Agenda.


Event Details

  • Date:

Diskussiounsowend: Aarmt Lëtzebuerg, räicht Lëtzebuerg

En Diskussiounsowend organiséiert vun déi Lénk Osten

An engem vun de räichste Land vun der Welt si bal ee Véierel vun der Populatioun an deene leschten 10 Joer mindestens eng Kéier vun Aarmut betraff gewiescht. Méi wéi 10 Prozent vun der Bevëlkerung liewen dauerhaft an der Aarmut. An och schaffe schützt net virun Aarmut. Mee Aarmut trëfft net jidderee gläich.

Et si méi Leit mat Migratiounshannergrond aarm wéi ouni, elengerzéiend Frae sinn éischter vun Aarmut betraff wei Männer, an ëmmer méi Kanner riskéiere schonn an Aarmut opzewuessen. An och d’Forme vun Aarmut ënnerscheeden sech. Während bei deenen engen et oft net méiglech ass zum Schluss vum Mount déi 2 Enner beieneen ze kréien a soumat hiren Zougang zum gesellschaftleche Liewen erschwéiert gëtt, verléieren anerer hier Wunneng a mussen an Noutstrukturen oder op der Strooss liewen. Mee wat sinn d’Grënn dofir a wat kann ee maachen?

Doriwwer schwätze mer den Donneschdeg 8. Mäerz ab 19:00 Auer am Kulturhuef • 54, rte de Trèves • L-6793 Grevenmacher zesumme mam René Schlechter (Ombudsmann vir d’Rechter vum Kand), Martine Drauden (éducatrice graduée am Beräich sans-abrisme), Joëlle Loos (Member vun ATD Quart Monde) a mam David Wagner (Deputéierten vun déi Lénk).

No der Diskussioun gëtt et nach Musék vum Pascal vu Wooltz (organiséiert mat der frëndlecher Ënnerstëtzung vu Grape Sound Collective).

Fir Iessen a Gedrénks ass och gesuergt.

Kontakt: info.osten@dei-lenk.lu