DEINE FRAGE: Zwëschefruucht als Agrokraftstoff?

FRAGE:

Vor- und Nachnamen der Fragesteller werden anonymisiert.

Hallo,
dir schréift am Kapitel “sozial-ökologische Zukunftsplanung” beim Punkt 15:
“für den Stopp der Produktion von Agrokraftstoffen.”
Generell ginn ech iech do Recht, wann et em Planze geet, déi een kann iessen – déi gehéieren op den Teller an net an den Tank. Allerdengs existéieren gewëss Planzen, déi een als Zwëschefruucht kann uséinen an se energetesch notze kann. Géif de Stopp och fir déi gëllen?
Ech fannen et iwwregens gutt, datt dir den Terme “Aggrokraftstoffe” benotzt an net “Biokraftstoffe” – et kann een nierft Biogas och “Treibstoff” a Bioreakteren gewannen a menger Meenung no sollt Lëtzebuerg an déi Richtung fuerschen an ausbauen.

ANTWORT

Léiwen Här A.,
Merci fir Är Fro.
Et geet eis bei der Fuerderung vum “Stopp der Produktion von Agrokraftstoffen” dorëms, ze verhënneren dat Landflächen just fir d’Produktioun vun deene Stoffer benotzt ginn.
Natierlech soll d’Verwennen vun ‘Reschtproduiten’ fir Agrokraftstoffer méiglech bleiwen, d.h. dat Nieweproduiten, déi bei der Ernährungs-Produktioun souwisou entstinn fir sou Zwecker verwennt ginn dierfen. Et geet eis an eiser Fuerderung awer dorëms, dat keng Landflächen alleng/bzw. mam Haaptzil fir d’Produktioun vun Agrokraftstoffer benotzt ginn sollen.

Mir hoffen, domadder Är Fro gekläert ze hunn.
beschte Gréiss

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe