5 Mesurë fir de soziale Fortschrëtt.

déi Lénk gesi 4 sozial Urgencen, déi behuewe musse ginn:

  • De Chômage, den trotz der Schafung vu villen Aarbechtsplazen héich bleift. Besonnesch Laangzäitchômeure verléieren all Perspektiv a rëtschen a gi sozial ausgegrenzt.
  • De Mindestloun, dee kee gutt Liewen erméiglecht an ënnert der Aarmutsgrenz läit. Lëtzebuerg huet haut 12% working poor, ee vun den héchsten Taux’en an Europa.
  • D’Aarbechtszäit an d’Ufuerderungen an der Aarbechtszäit, déi de Leit ëmmer manner Erhuelungschance an Autonomie an hirem Liewen erméiglecht. D’Konsequenz dovunner si Stress a Krankheet, mee och feelend Zäit fir Famill a Frënn.
  • D’Kannerbetreiung, déi haut ëmmer méi zu engem lukrative Geschäft gëtt a sou fir vill Famille mat Kanner net méi sou accessibel ass, wéi e Service public et sollt sinn.

 

Ausgoend vun dëse Schiflagen hunn déi Lénk Mesuren ausgeschafft am Beräich vun der Aarbecht, der Sozial- an der Familljepolitik. Déi 5 Mesuren, déi haut op der Pressekonferenz virgestallt goufe sinn déi wichtegst, mee an eisem Programm si weider Virschléi developpéiert ginn, fir des Mesuren ze begleeden.

Déi 5 Mesurë sinn:

  • Aarbecht gerecht opdeelen an de Leit e Recht op méi Fräizäit ginn. D’Wochenaarbechtszäit op 32 Stonne reduzéieren.
  • E wierklecht Recht op Aarbecht schafen. De Staat muss dëst Recht garantéieren andeem en d’Roll vum Employeur en dernier ressort iwwerhëlt.
  • D’Aarbecht opwäerten an d’Aarmut verhënneren. De Mindestloun soll an zwou Etappen op 2380€ klammen.
  • Méi Zäit fir d’Famill an eng gendergerecht Kannererzéiung erméiglechen. D’Dauer vum Congé parental fir all Elterendeel verduebelen.
  • D’Qualitéit an den Accès zu der Kannerbetreiung fir all Famill garantéieren. Fir eng gutt a gerecht Betreiung vun alle Kanner.

Weider Informatiounen iwwer des Mesurë sinn op eisem Programmsite 2018.dei-lenk.lu ze fannen.

logo European Left logo GUE/NGL logo Transform! Europe