Agenda.


Event Details

  • Date:

Diskussiounsowend: Aarmt Lëtzebuerg, räicht Lëtzebuerg

En Diskussiounsowend organiséiert vun déi Lénk Norden

An engem vun de räichste Land vun der Welt si bal ee Véierel vun der Populatioun an deene leschten 10 Joer mindestens eng Kéier vun Aarmut betraff gewiescht. Méi wéi 10 Prozent vun der Bevëlkerung liewen dauerhaft an der Aarmut. An och schaffe schützt net virun Aarmut. Mee Aarmut trëfft net jidderee gläich.

Et si méi Leit mat Migratiounshannergrond aarm wéi ouni, elengerzéiend Frae sinn éischter vun Aarmut betraff wei Männer, an ëmmer méi Kanner riskéiere schonn an Aarmut opzewuessen. An och d’Forme vun Aarmut ënnerscheeden sech. Während bei deenen engen et oft net méiglech ass zum Schluss vum Mount déi 2 Enner beieneen ze kréien a soumat hiren Zougang zum gesellschaftleche Liewen erschwéiert gëtt, verléieren anerer hier Wunneng a mussen an Noutstrukturen oder op der Strooss liewen. Mee wat sinn d’Grënn dofir a wat kann ee maachen?

Doriwwer schwätze mer den Donneschdeg 31. Mee um 19:30 Auer an der Aler Seeërei • rue de l’industrie (hannert dem Ciné Scala) • Dikkrech • mam René Schlechter (Ombudsmann vir d’Rechter vum Kand), Jhang Krier (Actioun 200 Schlofsäck ), Carole Thoma (Spriecherin vun déi Lénk) a mam Martine Bretz (Directrice vum Centre pour familles monoparentales)

Leedung vun der Diskussioun : David Angel (woxx Journalist an OGB-L Mataarbechter)

Télécharger flyer