lundi, 12 septembre 2011

« Der Krieg der Banken gegen das Volk »

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Den Här Finanzminister huet gëschter hei gesot, de groussen Test fir d’Politik wir, wann d’Länner an de nächste Joren op d’Finanzmäert Sue wäerte léine goen.

En huet domat an ausseruerdentlech kloerer Form däitlech gemeet, ween – vun der Politik oder vun de Finanzmäert – an Europa regéiert.

Déi dätsch TAZ schreift viru kuerzem:

« Nicht nur Staaten, sondern auch die Parlamente sind postsouverän geworden. (…) Statt Gewalt herrscht Sachzwang, Haushaltsdisziplin und Expertentum. Parlamente und Parteien haben sich gänzlich der Logik der Märkte unterworfen und ihnen ihre hoheitlichen Kompetenzen überlassen. Das Kriterium für gutes Regieren lautet nun : Wie reagieren die Märkte ?”

Wéi Politik sech sougenannte Sachzwäng upasse kann, ass déi geplangte Budgetsreform vun der Regierung.

Op Aluedung vum Ministär vum Här Frieden huet d’OECD elo e Rapport iwwer d’Budgetsprozedur zu Lëtzebuerg verfaasst, an dem se eng Rei vu Recommandatioune mécht.

Déi Recommandatioune sinn den 22.November der Finanzkommissioun an der Budgetskontrollkommissioun virgestallt ginn.

Ech si net Member an deene Kommissiounen, well awer aus deenen Dokumenter e puer Conclusiounen ervirsträichen, déi mer wichteg schéngen fir dee Verloscht u Souveränitéit vun der Politik ze illustréieren.

– D’OECD-Experten schloen z.B. fir, déi staatlech Investitiounsfongen opzeléisen.

– Domat giffe Suen fir d’Zukunft agespuert ginn, gëtt gesot, fir d’Schold haut ze senken. Wee profitéiert dervun? Natierlech déi räich Geldbesetzer a Créanciere vun de Staaten! Zukunft gëtt geopfert.

– A well déi Schold zu Lëtzebuerg esou niddreg wir, sollten d’Suen aus den Investitiounsfonge och geholl gin fir entweder an de Pensiounsfong vun der Rentekeess ze stiechen oder, wann dee keng zousätzlech Sue brauch, domat e Rentesystem fir d’Staatsbeamten ze schaafen, deen um Kapitalisatiounsprinzip berout. A béide Fäll profitéiere jo dann d’Finanzmäert.

– Wann da nach Iwwerschëss am Budget sin, da sollen d’Steiere gesenkt gin.

Här President,

d’Salariatskummer seet an hirem Avis zum Budget dass Stabilitéitsprogrammer a Scholdebremsen eigentlech zum Ziil hun fir d’ëffentlech Depensen an d’Steierbeiträg ze senken an ze verhënneren dass de Staat Iwwerschëss behält mat deene e Politik maache kann.

Esou eng Politik gëtt gedeelt vum Finanzminister Frieden, deen gëschter nach hei formell bei senger Duerstellung zur Dexia-Affär d’Thes opgestallt huet, et misst een ëmmer fir d’éischt eng Léisung mam Privatkapital fannen.

Dat ass eng reng ideologesch Haltung, Här President, wéi een se vun him als Moartradikalen an als onflexiblen Virspriecher vun der Finanzmäert gewinnt ass.

Ech well nach zwee weider kuerz Beispiller aus eiser budgetärer Zukunft zitéieren, wéi se der OECD an dem Finanzministère virschwieft:

-Et get virgeschloen eng Regel anzeféieren déi verhënnert dass de Budgetsequilber duerch nei Steieren erëm kann hirgestallt ginn.

Zesumme mat enger Bannung vun den Dépensen un d’Entwécklung vum PIB giff esou d’Part vum Staatsbudget um geschafene Räichtum no uewen agefruer gin.

-D’Chamber giff och nëmmen e Budget no grousse Richtlinnen virgeluecht kréien, deen se während e puer Joer net méi verännere kéint, an déi eenzel Ministère giffen eng Deckelung vun den Depensen imposéiert kréien.

Wat dat bedeit fir déi historesch erkämpfte Souveränitéit vun der Chamber iwwer hire Budget, muss sech nach erweisen. Ech fäerten éischter dass sech hei en historesche Réckschlag ukënnegt.

Déi Budgetsreform, déi de Minister elo mat der Chamber diskutéiere well, gräift och schon den europäischen Diskussiounen iwwer eng konstitutionell Budgetsnorm, déi sougenannt gëlle Regel, fir – déi iwwregens an Amerika vum Reagan an den 80er Joren agefouert gouf.

An de nächste Méint a Woche gin zu Bréissel offensichtlech d’Weiche fir eng autoritär europäesch Regierungsform geluecht, déi net demokratesch legitiméiert ass an esouguer géint bestehend Verträg verstéisst (z.B. bei der 2/3 Majoritéit fir eng Sanktioun vun der Kommissioun zeréckzeweisen).

D’Lëtzebuerger Regirung spillt do eng federführend Roll.

Den Här Frieden huet och gëschter hei och onmëssverständlech d’Argumentatioun vun de Ratingsagencen iwwerholl, déi just zum falschen Zäitpunkt – sot en – den Triple A fir d’Euro-Länner an hire Rettungsschierm erofgesat hätten.

Mee och den Här Juncker ass en Exponent vun deeër Politik, z.B. wann en als Eurogruppechef vu Bréissel aus der Lëtzebuerger Regierung par personnes interposes Oplage mécht, wéi se sollen d’Rente verschlechteren, den Index manipuléieren an den ëffentlechen Déngscht verschlechteren, dat alles fir de Lounniveau hei am Land ze senken, angeblech well en der Produktivitéit an der Kompetitivitéit vun eiser Economie am Wee steet.

Do notzen all Etuden vun der Chambre des Salariés näischt, déi de Contraire beweisen, do spillt just den Diktat vun de Finanzmäert – a gëtt duerfir och prinzipiell esou akzeptéiert.

Här President,

d’Opbausche vum Staatsdefizit geschitt an Europa ganz kloer mam Zil, strukturell Reformen duerchzesetzen. Duerfir och all déi Epressungsmanöver vun de Ratingsagencen. “Der Krieg der Banken gegen das Volk” ass en Artikel vun haut an der groussbiergerlécher dätscher FAZ iwertitelt.

Do spillt eng Dramaturgie, déi besonnesch am Fall vu Lëtzebuerg komplett iwerzun ass.

D’Halschecht vum Staatsdefizit kënnt aus der Ënnerstëtzung vum Bankesecteur 2008 an 2011.

A wann ee weess, dass 2,7 Milliarden während 20 Joer engagéiert bleiwe mussen fir d’bad bankvun der Dexia mat Staatsgelder ze garantéiren, do wou déi toxesch Fongen dra lageren, da gesäit een wéi verréckt déi Politik ass.

D’Regirung – och d’LSAP an hir – hellt awer dru fest, fir 2014 d’Scholden op Null ze setzen an dono esouguer e Boni – “e Produit”, wéi dat am Maastricht-Jargon heescht -, aus dem Budget erauszeschloen. Dat ass zwar géint all wirtschaftlech Logik, an entzitt dem Land Substanz.

Keen anere wéi den Här Sold seet haut am Leitartikel am Tageblatt:“Und wie ärgerlich, das eine LSAP hilft, nicht wir sagten es, sondern Stiglitz (gëschter am Tageblatt), Luxemburg tiefer in die Rezession zu stürzen. Das war nie ihr Auftrag”.

D’Regierung well mat allerhand Organisatioune schwätzen. Wouriwwer? Iwwer Transferten vun universal Sozialrechter an iwer selektiv Sozialpolitik déi Plooschtere verdeele soll.

No de Verschlechterunge beim “bëllegen Akt”, déi wäerte substantiell grad fir déi ausfalen, déi sech eng ekologesch Erneierung vun hirem Haus net leeschte kënnen, gëtt offensichtlech d’Aaxt ugesat bei de Steierabattementen. Do wäert et also zu substantielle Verännerunge kommen, wat d’Steierlaascht emfindlech fir d’Stéit wäert an d’Lut setze kéint.

Dann zu de Familljenzoulagen.

Hei gouf jo scho kräfteg an der Vergaangenheet gespuert duerch Desindexéierung.

Ech muss soen, ech akzeptéiere net wann eng Spuermoossnam als eng Moossnam vu sozialer Gerechtegkeet hirgestallt gëtt.

Well ee Besserverdinger schued engem Klengverdinger net wann e Kannergeld kritt. Kritt en et awer ewech geholl, fällt och déi noutwenneg Solidaritéit am Salariat, da wann d’Kannergeld emol gekierzt get.

Et as e bësse wéi beim Index. Beim Index giff grat d’Patronat am Bankesecteur vun engem gedeckelten, fälschlecherweis sozial genannten Index profitéieren. An duerch eng Politik vu niddrege Steieren op Gewënner, Kapital an héije Léin profitéiere virun allem déi Besserverdingend, esouguer wann hirt Kannergeld giff matbesteiert ginn.

Gerecht ass eng Steierpolitik déi de Räichtum wierklech besteiert an net zu enger ëmgekéierter Ëmverdeelung vun indirekten zu direkte Steieren – an elo soll d’TVA erem erhéicht gin – a vu Steieren op Betriber an um Kapital zu Steieren op de Stéit.

Wéi déi Lénk awer dacks hei nogewisen huet, ass et an der Steierpolitik zu enger Verdeelung no uewe komm, och wann et nach ëmmer eng staark ofgeflachte Progressivitéit bei der Akommessteier gëtt:

Wann 10% vun den Akommesbezéier 50% vun der Steier bezuelen, da weist dat op déi grouss Akommessënnerscheeder hin.

Et misst emol nogewise gin, wivill méi Steiere mer hätten bei enger méi staarker Progressivitéit, déi awer vun der Regierung ausgeschloss gëtt.

D’Regierung schléisst jo och aus, de Plafong vun 5mol de Mindestloun bei de Kotisatiounen fir d’Krankekeess ze erhéigen an bei der Fleegeversécherung, wou et dee Plafong net gëtt, léisst se zou dass verschidde Patronen – ween eigentlech? – keng Donnéeën iwwer Léin vu méi wéi 5mol de Mindestloun liwweren.

Wéi wéineg de Räichtum besteiert gëtt gesäit een bei der Taxe d’abonnement, deeër Tax déi um Emsaatz vun der Fongenindustrie erhuewe get. Dat ass déi Industrie déi duerch dee gewaltegen Ëmsetz vun 2.000 Milliarden Euro vu Lëtzebuerg aus – Lëtzebuerg ass eng Plaatz déi do an der Welt zielt – eigentlech am Mëttelpunkt vun dem steet wat een als Finanziariséirung vun der Wirtschaft bezeechent a wat kloer um Ursprung vun der aktueller Finanzkris steet.

Wann op 14.000 Euroen Avoiren an engem Fong awer nëmmen 1 Euro Steiere bezuelt gin, da mécht dat an der Somme sécherlech vill aus. Mee et entsprécht awer och engem dérisoiren Besteierungstaux, deen reng theoretesch bei 0,05 oder 0,01% je no Produit läit, an der Praxis awer vill méi déif ass.

Firwat gëtt keng Erhéijung vun denen Tauxen an d’Aa gefaasst? Et ass awer kee Problem fir z.B. d’Autostax ze erhéijen.

Och bei der Rentereform geet et natierlech ëm Leeschtungskierzungen oder méi laang schaffe goen, respektiv e lukrative Marché fir privat Zousazrenten. Méi al ginn d’Leit och bei privaten Assurancen, mam Ënnerscheed allerdings dass do keng Solidaritéit herrscht, mä nëmmen de Portmonni, niewent anere Nodeeler, déi en demokratesch matverwaltene Pensiounssystem net kennt.

A bei der Reform am ëffentlechen Déngscht grad esou wéi bei den Diskussiounen ëm den Index, an och bei villen aarbechtsrechtleche Froen, geet et just nëmmen ëm d’Senkung vun der Lounmass a vun de rechtleche Systemer déi se, onofhängeg vun der Präisbildung op de Mäert, fixéieren.

All déi Froen wäerten am nächste Joer am Mëttelpunkt vun de sozialen Ausenanersetzunge stoen, an ech menge net dass déi vu grousser Kompromëssbereetschaft op béide Säite wäerte gekennzeechent sinn.

Et kënnt ee nach laang weiderfueren, ech well awer elo nach kuerz eppes zur wirtschaftlécher Zukunft soen.

Dozou – a net zu de sozialen Ëmverdeelunge – misst e breed ugeluechten Dialog stattfannen.

De Minister presentéiert eis dat awer als eng Saach ouni Alternativ. TINA, there is no Alternativ, dat war schonn de Motto vun der Mme Thatcher.

Mär als déi Lénk akzeptéieren awer net, Här President, dass engersäits Budgetsfongen gestrach solle gin, dass och de Fong vun der Rentereserv, an der Héicht vun engem Staatsbudget, op den international Finanzmäert plazéiert gëtt, mol mat héijen, mol mat niddregen Erträg, dass awer op der anerer Säit Kapital op den ganze Globus ugezu get fir hei héich Renditen ze erzilen an dacks ofzebauen, wéi mer dat bei ArcelorMittal gesinn hunn, dat fanne mär net méi normal.

Et ass och net normal dass déi eelste lëtzebuerger Schalterbank, vun deeër vill Gemengen ofhänken, an enger Nacht un d Nebelaktioun, an engem Staatsdeal – wéi ass et mam Prinuzip Les traits secrets son abolis – un e Staatsfong vun engem anere Land verkaaft gëtt, ouni dass emol nëmmen de Geschäftsmodell vum Här Frieden ugekënnegt gi wier.

Hinn an hir gerappt vun deene verschiddenste privaten Intressen, sech selwer ëmmer méi budgetär Mëttelen huelend, huet de lëtzebuerger Staat geschwë keng Moyenen méi fir am intérêt public eng Wirtschaftspolitik ze maachen, och am Kader vun der Groussregioun deen entscheedend wichteg ass.

Et gëtt wuel Limite fir eng eegestänneg Wirtschaftspolitik an engem klengen, oppene Land. Mä mer sin der Meenung, dass vill Chance verpasst goufen, fir déi bestehend Mëttelen – an zu Lëtzebuerg sinn an all deene Joren vill Suen zesummekomm – ëffentlech an demokratesch anzesetzen.

Déi Budgetspolitik hei bidd dem Land keng Zukunft a suergt dogéint fir sozial Zerrassenheet. Ech stëmme natirlech dergéint.