Agenda.


Event Details

  • Date:

Infoversammlung iwwert Wunnengskris an een neit Loyersgesetz

Datt et zu Lëtzebuerg eng akut Wunnengsnout gëtt, weess jidderee – just d’Regierung wëll et net zouginn, soss misst se nämlech eppes do dergéint maachen. Dat mécht se awer net!

Et gëtt awer Méiglechkeete fir eppes géint Wunnengsnout ze maachen. Mir hu Virschléi a wëllen déi mat iech diskutéieren.

Mee, mir schwätzen net nëmmen, mir handelen och. Sou hunn déi Lénk Ufank Mäerz eng Gesetzespropositioun an der Chamber eragereecht, fir l’Lokatäre besser ze schützen. Wat steet an der Gesetzespropositioun a wat geschitt domat; och doriwwer wëlle mir mat iech schwätzen.

Informatiounsversammlung iwwert d‘Wunnengskris an een neit Loyersgesetz

Een Dënschdeg, den 29. Mee 2018 um 19:00 Auer zu Altwies.

Café Relais d’Altwies
46, Route de Mondorf
L- 5670 Altwies

Jiddereen ass wëllkomm!