Agenda.


Event Details


Workshop iwwer kommunal Sozialpolitik

déi Lénk Gemeng Suessem lueden an zu engem

Workshop iwwer kommunal Sozialpolitik

mat ageluedenen Experten aus deene verschiddene Beräicher vun der kommunaler Sozialekonomie:

(-) Gary Diderich iwwer économie solidaire

Administrateur-délégué vu 4motion asbl

(-) Jos Piscitelli iwwer épicerie solidaire

Coordinateur-délégué vun « Eis Epicerie Zolwer”

(-) Gilles Ramponi iwwer Wunnengspolitik an de Gemengen, gestion locative sociale an den Office Social

Responsabel fir de Service Logement vum Office Social Nordstad

(-) Eric Weirich iwwer alternativ Wunnformen

Member vun der Plattform Adhoc habitat participatif.

Si versichen eng Äntwert ze fannen zur Fro:

Wéi kann een op Gemengenniveau eng Sozialpolitik maachen déi d’Aarmut net nëmme geréiert mee och alternativ an innovativ Weeër aus der Aarmut entwéckelt.

Déi Veranstaltung ass och op fir Interessenten aus anere Gemengen.

Rendez-vous den Samschden 6. Mee vun 9.30 bis 12.00 Auer
am CENTRE CULTUREL BELVAUX/METZERLACH rue Sigefroi L-4407 Belvaux (Bieles).