Wunnraum zu Lëtzebuerg nodeems jorelaang dem sougenannte fräie Maart d’Rudder iwwerlooss ginn ass. Fir deem entgéint ze wierke sollt eng grouss ugeluechte Wunnengsbauinitiative gestart ginn. Fir datt do och keen ze kuerz kënnt soll mat enger Bestandsopnam ugefaange gi fir festzeleeë wéi eng Zort vu Wunnraum gebraucht gëtt. D’Ausféierung vun dëser Bauinitiative sollt e neien ëffentleche Bauträger iwwerhuelen deen sech ëm alles këmmere géing (Planung, Finanzéierung, Ëmsetzung, Vermëttlung, asw.). Et sollen och keng ëffentlech Wunnenge méi verkaf gi mee just nach verlount ginn. D’Finanzéierung kéint zu engem gudden Deel vum Pensiounsfong (FDC) iwwerholl ginn.

2. D’Bevëlkerungszuel vum Land wiisst ëmmer méi, d’Fläch vum Land net. Misst ärer Meenung no zu Lëtzebuerg net vill méi an d’Héicht gebaut ginn?

Et ass kloer, dass besonnesch an de Stied méi muss an d’Héicht gebaut ginn. Deementspriechend steet da méi onbebaute Fläch zur Verfügung, fir Gréngs a kollektiv Notzung. Gläichzäiteg an d’Héicht bauen a verdichten a versigele geet natierlech net. D’Mënsche mussen an hirem Quartier dobausse Raum hunn fir sech ze entfalen, sech auszetauschen an eng Verbindung zur Natur ze ënnerhalen. Et ass alles eng Fro vun der Organisatioun vum Terrain, deen am Kader vun engem PAG an deene jeeweilege PAP‘en  zur Verfügung steet.

3. E ganz akute Problem hu mir am Beräich vun de Sozialwunnengen. Laut Caritas feelen der am ganzen 30.000 zu Lëtzebuerg. Doduerch datt d’Bauland zu Lëtzebuerg ëmmer méi knapp gëtt, sinn och déi ëffentlech Promoteure massiv an hirer Gestaltung ageschränkt. Wat fir eng Moossname missten ärer Meenung no geholl ginn, fir dëse Problem ze meeschteren?

Bei der uewe genannter Wunnengsbauoffensive – wou natierlech och de Manktem u Sozialwunnenge muss entscheedend bekämpft gi – brauch et och deementspriechend genuch Bauland. Duerch d’Aschreiwe vum Prinzip „Eigentum verpflichtet“ an d’Verfassung (wéi et z.B. an Däitschland de Fall ass) soll eng Responsabilitéit vun der Proprietäre vun Terrain‘en géintiwwer der Allgemengheet agefouert ginn. Dat soll och erlabe méi grouss Flächen u Bauland méi einfach zu Gonschte vun der ëffentlecher Hand ze mobiliséieren.

Et soll och méi vum Virkafsrecht gebraucht gemaach ginn dat d’Gemengen an och de Staat hunn wann z.B. Bauland verkaf gëtt. Fir dat Ganzt ze finanzéiere stinn de Gemengen z.B. staatlech Bäihëllefen zu Verfügung (pacte logement) wouduerch bis zu 75% vun de Käschte vum Staat iwwerholl ginn. Et sollt och iwwerluecht gi fir eng Taxe um Wäertzouwuess anzeféieren am Fall wou en Terrain a Bauland ëmklasséiert gëtt, wat eng Wäertsteigerung ëm datt Villfacht mat sech bréngt.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe